Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: sarah

Naturnoe Gaart

Well deen natierleche Liewensraum fir Insekten a Wëllflanzen ëmmer manner gëtt, si mir Mënsche gefuerdert, eisen Deel zum Erhalt vun dësem bäizedroen. Eng Méiglechkeet ass den naturnoe Gaart.
 
Ënnerschiddlech Liewensraim bidden der heemescher Déieren- a Planzewelt Plaz fir ze lliewen, Nahrung ze sichen a sech fortzeplanzen. Eng doudeg a latzeg Ëmgéigend bitt engem kaum en optesche Reiz a verréngert d’Openthaltsqualitéit. E Gaart voller Blumme gesäit net just schéin aus, mee mécht also och nach eppes fir den Natur- an Déiereschutz.
 
Dat muss net vun haut op muer geschéien, mee kann no an no ëmgesat ginn. Hei drënner gi mir iech Rotschléi, wéi dir iech kënnt uleeën, fir e Paradäis fir Insekten, wéi och Vigel a Planzen op d’Been ze stellen.
 
PDF: Infografik zu der Liewensqualitéit am naturnoe Gaart
PDF : Plus de fleurs, plus d’abeilles 
 

Flow Music Festival

Wat ee Weekend! Et gouf gedanzt, gesongen, gutt giess an dat eent oder anert akaf: De Flow Music Festival vum 19. bis 21 Juli am Park um Belval (Belvaux) hat e fantastesche Lineup, ënnert anerem den CHAiLD, The Tame & The Wild, WazToo, Skuto, Foreigners an De Läb, fir der just e puer ze nennen. De Flowmaart vum 20. bis 21. Juli mat sengen insgesamt 18 Stänn a 5 Workshops at fir jiddereent eppes dobäi. Ënnert de Creators waren et ënnert anerem de Gilles Kutten, Ceci’s Creative Hub, d’Jessica Frascht, Brut.wear, Urbalina oder och Dono.
 
Mir soen allen Artistinnen, Creators a jidderengem, deen am Hannergrond matgehollef an op iergendeng Aart involvéiert war, villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung an dee flotte Weekend.
 
D’Fotoe vun den dräi Deeg sinn elo online, déi komplett Galerie kann hei gekuckt ginn.
 
 






















 
 

Projet erareeche bei „Pimp my Bushaischen“

D‘Gemeng Suessem organiséiert op en Neits de Concours Pimp my Bushaischen, eng Aktioun, déi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2016 lancéiert gouf. Wéi den Numm et scho seet, ass et drëms gaangen, de Bushaisercher e besonneschen Touch ze ginn. An dofir brauche mir iech an är Kreativitéit. D’Haisercher sollen nämlech vu Leit aus der Gemeng nei gestalt ginn.  D’Material kritt dir vum eisem Service Technique gestallt.
 
Iwwert dëse Link geet et bei den Umeldungsformulaire, deen dir online kënnt ausfëllen. Dir kënnt iech d’Dokument awer och eroflueden an dem Service Technique schécken. Dat geet iwwer follgend E-Mail: secretariat.technique@suessem.lu
 
D’Gewënner·inne ginn e Samschdeg, den 21. September 2024, um Dag ouni Auto, ausgezeechent. Déi betraffe Leit kréien am Virfeld eng Invitatioun.
 
D’Thema vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2024 ass „Espace Public Partagé“, also d’Deele vum ëffentleche Raum tëscht alle Participante vum Stroosseverkéier. An de Konschtwierker soll also beschtefalls dëse Sujet erëmerkenne sinn.
 






 
 

Flèche du Sud den 11. an 12. Mee

Och dëst Joer geet d‘Vëloscourse vun der Flèche du Sud duerch eis Gemeng.
 
Déi 4. Etapp mat iwwer 18,8 Kilometer ass e Samschdeg, den 11. Mee zu Suessem. Lass geet et mam Contre-la-montre an der Rue du Château, Arrivée ass beim Suessemer Schlass. Am ganze Parcours ass all Verkéier verbueden. Verschidde Stroosse sinn deelweis ab +/- eng Stonn virum Depart bis eng hallef Stonn no der Arrivée gespaart. Dat heescht och, dass tëscht 14.00 an +/- 17.30 Auer d’Awunner·innen op de jeeweilege Plazen net mat hirem Auto circuléiere kënnen. Falls néideg, sollen d’Autoen an de concernéierte Stroosse viru 14.00 Auer geréckelt ginn.
 
