ACTE (Alzette, Belval avec les Citoyen·ne·s pour la Transition Ecologique) ass eng Initiativ, déi fir eng Period vun 3 Joer vum europäesche Programm Interreg finanzéiert gëtt. D’Zil vum Projet ass et, d’Bierger·inne vun de verschidde Partnergemengen ze ënnerstëtzen, fir dass si hiren Impakt a Saachen CO2 limitéieren a sech op lokalem Niveau fir nohalteg Sujeten an hirer Communautéit asetzen.
Konkret sollen d’Awunner·innen encouragéiert, sensibiliséiert a begleet ginn, fir déi ënnerschiddlech Problematiken an hirem Alldag unzegoen. Vun dësen Echangë kënne pertinent Léisungsusätz entstoen, déi an de Partnergemengen implementéiert an dauerhaft ëmgesat solle ginn. De Projet verfollegt d’Objektiv, de franséisch-lëtzebuergesche Ballungsraum Alzette Belval méi nohalteg ze gestalten.
De Projet ass den 1. Abrëll 2024 a soll bis den 31. Mäerz 2027 lafen.
Dir wëllt beim Projet matmaachen? Maacht hei bei der Ëmfro mat.
Dir wëllt weider Informatiounen? Déi kritt dir hei.
Posts By: sarah
ACTE: lokaalt Handelen zielt!
Auslafe vu Primme fir Vëloen an Haushaltsapparater
Am Gemengerot vum 17. Januar 2025 gouf decidéiert, dass d’Primme fir Vëlo, Pedelec25 an energieeffizient Haushaltsapparater dëst Joer auslafen. Mat energieeffizienten Apparater sinn ënner anerem Frigo, Wäschmaschinn, Trockner a Spullmaschinn gemengt.
Aktuell kënnen d’Subsiden nach ugefrot ginn. Et ginn ausschliisslech déi Demandë respektiv Facturë consideréiert, déi en Datum virum 1. Mäerz 2025 drop stoen hunn. Wat dir alles vun Dokumenter musst dobäi leeën, steet bei der jeeweileger Demande dobäi.
Hei geet et bei de Formulaire fir d’Demande fir e Vëlo oder Pedelec25: Formulaire demande vélo ou pedelec25
Hei geet et bei de Formulaire fir d’Demande fir energieeffizient Haushaltsapparater: Formulaire demande A+++
Vu Mäerz bis Abrëll ass d’Zäit unzeséien
Wien eng schéi Blummewiss wëll, fir deen heescht et elo ufänken, ze séien. Dir hutt dann net just flott Wëllplanzen an ärem Gaart, mee ënnerstëtzt och d’Bestëbser an d’Biodiversitéit. Nach besser ass et op eng lokal Somproduktioun zeréckzegräifen.
Firwat op regional Some setzen?
D’Mëschunge bestinn ausschliisslech aus wëllen, lokale Planzen an droen dozou bäi, dass d’Insekten hire Liewensraum behalen an d’Flora vum Land geschützt gëtt.
Eng nohalteg Produktioun aus Lëtzebuerg
Den Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe mat der Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Genossenschaft zesummen, fir regionale Som an Zesummenaarbecht mat Rieger-Hofmann ze gewannen.
D’LUX-Mëschungen: e richtege Choix
Dëse Mix besteet aus natierlechen a lëtzebuergeschen Aarten an eegent sech ideal fir eng wëll Blummewiss am eegene Gaart unzeleeën. Vu Mäerz bis Abrëll ass déi ideal Zäit, fir deng bléiend Wiss unzeleeën. Dozou gehéiert de Buedem virbereeden (Onkraut rappen), de Som mat der Hand verdeelen, dës liicht andrécken an oppassen, net ze vill ze wässeren. Weider Informatioune ginn et hei.
Hoplr Stories
Sidd dir Fan vun Hoplr? Mir sinn op der Sich no Awunner·innen, déi iwwert hir Erfarunge mam Reseau wëlle schwätzen.
Hutt dir nei Leit kennegeléiert, enger anerer Persoun gehollef oder konnt äre gebrauchte Saachen iwwert Hoplr eng zweet Chance ginn? Wann dir eng flott Geschicht ze erzielen hutt, géif et eis freeën, dës ze héieren.
