Atelieren a Workshops um Scheierhaff
E Mëttwoch, den 2. Abrëll 2025 haten d’Minettsfrënn (déi 4 Ententen aus eiser Gemeng) zesumme mat de Sport- a Kulturveräiner aus eiser Gemeng eng ganz Partie verschidden Atelieren a Workshops fir d’Schoulkanner aus de Cyclen 1 bis 4 organiséiert.
Och dëst Joer konnten d’Schoulklassen un enger ganzer Partie Atelieren deelhuelen, dorënner Liichtathleetik, Fussball oder Dëschtennis. Bei de Scoute goufen et Marshmallows iwwert dem Feier, bei de Pompjeeën duerften déi Kleng mam Waasserschlauch hantéieren a bei natur&ëmwelt gouf et en Abléck an d’Welt vun den Déieren an hirem Liewensraum.
Vu Beweegung iwwer Kultur bis Opklärungsaarbecht war fir jiddereen·t eppes dobäi. D’Kanner goufen dozou motivéiert, sech interaktiv anzebréngen an esou erauszefannen, wat hinne Spaass mécht, wouran si gutt sinn a wat si schonn ëmmer eemol wollten austesten.
E grousse Merci un:
Entente des Sociétés de Belvaux ASBL
Entente des Sociétés d’Ehlerange
Entente des Sociétés Soleuvre
Entente des Sociétés Sanem