Folgend Stroosse si concernéiert:
 
Suessem:

  • Rue d’Esch tëscht den Nummere 85 an 133.

Zolwer:

  • Rue de Limpach tëscht den Nummeren 119 an 147,
  • Rue Aessen tëscht den Nummeren 1 an 114,
  • Rue des Champs, Rue Dennebësch, Rue du Château, Rue du Nord et Rue Uerschterhaff gi komplett gespaart.

E Sonndeg, den 12. Mee féiert déi 5. Etapp d’Vëlosfuerer·innen duerch Éilereng an de Belval/Bieles. A béiden Uertschafte solle se tëscht 11.30 Auer a 17.00 Auer passéieren. De Verkéier gëtt um ganze Parcours deen Dag am Sens unique gereegelt an d’Busser fueren op der betraffener Streck net. Op www.mobiliteit.lu ginn deen Dag déi néideg Informatioune publizéiert.
 
Folgend Stroossen zu Éilereng gi gespaart:

  • Rue Kulturschapp,
  • Cité Gewaennchen,
  • Rue Neuve.

Fir jiddereen·t am Stroosseverkéier gëllt et, sech d’un d’Stroossespären an d’Sens uniquen ze halen a besonnesch op d’Vëlosfuerer·innen opzepassen.
 
Zousätzlech Informatioune ginn et op fleche-du-sud.lu. De Guide Technique kënnt dir iech hei ukucken: Guide Technique
 



 
 

Autonom Navett um Belval

Et ass sou wäit: No den néidegen Tester kënnt déi éischt autonom Navett bei eis an d’Gemeng. Vum 7. Mee 2024 u fiert eng Navett vun den CFL an dem Hiersteller Ohmio um Belval. Déi éischt Testfaarte ginn nach ouni Passagéier·inne gemaach.
 
Déi éischt Navette kruten d’CFL am Mäerz 2023 a koumen um CFL-Terminal um Multimodal-Site zu Beetebuerg-Diddeleng a bei IEE zu Biissen an den Asaz. An den nächste Woche wäert de Shuttle dann um Belval e ganzen Testprogramm duerchlafen, wou d’Verhale vum Gefier an ënnerschiddleche Verkéierssituatiounen analyséiert gëtt. Wärend dëser éischter Phas fueren d’Navetten tëscht dem Arrêt op der Héicht vun der Gare Belval-Universitéit an dem Busarrêt op der Héicht vun der Uni. Déi kommerziell Mise en service gesäit eng 2,3 Kilometer laang Schläif vir, déi véier Arrêten um Terrain vum Belval ofdeckt.
 
D’Navette sinn esou equipéiert, dass si ëmmer en 360-Grad-Iwwerbléck hunn an domat genee gesinn, wat ronderëm si ass.
 
Hei kënnt dir iech e Video vum Gefier ukucken: autonom Navett
 

 
 

Klass 5e 1 vum LGE op Visitt

E Bléck hanner d’Kulisse vun enger Gemeng – dat kruten d’Schüler·innen vun der 5e 1 aus dem Lycée de Garçons Esch (LGE) bei hirer Visitt zu Bieles. Zesumme mat hire Proffen Daniel Luciani an Eric Astafieff hu si de Projet „Initiation à la citoyenneté“ nees opliewe gelooss a sech dofir d’Gemeng Suessem erausgesicht.
 
Déi Jonk ware virwëtzeg an haten eng ganz Parti Froe virbereet: „Wéi laang dauert et, bis ee Buergermeeschtesch gëtt? Ass et e stressegt Amt? Wéi ass et als Fra an engem vu Männer dominéierten Domän (politesch) aktiv ze sinn? Wat hutt Dir bis elo u Projeten an Ärer Gemeng ëmgesat?“
 


 
D’Schüler·inne konnten alles froen, wat si interesséiert. D‘Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz stoung Ried an Äntwert an huet hinnen en Abléck an déi politesch Welt ginn. Vum Alldag um Büro iwwer d’Erausfuerderunge bei diverse Projeten, huet si oppen an éierlech Ablécker an hiert Liewen als politesch Responsabel ginn. Si huet erkläert, wéi a mat wiem si schafft, wat hir Prioritéiten als Gemengeverantwortlech sinn, a wat d’Aufgabe vum Schäff·innen- a Gemengerot sinn.
 