Maacht bei eisem Videoprojet mat an inspiréiert aner Leit aus eiser Gemeng, Deel vun Hoplr ze ginn. Interesséiert? Mellt iech iwwer service.rpc@suessem.lu
Zënter leschtem Hierscht ass d’Gemeng Suessem op Hoplr ze fannen, engem soziale Reseau, deen iech a Kontakt mat der Noperschaft an ärem Quartier an Uertschaft bréngt. All Awunner·in vun de 4 Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer ka sech aschreiwen. Méi Informatioune ginn et hei.
Kannerae liichten offline méi hell
D’Kanner vun haut si mat an an der Digitalisatioun grouss ginn. Egal ob Smartphone, Tablett oder Laptop, si ginn dagdeeglech domat konfrontéiert. Trotz de villen Virdeeler vun dësen Technologien, ass et wichteg, en Equiliber ze fanne fir eng gesond Entwécklung vun den nächste Generatiounen ze garantéieren.
Aktivitéiten ausserhalb vum Internet
Aktivitéiten, déi näischt mat der Online-Welt ze dinn hunn, si wesentlech fir de Kanner hir physesch a mental Gesondheet. Dobausse spillen, Bicher liesen oder hir Kreativitéit iwwer divers Hobbyen ausliewen hëllefen, hir Imaginatioun ze fërderen, déi sozial Kompetenzen ze entwéckelen an hiert d’Wuelbefannen ze stäerken.
D’Roll vun den Elteren
D’Elteren huelen an deem Sënn eng wichteg Plaz an. Si sinn nämlech mat responsabel fir de Mediekonsum vun hire Kanner a sollen hëllefen, en Equiliber ze fannen. Dat kann duerch d’Limitéiere vun der Bildschiermzäit oder duerch Aktivitéiten, déi zesummen als Famill ënnerholl ginn, stattfannen. Organisatioune wéi d’Fondatioun Kannerschlass bitt thematesch Fräizäitaktivitéiten un, fir den Eltere bei der Erzéiung vun de Kanner ausserhalb der digitaler Welt Denkustéiss ze ginn.
Eng intelligent Notzung vu Medien a Kombinatioun mat der Ënnerstëtzung vun Offline-Aktivitéiten ass entscheedend fir e gesonde Wuesstem. D’Eltere kënnen hire Kanner erméiglechen, déi positiv Aspekter vum Internet ze genéissen an och beräicherend Erfarunge bei Offline-Aktivitéiten ze sammelen.
Detox-Kalenner
Den Detox-Kalenner weist Elteren a Kanner vun 0 bis 5 Joer, wat een alles maache kann, aplaz um Handy ze hänken. Dir kënnt de Detox-Kalenner a weider nëtzlech Informatiounen um Site vum CNAPA fannen.
Eng Campagne vum CNAPA mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale De Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Initiative Liewensufank Asbl an der Eltereschoul Janusz Korczak.
Opgepasst beim Kolportage
Zënter 2014 ass d’Hauséiere respektiv de Kolportage zu Lëtzebuerg nees erlaabt. Beim Verkaf vun Dier zu Dier kann een awer och op déi falsch Leit falen. Fir d’Awunner·innen opzeklären, huet d’Direktioun fir Konsumenteschutz (DPC) eng Partie Rotschléi an Taktiken ausgeschafft.
- De Sticker „Colportage – NEE NON NEIN – Merci !“ op der Dier oder Schell signaliséiert, dass een net wëll dovu gestéiert ginn.
- Et soll een oppassen, nëmme seriö Entreprisen ze engagéieren. D‘Betriber kënnen am Handelsregister nogesicht ginn, well nëmmen déijéineg mat enger valabeler Autorisatioun do registréiert sinn. Dir kënnt och no enger valabeler Handelsermächtegung froen.
- Fall néideg soll een och eng Kopie vun der professioneller Haftflicht froen.
- Informatiounen iwwert d’Recht, fir vum Kontrakt wärend 14 Deeg ofzetrieden (droit de rétractation) froen.
- Dir kënnt een detailléierten Devis ufroen, wou ë. a. de Präis an de Liwwerdatum drastinn.
