à suivre…
An der Allerhellegevakanz hat d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem op déi drëtt Editioun vun der Young Talents’ Week à suivre… invitéiert. Méi wéi 40 jonk Kreativer hu vun dëser Geleeënheet profitéiert, fir aussergewéinlechen Artisten op hirem Terrain iwwer d’Schëller ze kucken.
Sou hunn ënnert anerem d’Sabrina Kaufmann (Manga), den Tom Kree (Molerei), de Sascha Di Giambattista (Upcycling spray cans), den Gianmarco (Illustratioun) an d’DJ Skilz Academy Ateliere proposéiert, bei deenen déi Jonk hirer Kreativitéit fräie Laf loosse konnten an nei Technike kennegeléiert hunn.
Freides owes, de 5. November war ëm 19.00 Auer als Ofschloss ee Vernissage am Kultur- a Geschichtshaus A Gadder.