Doriwwer eraus huet d’Buergermeeschtesch perséinlech Anekdote vun hirem professionelle Parcours erzielt, déi de Schüler·innen weise sollen, dass an der Welt vun der Politik Mënschlechkeet eng bedeitend Roll spillt. Déi Jonk haten och d’Méiglechkeet ze soen, wat si sech vun enger Gemeng wënschen an u wat et hinne feelt. Fir d’Visitt ofzeronnen, goung et weider bei den État Civil an de Biergerzenter, wou d’Klass zousätzlech Erklärunge vum zoustännege Gemengepersonal krut an esou e bessert Verständnis dofir huet, wéi eng Gemeng funktionéiert.
 
Als Gemeng ënnerstëtze mir esou Renconteren, sou dass Jonker a politesch Entscheedungsträger·innen sech austausche kënnen. Mir soen der Klass aus dem LGE an hire Proffe Merci fir hire Besuch an déi gutt iwwerluechte Froen.
 


 
 

Campagne „Méi net am Mee”

Hëlleft de Beien, dass hire Liewensraum erhale bleift. Wie méi laang net méit, gëtt de Beien an anere Bestëbser eng Chance, d’Blummen ze bestëbsen, déi eis Ekosystemer um Liewen halen. Dat ass eng einfach Méiglechkeet, souwuel d’Beien wéi och d’Natur ze schützen. Wärend dëser Zäit befanne sech vill Wëllblummen a voller Bléi an dengen als wichteg Narungsquell fir d’Bestëbser.
 
E Buedem, dee geméit ass, bitt quasi keng Iessméiglechkeete fir Insekten. D’Méien zu dësem Zäitpunkt kann hire Liewensraum zerstéieren a sou hir Energiequell drastesch reduzéieren. Bonus: Domat schütze mir och eis villfälteg Flora a Fauna, déi vun der Déierewelt ofhängeg sinn.
 
An deem Sënn ruffen d’Naturschutzsyndikater SICONA a SIAS d’Leit dozou op, bei hirer Campagne „Méi net am Mee” matzemaachen. D’Spillreegele si ganz einfach: Am Mee gëtt net geméit. Dir kënnt natierlech och just en Deel vun ärem Wuess stoe loossen – Haaptsaach d’Bestëbser hunn eng Plaz, wou se hir Aarbecht maache kënnen.
 
Wie matmécht kann entweder Fotoe vum eegene Gaart maachen an dës op moien@sias.lu schécken oder d’Fotoen op de soziale Medie mam Hashtag #BlummefirBestëbser deelen, fir un engem Gewënnspill deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et hei: Internetsite fir d’Campagne „Méi net am Mee” oder hei : PDF-Poster mat weideren Infoen
 

 
 

Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet

Ënnert der Leedung vum Tara Jung, eiser Responsabeler vum Service Senior+, huet d’Gemeng Suessem fir eng zweete Kéier eng Éischt-Hëllef-Formatioun an der mentaler Gesondheet fir hir Mataarbechter·innen organiséiert. An de Sessiounen am Laf vum Mäerz ass et drëm gaange fir d’Verständnis vu mentale Pathologien ze verbesseren. Jiddereen·t krut Informatiounen an Hëllefsstellunge mat op de Wee, fir psychesch Krankheete besser ze verstoen, se ze erkennen a Betraffenen eng Éischt Hëllef unzebidden.
 
Méi Informatioune ginn et op follgender Säit: Detailer iwwert Éischt-Hëllef-Coursen an der mentaler Gesondheet
 
Falls dir een·t kennt oder selwer Hëllef braucht, kënnt dir iech un SOS Détresse wenden, si bidden iech ënnert der Nummer 45 45 45 eng anonym a vertraulech Hëllef. Dir kënnt och de Site 454545.lu consultéieren a si do kontaktéieren. Zousätzlech Infoe ginn et och op llhm.lu.
 