Bei Froen oder Problemer kënnt dir iech un d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) oder de Centre Européen desConsommateurs Luxembourg (CEC) wenden.
Méi Detailer ginn et op der Websäit vun der Regierung.
Primmen am Kader vum Autofestival
Fir den Optakt vum Autofestival, deen dëst Joer vun e Samschdeg, de 25. Januar bis e Méindeg, den 3. Februar organiséiert gëtt, erënnert d’Klima-Agence un de Klimabonus. Heibäi handelt et sech ëm verschidde Primmen, déi jee no Konditioune variéiere kënnen:
- bis zu 6.000 Euro fir een Elektroauto (≤ 16 kWh / 100 km oder ≥ 7 Sëtzer) oder fir eng Elektro-Camionnette;
- bis zu 3.000 Euro fir een Elektroauto mat engem Verbrauch vu bis zu 18 kWh / 100 km oder bis zu 20 kWh / 100 km an enger maximaler Leeschtung vun 150 kW;
- 1.500 Euro fir de Kaf vun engem gebrauchten Elektroauto, deen op d’mannst 3 Joer al ass;
- bis zu 1.000 Euro fir Elektro-Quads, -Motorrieder oder -Mopeds.
Weider Informatioune gëtt et op aides.klima-agence.lu. D’Beroder·inne vun der Klima-Agence kënnen och direkt kontaktéiert ginn ënnert der Telefonsnummer 8002 11 90.
Parc Backes zu Suessem gespaart
Den Accès an de Parc Backes zu Suessem ass zënter e Freideg, den 10. Januar gespaart. Grond dofir ass e Bam, deen op de Pavillon gefall ass.
De Park bleift fir de Public bis op Weideres zou.
Solar Challenge – mir sinn dobäi!
D’Gemeng Suessem hëlt un der 2. Editioun vun der Solar Challenge am Kader vum Klimapakt deel. Zesumme mat 87 anere Gemenge wëlle mir e staarkt Zeeche fir de Klimaschutz an d’Energiewend setzen. D’Zil ass ambitiéis: méiglechst vill Solarstroum hierzestellen an doduerch d’CO₂-Emissiounen ze reduzéieren.
Éier mir bei d’Wéi kommen, erkläre mir als éischt de Firwat:
Mat der Participatioun un der Solar Challenge soll d’Bewosstsi fir erneierbar Energië verstäerkt ginn, fir dass eis ganz Gemeng méi ëmweltfrëndlech gëtt. Mir wëllen eis Bierger·innen a Betriber mat Sëtz an eiser Gemeng motivéieren, fir nohalteg ze agéieren a méi ëmweltbewosst Moossnamen am Alldag ëmzesetzen.
Dofir brauche mir d’Leit aus der Gemeng Suessem: Informéiert iech iwwer Fërderméiglechkeeten an ob eng Solaranlag bei iech um Daach méiglech ass. Dozou ginn et hei déi wichtegst Informatiounen.
Deelt ären Engagement mat aneren. Entweder motivéiert dir si oder kënnt iech mat äre Matmënschen austauschen.
Loosst eis zesumme weisen, wat mir als Communautéit erreeche kënnen. D’Solar Challenge ass méi wéi ee Concours. Et soll och als Chance gesi ginn, Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Zukunft aktiv matzegestalten. All installéierte Solarpanel zielt an all agespuerten Tonn CO₂ bréngt eis méi no un d’Zil.
Weider Informatioune ginn et um Site vun der Klima-Agence. Op hirem Site ginn d’Donnéeë vun all Gemeng opgelëscht.
Ëmweltkalenner 2025
Wéi all Joer hu mir a Collaboratioun mat talentéierten Illustrator·innen aus Lëtzebuerg den Ëmweltkalenner fir d’Gemeng Suessem erausbruecht.
Déi lescht Editioune stounge ganz am Zeeche vu kulinareschen Experimenter. Fir 2025 hu mir eis eppes Neies iwwerluecht: Mir wëllen de Fokus op Nohaltegkeet an ëmweltbewosst Moossname setzen. Aus deem Grond dréit de Kalenner den Titel: Think Green, Live Clean.
