Botzaktioun vum Lycée Bel-Val
De Lycée Bel-Val organiséiert all Mëttwoch Nomëtten eng Botzaktioun. All Woch ass et un enger anerer Klass de Knascht, dee si am Park um Belval a ronderëm hir Schoul fannen, opzerafen.
Am Mäerz huet d’5ième vum Tim TOm eis mat geholl. Déi 25 Schüler·inne goufen an eenzel Gruppen agedeelt, fir méi effikass ze schaffen. Tuten, Pëtzerten a Gilete krute si vum Lycée.
Merci dëser wéi och all anere Klassen aus dem Lycée Bel-Val fir hiren Asaz.