D’Gemeng organiséiert déi nämmlecht Formatioun fir hir Awunner·innen. Et gëtt leider keng Plaze méi fir d’Sessiounen am Fréijoer an am Hierscht 2024.
 
 

 
 

Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen

De 27. Mäerz 2024 huet d’Gemeng Suessem zesumme mam Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Ënnerbrengung vu Geflüchteten a mam Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Mir gehéieren domat zu den 13. éischte Gemengen, déi dëse Pakt ënnerschriwwen hunn.
 
Mir gehéieren domat zu den 13. éischte Gemengen, déi dëse Pakt ënnerschriwwen hunn. D’Gemeng Suessem engagéiert sech op dësem Wee verstäerkt fir den Accès zu Infomaterial an d’Bedeelegung vun alle Mënschen, déi bei eis liewen an/oder schaffen, ze vereinfachen. Grad esou gëtt domat en Zeeche fir d’Bekämpfung vun all Form vu Rassismus an Diskriminatioun gesat, fir all Zort vun Diversitéit ze erméiglechen. De partizipative Prozess steet am Virdergrond. All Awunner·in gëtt bestäerkt, konstruktiv Virschléi zu Sujeten ze maachen, déi eis all eppes uginn, d’Zesummeliewen an den Austausch an der Gemeng Suessem aktiv matzegestalten an esou säin·hiren Deel dozou bäizedroen, dass d’Liewen an d’Schaffen an eiser Gemeng nach besser ka ginn.
 

 
Mam Akafrafttriede vum Gesetz am Juli 2023, ass d’Pilotphas vum Gemengepakt ofgeschloss ginn an huet dowéinst nei missten ënnerschriwwe ginn. An deem Kader ginn interesséiert Bierger·innen dozou opgeruff, sech am Bierger·innepakt ze engagéieren an deen zesumme mam Ministère ënnerschreiwe kënnen. Virdru war dat just fir auslännesch Matbierger·innen eng Optioun, elo ass dat och fir Lëtzebuerger·inne méiglech. Och hei gëllt: Jiddereen·t, deen·dat hei wunnt an/oder schafft, ka sech engagéieren.
 
Weider Informatioune ginn et um Internetsite vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen. An der Gemeng Suessem ass d’Annick Spellini, Responsabel vum Service à l’Égalité des chances et Diversité, Kontaktpersoun: annick.spellini@suessem.lu
 

 
 

Workshop „Leschte Wëllen“

Wien huet net schonns iwwer säi Liewensenn nogeduecht, a wéi dëst oflafe soll? Dir frot iech, wéi dir är Wënsch schrëftlech festhale kënnt?

Omega 90 stellt iech an engem interaktive Workshop d’Dokumenter zur Vertrauenspersoun, dem Advance Care Planning an der Patienteverfügung ausféierlech vir.

De Workshop dauert 3 Stonnen a gëtt eemol am Dag an eemol owes organiséiert, béid Kéieren am Hochzäitssall an der Gemeng zu Bieles:

  • E Mëttwoch, de 24. Abrëll 2024 vun 9.30 Auer bis 12.30 Auer,
  • En Donneschdeg, de 25. Abrëll 2024 vun 18.30 Auer bis 21.30 Auer.

D’Workshops sinn op Lëtzebuergesch. Et muss een·t sech bis de 17. Abrëll 2024 iwwert senior.plus@suessem.lu umellen oder iwwer Telefon um 59 30 75 631.
 

 
 

Umeldung fir d’Europawalen

Wosst dir, dass d’Entscheedungen, déi op EU-Niveau geholl ginn, och eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg beaflossen? Mir Wieler·inne bestëmme bei den Europawalen den 9. Juni dëst Joer, wien eis representéiere soll a wat d’Prioritéite vun der Europäescher Unioun déi nächst fënnef Joer wäerte sinn.

Falls dir nach net an de Wieler·innelëschten agedroe sidd, kënnt dir dat entweder online iwwer Guichet.lu maachen oder dir kommt bei eis op der Gemeng laanscht.