Den Numm ass Programm: All Mount befaasst sechmat engem spezielle Sujet, dorënner Second-Hand, Recycling, Urban Gardering, nohaltegt Hëtzen an Alternativen zu Streesalz. Jee no Mount a Sujet hu sech déi eenzel Illustrator·innen hir Gedanke gemaach an hunn hir Iddien zu Pabeier bruecht:
- Januar: Lascar
- Februar: Joana Majerus
- Mäerz: Daphne Fu
- Abrëll: Lionel Demarville
- Mee: Oh Mamie!
- Juni: Dirk Kesseler
- Juli: Jessica Frascht
- August: Lucile Matter
- September: Gianmarco
- Oktober: Mik Muhlen
- November: Lisa Goebel
- Dezember: Margaux Soulacroup
Hei kënnt dir iech de Kalenner eroflueden: Ëmweltkalenner 2025
Hei kënnt dir online duerch de Kalenner bliederen: Ëmweltkalenner 2025
Kanneraktivitéite vu SICONA
Den Naturschutzsyndikat SICONA bitt an der Gemeng Suessem Aktivitéite fir Kanner fir d’Cyclen 2–4 un. De Programm geet vu Januar bis September 2025 an ass mat ganz ënnerschiddlechen Aktivitéite gefëllt, dorënner:
- „Mir kachen an der Natur“ – 16.01.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
- „Wien ass nuets waakreg?“ – 21.02.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
- „Wien zwitschert do?“ – 18.03.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
- „Onkraut gëtt et net“ – 16.04.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
- „Konscht an der Natur“ – 26.06.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
- „Entdeck d’Insektewelt!“ – 07.08.2025 | 10.00 bis 15.00 Auer
- „Landschaftsarchitekt“ – 11.09.2025 | 14.30 bis 17.00 Auer
D’Umeldung ass obligatoresch a kann online gemaach ginn: SICONA kids
Froe kënnen u follgend E-Mail-Adress geschéckt ginn: pedadogique@sicona.lu
Silvester ouni Freedefeier
E Freedefeier kann trotz spektakulärem Bild an Toun een héije Präis fir Ëmwelt, Gesondheet an eis Véierbeener hunn. Beim Verbrenne gi Partikele vu gëftege Gase wéi CO₂, CO, SO₂ an NOₓ fräigesat, déi d’Loftqualitéit staark verschlechteren. Dës Partikele kënnen déif an d’Longe wanderen a fir vulnerabel Persoune geféierlech ginn.
E Freedefeier vun 30 Minutte ka bis zu 1,5 Tonnen CO₂ emittéieren, wat enger Distanz mam Auto vu +/- 12.000 Kilometer entsprécht. D’Schwéiermetaller, déi responsabel fir déi fir d’Faarwe beim Freedefeier responsabel sinn, verschmotze Buedem a Waasser. Och d’Déiere wéi Villercher oder aner nuetsaktiv Wiese leiden ënnert dem Kaméidi an de Blëtzer. Konsequenzen dovunner kënne Stress oder den Dout vun den Déiere sinn.
D’Gemeng Suessem erënnert am Kader vu Silvester drun, dass all Freedefeier ausdrécklech vun der Buergermeeschtesch autoriséiert muss ginn. Mir encouragéieren iech, d’Police-Reglement ze respektéieren an no méi ëmweltfrëndlechen Alternativen ze sichen.
Direkt informéiert mat LU Alert
LU Alert ass een neien Tool, dee garantéiere soll, dass d’Awunner·inne sech op gewësse Situatioune virbereeden, effektiv reagéieren an all néideg Moossnamen huele kënnen, fir sech selwer, hir Matmënschen an och Gidder ze schützen.
Den Alarmsystem gouf entwéckelt, fir offiziell Messagen iwwer eng national Plattform ze zentraliséieren an ze harmoniséieren, sou datt zu all Moment déi wichtegst Informatioune verfügbar sinn. LU Alert erlaabt et den zoustännegen ëffentlechen Autoritéiten, Alarmer iwwer verschidde Kanäl séier an zilorientéiert ze verbreeden.
