Geseemsbourse
Den 29. Mäerz 2025 hu mir eis éischt Geseemsbourse an der Gemeng organiséiert. D’Matgesfeld hat sech iwwert de Weekend an eng Plaz fir passionéiert Gärtner·innen, lokal Produzent·innen an all Persoun, déi virwëtzeg ass a méi iwwert Geseems an nohaltegen Ubau wësse wëll, verwandelt.
Mat dobäi ware SEED (Geseems aus Lëtzebuerg a Knueweleksortiment), Kraut vum Bauer mat hiren Hanfproduiten, den Exposant Fiedmunt Sonnemann vun der Königsfarm Hunsrückm, een Infostand mat Echantillonen, een Tauschdësch fir Geseems an et si Gaardeberodunge vun Expert·innen offréiert ginn.
Fotos: Max Staus