Wichteg ass, dass dir an enger vun de véier Uertschafte vun der Gemeng Suessem ugemellt sidd a valabel Pabeiere matbréngt. Ass een·t eng Kéier agedroen, brauch ee sech net méi fir déi nächst Europawalen unzemellen. All Persoun vun 18 Joer u ka wiele goen. De Vott ass obligatoresch a sou bal een·t ageschriwwen ass, gëllt d’Walflicht. Falls dir plënnert, gitt dir automatesch an d’Walverzeichnis vum neie Wunnuert agedroen.

Wann dir iech zu Lëtzebuerg agedroen hutt, da wielt dir déi 6 Membere vum Europaparlament fir Lëtzebuerg. Wann dir är Stëmm fir d’Membere vum Parlament vun ärem Heemechtsland wëllt ofginn, da wennt iech wannechgelift un déi zoustänneg Ambassade oder dat zoustännegt Konsulat.

D’Umeldunge si bis de 15. Abrëll 2024 um 17.00 Auer méiglech, hei fannt dir déi néideg Informatiounen.

Leit, déi d’Bréifwal ufroe wëllen, kënnen dat vun elo u maachen. Dat geet och entweder iwwer Guichet.lu oder per Post (an eegene Wierder oder e Formulaire, deen dir bei eis op der Gemeng kritt).

Hei ginn et d’Informatiounen op Englesch: jepeuxvoter.lu/en
Hei ginn et d’Informatiounen op Portugisesch: jepeuxvoter.lu/pt


 
 

Éischt Hochzäiten A Gadder

E Samschdeg, den 9. Mäerz 2024 goufen déi éischt zwou Hochzäiten A Gadder zu Bieles ofgehalen. Och Partenariater (PACS mat Zeremonie) kënnen am Kultur- a  Geschichtshaus – wéi jo och an der Gemeng selwer – organiséiert ginn. An der Gemeng sinn d’Zeremonien am Sall vum Gemengerot an am Festsall, A Gadder um 1. Stack a baussen am Gaart, falls d’Wieder et zouléisst.
 
Wat dat Organisatorescht ugeet, soll een·t vun der Koppel sech am Büro vum État Civil mat der Identitéitskaart fréistens 1 Joer a spéitstens 3 Méint virum geplangten Datum presentéieren. Auslännesch Awunner·innen solle sech mat Zäit beim zoustännege Service mellen. Wann d’Dokumenter fir den Dossier vu béide Persoune komplett sinn, kënnen Datum an Auerzäit fir d’Feier fixéiert ginn.
 
Fir Hochzäit a PACS mat Zeremonie kann d’Feier freides an der Gemeng gemaach ginn, A Gadder ass et da samschdes. D’Hochzäiten op engem Samschde ginn am September fir dat anert Joer festgeluecht. Eng Derogatioun ka vum Schäff·innerot op Demande a jee no Disponibilitéit accordéiert ginn.
 
D’Disponibilitéit vun de Raimlechkeete gëtt mam zoustännege Service vun der Gemeng koordinéiert. No der Zeremonie gëtt d’Gemeng e Patt bis 30 Leit, alles, wat driwwer geet, gëtt als Tax verrechent. Et gëtt recommandéiert weder Räis, nach Blummen oder Konfetti wärend der Feier ze geheien.
 

Kontakt: 

 
Gemeng Suessem
60, Rue de la Poste
L- 4477 Bieles
 
Kultur- a  Geschichtshaus A Gadder
10, Rue de France
L-4446 Bieles
 
Service État Civil
59 30 75 – 504
All d’Infoe ginn et hei
 
 









 
Copyright Fotoen: Eric Engel
 
 

Keen Alkohol wärend der Schwangerschaft

Wärend engem Echange mat der Quai 57 Suchtberodungsstell vun Arcus, huet de Suessemer Schäff·innerot e Méindeg, de 04. Mäerz 2024 eng Charte am Kader vun der Preventioun iwwert de fetalen Alkoholsyndrom (syndrome d’alcoolisation fœtale – SAF) ënnerschriwwen. Wéi d’Responsabel vum Projet Lisa Hatto erkläert huet, muss nach besonnesch iwwert dee sougenannte moderaten Alkoholkonsum wärend der Schwangerschaft opgekläert ginn, well och ee Glieschen huet seng Konsequenzen.