D’Missioun vun dësem Tool limitéiert sech net nëmmen op Noutsituatiounen. Den Alarmsystem versteet sech och als proaktiivt Instrument, dat op Präventioun a Stäerkung vun der kollektiver Resilienz ausgeriicht ass, besonnesch duerch meteorologesch oder hydrologesch Virwarnungen.
Nieft dem Internetsite kënne Meldungen iwwer SMS geschéckt ginn. LU Alert ass och als App fir iOS- an Android-Geräter disponibel. Méi Informatioune ginn et hei.
Méi Abréch wärend de Wanterméint
D’Police warnt virun enger Hausse vun Abréch wärend den Owesstonnen an de leschte Wochen. Si geet dovunner aus, dass et sech ëm méi Täter·innen handelt, déi och weiderhin abrieche wäerten. An deem Kader soll all Mënsch, deem verdächteg Persounen oder Gefierer opfalen, dat der Police ënnert der Nummer 113 mellen.
Wie seng eege véier Wänn virun Abréch wëll schützen, dee kann op eng Partie Saachen oppassen:
- Dieren a Fënsteren, besonnesch och déi um Niveau vun der Garage a beim Keller, sollen zougespaart sinn
- Och wann dir nëmme kuerz fort sidd, sollt d’Alarmanlag aktivéiert ginn
- Owes am beschten d’Luuchten am Haus umaachen
Weider Informatiounen iwwert d’Abrochpreventioun fannt dir ënnert police.lu/prevention.
Am selwechte Kontext ass et de Rappell, keng Wäertsaachen am Auto leien ze loossen, well aktuell vill an Autoen agebrach géif ginn.
Mikroaggressiounen am (Schaff)Alldag
Hutt dir och emol ee getrëppelt an dir waart iech net bewosst, wat dir gesot oder gemaach hutt? Et huet ee séier eppes gesot oder iwwer eng nonverbal Aart a Weis matgedeelt, wat eise Géigeniwwer schlecht ophuele kann.
Fir hei e bessert Versteesdemech fir déi aner Persoun ze kréien an och iwwert seng eegen Handlungen nozedenken, huet eise Service à l’Égalité des chances et Diversité am Kader vun der Orange Week eng Formatioun fir d’Gemengepersonal an eng Konferenz fir d’Awunner·innen iwwert Mikroaggressiounen am (Schaff)Alldag organiséiert.
A béide Formater huet de Patrick Azevedo eis erkläert, wat mir genee ënnert Mikroaggressiounen ze verstoen hunn. Hei handelt et sech ëm Aktiounen, Gesten, Kommentarer oder Attituden, déi eng Form vun Diskriminatioun beinhalten a gewollt oder ongewollt sech géint eng Persoun oder e spezifesche Grupp wenden.
„Jo, mee elo kann ee jo geschwënn näischt méi soen?!“
Et kann een natierlech nach mat de Leit schwätzen. Et geschéien och nach ëmmer kleng Faux-pasen. Wichteg ass et, dass ee sech och an deem anere seng Situatioun versetze kann, wann een engem onabsichtlech op d’Féiss getrëppelt ass. Wou vill Mënschen zesumme kommen, mënschelt et. D’Formatioun an d’Konferenz haten als Zil, den Impakt vun de Mikroaggressiounen ze verstoen.
Dëst dréit zu engem besseren Aarbechtsklima a besseren tëschemënschleche Relatioune bäi.
D’Orange Week fënnt all Joer vum 25. November bis den 10. Dezember statt a sensibiliséiert op Gewalt géint Fraen a Meedercher.
Kakao-Produzente wärend de Feierdeeg ënnerstëtzen
Och d‘Chrëschtzäit um Enn vum Joer ass eng gutt Geleeënheet fir verantwortungsvoll ze konsuméieren. Wann dir iech fir Schockela mat zertifizéiertem Fairtrade-Logo entscheet, ënnerstëtzt dir d’Kakao-Produzenten aus Afrika, Asien, Latäinamerika an aus der Karibik a garantéiert hinne fair Präisser a gerecht Aarbechtskonditiounen.
D’Kakao-Industrie huet mat enger ganzer Rei un Erausfuerderungen ze kämpfen, dorënner Kanneraarbecht, Genderdiskriminéierung, Deforestatioun a Klimawandel. Wärend dëser festlecher Zäit vum Joer geet een einfache Geste duer, fir en Ënnerscheed ze maachen an de vulnerabele Communautéiten ze hëllefen.
