Gebuertsdag vum Artikuss
Den 10. Anniversaire vum Artikuss gouf den 21. an 22. September 2024 mat enger Serie vu gratis Concerte gefeiert.
Samschdes Owes huet de Sänger a Trompettist Jeff Cascaro d’Bün mat der Big Band vun der Militärmusek ënner der Leedung vum Raoul Christophe gedeelt – eng Première an dëser Konstellatioun. De Cascaro, deen de Soul-Jazz an Däitschland populariséiert huet, koum mat enger Setlist an zwee Deeler: op där enger Säit Lidder aus dem Great American Songbook mat Swing-Standarden a funky Momenter, an op där anerer Säit Klassiker aus sengem eegene Repertoire.
Sonndes Nomëttes sinn d’Festivitéite mat enger Séance académique weidergaangen. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet an hirer Ried d’Bedeitung vu Konscht a Kultur ervirgehuewen: „Ech sinn iwwerzeegt dovun, dass si dozou bäidroen, dass et de Mënsche gutt geet. Kultur soll Räim gestalten an opmaachen, wou mer eis begéine kënnen, wou mer gemeinsam Perspektiven op eis Welt, eng hoffentlech besser Welt, kënne kreéieren. A wou mer de gesellschaftlechen Zesummenhalt, Solidaritéit an och Gerechtegkeet kënne stäerken.“ De Manuel Ribeiro, zanter 2022 den artisteschen Direkter, huet erkläert, dass de Rebranding vum Artikuss am Joer 2023 un d’Substanz gaangen ass: „Mer hunn net just d’Verpackung verschéinert, nee… mer hunn och um Programm weidergeschafft, Neits gesicht, a virun allem dem Programm eng Struktur ginn. D’Resultat ass, datt mer an de leschten zwee Joer eise Public erweidere konnten, an ech iwwerdreiwen net, wann ech soen, datt mer dee bei eisem eegene Programm quasi verduebelt hunn.“
Den intimen an emotionalen Optrëtt vum Trio IRINA an der Pop-Rock-/Alternative-Band One Last Time mam Andrea Galleti hunn de kréinenden Ofschloss markéiert. Parallel dozou gëtt et momentan eng Ausstellung am Artikuss, déi d’Geschicht vum Haus dokumentéiert, souwéi en Hommage ass un déi vill Kënschtler·innen, déi an de leschten 10 Joer hei opgetruede sinn. Dës Expositioun, déi an Zesummenaarbecht mam Photo-Club Gemeng Suessem op d’Bee gestallt gouf, kann een iwwer déi nächst Méint am Artikuss gesinn.
Fotoen: Eric Engel, Steve Ginepri