Mam Ënnerschreiwe vun dëser Charte ënnersträicht d’Gemeng Suessem hiren Engagement fir zur Opklärung iwwert dëse Sujet bäizedroen. D’Lisa Hatto huet erkläert, wéi wichteg eng fréizäiteg Sensibiliséierung bei de Jonken ass, well et weiderhin en Tabusujet bleift. Der Suchtberodungsstell no consomméiert och hautdesdaags nach eng Fra vu véier Alkohol wärend der Schwangerschaft, sou dass ongeféier 120 Kanner all Joer mat SAF op d’Welt kommen. Souguer ee geréngen Alkoholkonsum ka schwéier Folgen hunn a vun Opmierksamkeetsstéierunge bis hin zu enger Mëssbildung vun den Organer goen.

Nieft der Charte, zu där sech all Gemeng fräiwëlleg verpflichte kann, proposéiert de Quai 57 och Workshops zu deem Thema. Ënnert anerem huet d’Suchtberodungsstell e Rezeptbuch mat Cocktailen ouni Alkohol ausgeschafft.

Quai 57 Suchtberodungsstell ass e Service vun Arcus, dee Persounen, déi direkt oder indirekt potenziell vun enger Sucht betraff sinn, ënnerstëtzt a si op hirem Wee begleet. Jiddereen·t ka sech op fräiwëlleger Basis e Rendez-vous beim Service huelen. D’Berodung ass gratis.

Kontakt:

Quai 57 – Suchtberodungsstell

55, avenue de la Gare

L-1611 Luxembourg

Tel.  : (+352) 26 48 04 90

Fax : (+352) 26 48 04 91

PDF : Enceinte ? Zéro alcool
 
 

Krank Fiiss zu Bieles

An der Rue de la Fontaine an an der Seelbunnstrooss zu Bieles (Trëppelwee Richtung Gaalgebierg) goufen zwee krank Fiiss gesinn. Si hu sech mat der sougenannter Fuchsräude infizéiert, enger Krankheet, mat där sech Mënsche a Véierbeener ustieche kënnen. De Parasit gëtt gréisstendeels duerch direkte Kontakt vun Déier zu Déier iwwerdroen, Kazen an Hënn kënne sech awer och ustiechen, wa si an e Bau vu Fiiss riche ginn oder a Kontakt mat Fuussenexkrementer kommen.
 
Sacoptesräude ass eng parasitär Hauterkrankung, déi fir Fiiss déidlech ka sinn. Dobäi komme Milbe bis ënner d’Haut. Si liewen an ernäre sech do a leeën hir Eeër of. D’Krankheet mécht sech duerch staarke Bass („Juckreiz“) bemierkbar, deen oppe Wonnen an eetereg Infektioune mat sech brénge kann. Virun allem bei den Oueren, de Spronggelenker, den Ielebéi an dem Bauch maache sech d’Hautverännerunge bemierkbar.
 
D’Infektioun ass behandelbar. Wann dir mierkt, dass dir oder äert Déier déi genannte Symptomer opweist, sollt dir am beschte bei den Dokter oder d’Doktesch respektiv bei de·d’Veterinär·in goen. Falls dir d’Fiiss gesitt, kontaktéiert eise Fierschter Claude Assel:
 
Telefon: 247 – 56797
Mobil: 621 202 103
 
 

Klima- an Naturpakt: Maacht mat!

D’Erausfuerderunge vu Klimawandel an Naturschutz verlaange gemeinsam Efforten op lokalem Niveau. Als Suessemer Gemeng kënne mir eisen Deel dozou bäidroen, dass eis Ëmwelt geschützt a fir zukünftegt Generatiounen erhale bleift.
 
Dowéinst siche mir iech: All Persoun mam néidege Background a Wësse ka sech a kommunale Klima- an Naturteams engagéieren. Är Expertis a Motivatioun sinn entscheedend, fir déi néideg Moossnamen ëmzesetzen.
 
Wann dir also eng Formatioun an de spezifesche Beräicher vum Klimawandel oder Naturschutz hutt, kënnt dir iech mat engem klenge Motivatiounsschreiwes beim Ëmweltbüro vun der Gemeng Suessem mellen, entweder via service.ecologique@suessem.lu oder iwwer Telefon um 59 30 75 – 655/653.
 