Schenkt Schockela, dee jidderengem eng Freed mécht, souwuel de Leit, déi beschenkt gi wéi och de Produzenten. Als Fairtrade-Partner engagéiere mir eis zesumme fir ee fairen Handel.
Méi Informatioune ginn et hei.
Opgepasst op de Wëldwiessel
Besonnesch an den nächste Méint ass de Wëldwiessel nees en Theema. An deem Kontext gëtt d’Police Tipps eraus, wéi dir reagéiere sollt, wann dir an esou eng Situatioun kommt.
Méi lues fueren
D’Schëlder, déi viru Wëldwiessel oder Klappjuegte warnen, solle seriö geholl ginn. Op den entspriechende Ofschnëtter soll d’Vitess ugepasst ginn.
Béid Stroossesäiten am Bléck behalen
Wëld ka souwuel vu lénks wéi vu riets op d’Strooss gelaf kommen. Besonnesch soll op Strécken, déi duerch de Bësch féieren, opgepasst ginn.
Ëmmer mat méi Déiere rechnen
Wëllschwäin a Réi si Ruddeldéieren. Autofuerer·innen sollen ëmmer domat rechnen, dass hannert engem Déier der méi nokomme kënnen. Bremsen, tuten, Scheinwerfer ausloossen. Wann iech Wëld virun den Auto leeft, hëlleft nëmmen nach bremsen an tuten. Tute kann d’Wëld vun der Fuerbunn dreiwen. Scheinwerfer oder déi grouss Luuchte kënnen net nëmmen den entgéint kommende Verkéier blenden, mee och d’Déier, wat op der Sich no engem Fluchtwee ass.
Wann eng Kollisioun net ze evitéieren ass
Ass et net méi ze evitéieren, dass dir d’Déier ze pake kritt, sollt dir sou staark wéi méiglech ofbremsen a versichen, riicht aus ze fueren. Abrupt no lénks oder riets ze lenken oder hektesch Auswäichmanöver kënnen den Auto zum Schleidere bréngen an esou eng Kollisioun mam Géigeverkéier oder engem Bam provozéieren. All dat ka méi schlëmm Follgen hu wéi een Zesummestouss mam Déier.
No enger Kollisioun
Falls néideg soll eng Ambulanz iwwert den 112 geruff ginn. Dir sollt oppassen, iech net selwer a Gefor ze bréngen an är Warnwest undoen, fir d’Plaz ofzesécheren an déi aner Leit dorop opmierksam ze maachen. Dofir ass et och wichteg, d’Warnblinker unzemaachen an d’Warndräieck opzestellen. D’Police soll an deem Fall och um 113 kontaktéiert ginn. An deem Sënn réit d’Police dovunner of, d’Déier, wat ugestouss gouf, unzepaken oder mam Auto matzehuelen. Ugestoussent Wëld selwer ofzetransportéieren ass nëmmen erlaabt, wann d’Autoritéiten d’Autorisatioun ginn hunn. Gëtt et awer gemaach, zielt dat als Verstouss géint d’Juegdgesetz.
Weider Informatioune ginn et hei: Rotschléi bei Wëldwiessel
Aarbechten un der Kräizung Aessen
D’Kräizung Aessen mat der Rue de Limpach zu Zolwer gëtt wärend den nächste Méint reamenagéiert.
Start vun den Aarbechten: Méindeg, de 07. Oktober 2024
Dauer vun den Aarbechten: Bis Enn Januar 2025
Gläichzäiteg ginn och d’Foussgängersträifen an d’Busarrête konform ëmgebaut. D’Aarbechte ginn a 5 Phasen ëmgesat.
Bei eventuelle Froe kann de Service technique ënnert der Telefonsnummer 593075 – 477 oder via Mail ënnert secretariat.technique@suessem.lu consultéiert ginn.
