Aktioun “Opfalen ass erlaabt !”
Ënnert dem Motto Opfalen ass erlaabt ! waren d’Schoulkanner aus dem Cycle 2 aus der Gemeng Suessem um Mëttwoch, 6. November 2019 ëm 10 Auer am Artikuss zu Zolwer.
Fir ronderëm d’Sécherheet am Stroosseverkéier ze sensibiliséieren, goufe fir t’éischt déi 9 gëlle Reegele widderholl, déi een als Kand am Stroosseverkéier respektéiere soll, dorënner: bei rout bleiwe mer stoen, bei gréng däerfe mer goen. De Schüler gouf dunn am Kader vun enger klenger Presentatioun verdäitlecht, dass een als Foussgänger an der Däischtert net gesi gëtt, wann een donkel ugedoen ass. Blénkeg Kleedung reflektéiert d’Luucht vun den Autoscheinwerfer awer bis zu 140 Meter wäit, wouduerch e Foussgänger scho ganz fréi vun den Automobiliste ka gesi ginn.
Als Deel vun der Presentatioun sinn d’LASEP Zumba Kids ënnert der Leedung vun der Annette Ben Guigui opgetrueden. Bei hiren zwee Dänz konnt ee gesinn, wéi reflektéierend Gileten a Blinkien am Däischtere wierken a liichten. De Verkéiersschäffe Marco Goelhausen huet d’Kanner encouragéiert, hir Frënn an d’Leit an hirem Ëmfeld vun Zäit zu Zäit un déi richteg Reflexer am Verkéier z’erënneren, fir dass kengem eppes geschitt, an si kruten um Enn eng giel Sécherheetsvest vun der Gemeng Suessem iwwerreecht.
Ofschléissend gouf et nach Applaus fir déi 10 Schoulklassen, déi beim Concours Zu Fouss an d’Schoul matgemaach haten. Am Kader vun dëser Campagne waren d’Kanner vum 23. September bis de 25. Oktober opgeruff, de Schoultrajet mat hire Komeroden esou dacks wéi méiglech per pedes ze maachen. D’Klass vum Anouk Krieps vu Suessem hat um Enn déi meescht Trajete realiséiert an d’Schüler goufe mat engem Bong fir e Schoulausfluch belount. Beim Concours haten dës 10 Klasse matgemaach: (Schoul – Tuteur)
Schoul Bieles-Post – Max Freilinger, Zohra Benabad
Schoul Roude Wee – Patrice Trierweiler, Jennifer Schwarmes, Lynn Pontin, Melissa Fecchi
Schoul Scheierhaff – Kendra Weber
Schoul Suessem – Tania Schneider, Anouk Krieps, Surya Hippert