D’Gemeng Suessem ass zënter 2013 Member vum Klimapakt an zënter 2021 vum Naturpakt. Béid Pakte kënnen als Qualitéitsmanagement verstane ginn. Iwwert dee Wee gëtt gepréiwt, wéi d’Gemeng sech an de Sujete Klimawandel an Naturschutz entwéckelt, wéi se virukënnt a wat schonn ëmgesat ginn ass.
 
 

Ëmweltsensibilisatioun  an der Schoul Bieles-Post

Zesumme mat hiren Enseignanten, de Responsabele vum Service Écologique an der energieagence gouf den Engagement vu Schüler·innen aus 4 Klasse vun der Schoul Bieles-Post de 7. Februar 2024 geéiert. Si kruten am Kader vum Projet “Nachhaltigkeit macht Schule” Diplomer iwwerreecht, well si d’Ziler vun der Ëmweltsensibiliséierung erfollegräich ëmgesat hunn.
 
Duerch Experimenter, Excursiounen, Quizzen a Rollespiller hunn d’Kanner verstanen, wat et heescht, wa vu Klimaerwiermung geschwat gëtt. Si kruten Denkustéiss, fir hir eegent Handelen ze iwwerdenken a sinn opgekläert ginn, wéi si dat Wëssen, wat si sech ugëeegent hunn, a Realitéit ëmsetze kënnen. Insgesamt hu si 6 Modullen opgeschafft:

  • Nohaltegkeetssensibiliséierung/Zäregaseffekt
  • Energiequellen
  • Richteg hëtzen/lëften
  • Stroum spueren
  • Ressource Waasser
  • Pabeier

No der Theorie hu si dat Geléiert och an der Praxis missten ëmsetzen: D’Schüler·innen hu geléiert, wéi si mat Miessapparater wéi Thermometer oder CO2-Apparater ëmginn a kruten déi jeeweileg Gadgeten och mat, fir an hire Klassesäll ze benotzen.
 
D’Initiativ ass een essenzielle Pilier am Klimaschutz op Gemengenniveau a gëtt bei der Bewäertung vum Klimapakt berécksiichtegt.
 


Neie Rekord um Euro Meet

Fir d’Maud Allar vu Suessem hätt d’Joer wuel net besser kënne ufänken. Déi 16-järeg Schwëmmerin huet beim Euro Meet an der Coque vum 26. bis 28. Januar 2024 en neien nationale Rekord opgestallt – 33,75 Sekonne bei iwwer 50 Meter Brasse. Seng beschten Zäit louch do viru bei 33,81. D’Nowuesstalent konnt soumat direkt a senger éischter Course vum Weekend iwwerzeegen.
 
D’Maud ka sech op eng erfollegräich Zukunft astellen: Nieft sengem Rekord am 50 Meter Brasse hält hatt zwee weider Rekorder am 100 Meter.
 
Am Interview mam Quotidien huet d’Maud veroden, dass hatt sech op en Neits fir d’Junior-Europameeschterschaften a Litauen qualifizéiere wëll. Dës ginn Ufank Juli lass. D’Gemeng Suessem dréckt d’Daumen a gratuléiert dir, Maud, fir dat supert Resultat beim Euro Meet.
 
Foto Copyright: Luis Mangorrinha Editpress / lequotidien.lu

German Design Awards 2024

Bei den German Design Awards de 26. Januar 2024 ass eise Pavillon, deen un déi historesch Source Bel-Val erënnere soll, ausgezeechent ginn. D’Bauwierk am Park um Belval huet an der Kategorie „Conceptual Architecture“ e Präis ofgeraumt. D’Jury begrënnt hir Decisioun domat, dass „duerch de kreesronnen Design an d’Verwendung vun Holz als Plattform souwéi d’Verkleedung vun der Fassad wierkt de Pavillon frëndlech, modern an alueden“. Weider heescht et, dass de Pavillon net just viru Sonn schützt, mee dass bei Reen d’Waasser opgefaangen an op deem Wee Ressourcë geschützt ginn.
 
D’Auszeechnunge vum German Design Council éieren déi beschte Realisatioune vun Hiersteller·innen a Gestalte·innen an de Beräicher Architektur, Interieur- a Produktdesigns a Kommunikatiounskonzepter. Innovativ Designs sti säit 2011 am Mëttelpunkt vun der Präisverdeelung.