Méi Natur an eise Schoulhäff
Nodeems d’Gemeng Suessem schonn 2023 den éischte Präis am Kader vu Méi Natur an eise Stied an Dierfer iwwerreecht krut (méi dozou gëtt et hei), si mir och dëst Joer ënnert de Gewënner·innen, dës Kéier fir de Projet Méi Natur an eise Schoulhäff. Den 18. September goufe 7 Gemengen a Presenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes ausgezeechent.
Zil vun der Projetsausschreiwung war, d’Gemengen an hire Beméiungen ze encouragéieren, sech un d’Konsequenze vum Klimawandel unzepassen a méi grénge Raum fir jiddereen, ma an dësem Fall besonnesch fir di Klengst ze schafen. D’Iddi war et, versigelt Iwwerflächen an de Schoulhäff ze entmineraliséieren a sou méi Plaz fir gréng Infrastrukturen ze erméiglechen.
„Beem a gréng Infrastrukture sinn eng Plus-value fir d’Biodiversitéit an déi beschte Moossnam fir am urbane Raum géint Hëtztwelle virzegoen“, sou de Minister Wilmes wärend der Iwwerreechung.
Fir d’Gemeng Suessem hat d’Suessemer Schoul e Projet eragereecht, fir de Kanner eng besser Liewensqualitéit ze garantéieren.
Weider Detailer ginn et hei um Site vum Ëmweltministère.
Photo : STUDION PHOTOGRAPHY
Aschreiwung fir Éischt-Hëllef-Cours
Dir wëllt an der Lag si medezinesch Noutfäll richteg z’erkennen, liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen an Noutfallpatient·inne richteg ze tässelen? De Service Sociétés organiséiert nees een Éischt-Hëllef-Cours, dës Kéier op Franséisch. D’Formatioun gëtt am Festsall vun der Gemeng ofgehalen. Dir kënnt iech gratis fir d’Formatioun, déi op 4 Samschdeger vun 8 bis 12 Auer opgedeelt ass, umellen. Opgepasst: Et muss een un deene 4 Deeg deelhuelen, fir d’Formatioun erfollegräich ofzeschléissen.
• 05. Oktober
• 12. Oktober
• 19. Oktober
• 26. Oktober
D’Umeldung geet iwwert den Internetsite vum CGDIS: Gratis Aschreiwung
Inhalter vum Cours:
• Éischt Mesuren op Accidenter
• D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
• Verbrennungen
• Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
• Basic Life Support mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
• Reanimatioun vu Kanner
• Engem accidentéierte Motard patientegerecht den Helm ausdoen
20. informell Entrevue vun den däitschsproochege Staatschef·innen
Op Invitatioun vun den LL.AA.RR Grand-Duc an der Grande-Duchesse, hu sech déi däitschsproocheg Staatschef·innen dësen Dënschdeg, de 17. September 2024 getraff. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet och un der 20. informeller Entrevue vun den däitschsproochege Staatschef·innen an der Maison des Sciences Humaines vun der Uni Lëtzebuerg um Belval deelgeholl. De Sujet vum Dag huet sech mat Fake News an de Geforen a Risike fir eis Gesellschaft befaasst. D’Table Ronde, déi am Media Center ofgehale ginn ass, gouf duerch eng Ronn vun Expert·innen am Domaine komplettéiert.
„D’Fake News stellt eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft duer: Et steet net manner wéi d’Vertrauen an déi demokratesch Institutiounen an d’Wëssenschaft um Spill“, huet den S.A.R. Grand-Duc betount.
Virum Enn vun der Entrevue goung et fir d‘éischt eriwwer an d’Unisbibliothéik, déi op den Iwwerreschter vum fréieren Industriegebai Möllerei gebaut ginn ass. Duerno stoung nach een Tour vum Campus um Programm éier d’Ofschlossiessen an der Halle des poches à fonte zerwéiert ginn ass.
Fotoen: Maison du Grand-Duc | Kary Barthelmey
Lancement vun Hoplr
Vun dësem Hierscht un ass d’Gemeng Suessem op Hoplr ze fannen, engem neie soziale Reseau, deen iech a Kontakt mat der Noperschaft an ärem Quartier an Uertschaft bréngt. All Awunner·in vun de 4 Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer ka sech vun elo un aschreiwen.
