Holzatelier vum CIGL Suessem
Zënter September 2019 huet de CIGL Suessem – Centre d’Initiative et de Gestion Local – en eegenen Holzatelier. Net manner wéi 7 ënnerschiddlech Luuchten, 3 Gréisste vu Villerchershaisercher an 2 Modeller vun Hochbeete waarden op Nummer 220 an der Déifferdenger Strooss zu Zolwer op Iech.
“Den Ausgankspunkt war deen, dass mir konkret Aufgabe gesicht hunn, deenen eis Mataarbechter dat ganzt Joer laang nogoe kënnen. Virun allem an deene méi kale Méint, wann net esou vill dobausse geschafft ka ginn”, erkläert den Dany Scholten, Chargé de Direction.
Wann Dir un enger Luucht (Verkafspräis tëscht 20 € an 30 €), engem Villerchershaischen oder engem Hochbeet (1m x 1m x 1m, 150 € / 2m x 1m x 1m, 350 €) interesséiert sidd, da mellt Iech op direktem Wee beim CIGL Suessem.
Telefon: 26 59 01 40 1
E-Mail: ccl@suessem.lu
oder gitt an der Déifferdenger Strooss laanscht