Bei Hoplr handelt et sech ëm eng privat Internetsäit, déi just fir d’Leit aus eisen Uertschaften accessibel ass. Hoplr gëtt et och als App fir den Handy, entweder am App Store fir iPhone oder am Play Store fir Android.
Weider Informatiounen an Aschreiwung bei Hoplr (de Link klicken).
Woufir kënnt dir de Reseau benotzen?
- fir är Noperschaft besser kennen ze léieren;
- fir iech ëm si ze këmmeren an iech géigesäiteg Ënnerstëtzung unzebidden;
- fir Saache wéi zum Beispill eng Leeder oder eng Buermaschinn ënnerteneen ze léinen;
- fir en·g zouverlässeg·en Installateur·rice oder Babysitter an der Noperschaft ze fannen;
- fir iwwer d`Verkéiersproblematik oder d‘Schantercher ze diskutéieren;
- fir zum Beispill e Vide-grenier oder en Nopeschfest unzekënnegen an ze organiséieren.
Deemnächst kritt all Awunner·in e Bréif an d’Boîte, an deem all néideg Infoen ze fanne sinn, dorënner wéi d’Aschreiwung ofleeft.
Mir freeën eis iech deemnächst op Hoplr begréissen ze kënnen.
Bei eventuelle Froe kënnt dir iech beim Service des Relations publiques et de la Culture ënnert service.rpc@suessem.lu mellen.
De séchere Schoulwee
Mam Enn vun der Schueberfouer steet d’Schoulrentrée virun der Dier. Et wäerten nees méi Autoen op eise Stroossen a méi Kanner laanscht d’Stroossen ënnerwee sinn, dofir soll besonnesch an den éischte Woche besonnesch opgepasst ginn. Vill Kanner kennen d’Geforen am Stroosseverkéier net, fir verschiddener ass et souguer déi éischt Rentrée an d’Opreegung ass grouss – och wa si d’Reegele geléiert hunn, kënne si se dee Moment vergiessen. Wéint hirer Gréisst si se manner gutt siichtbar fir Autofuererinnen. Dofir ass et un eis all, opzepassen. Virun allem bei Schoule soll d’Vitess ugepasst ginn.
Eltere solle mam gudde Beispill virgoen an de Kanner d’Verkéiersreegelen am Virfeld erklären. D’Kanner sollen awer net nëmmen op d’Geforen opmierksam gemaach ginn, mee zesumme mat den Elteren den zukünftege Wee bis an d’Schoul e puer Mol ofgoen.
Weider Informatioune vun der Police ginn et hei: PDF: Rentrée & de séchere Schoulwee
Aktivitéiten am Kader vum Ëmweltjoer
Aus den Ëmweltwoche gouf 2024 een Ëmweltjoer, fir de Fokus verstäerkt op nohalteg Mobilitéit ze setzen. Besonnesch sollen d’Fortbeweegungsmëttel Bus, Zuch, Vëlo oder och zu Fouss an de Vierdergrond réckelen. Den Ëmweltbüro vun der Gemeng Suessem huet fir 2024 insgesamt 8 Aktivitéiten op d’Bee gestallt, déi sech mat deem Volet befaassen, dorënner:
Kordall Mobilitéitsdag
De 16. September ass de Startschoss vun der Sensibiliséierungswoch vun der Mobilitéit. An där Woch dréint sech alles ëm nohalteg Mobilitéit, sou och den 21. September mam Kordall Mobilitéitsdag op der Place de l’Indépendance zu Zolwer vun 10.00 bis 17.00 Auer.
Um Programm stinn:
- ee Vëlosoccasiounsmaart (dir kënnt ären eegene Vëlo dobäistelle mat Präis an Telefonsnummer, dir musst iech awer selwer ëm de Verkaf këmmeren);
- eng Biergcourse mam Vëlo de ganzen Dag;
- Tester mat Cargobikes (dorënner Winther E-Cargoo, Bullitt Milk Plus E6000 Riese & Müller Multitinker mat Family Equipement);
- ee Vëlosgeschécklechkeet-Parcours.
Iessen a Gedrénks gëtt et vun Eis Epicerie. Kommt zu Fouss, iwwer d‘Vëlosweeër am Kordall oder mat den TICE-Linnen 2, 3 a 15. D’Rue Prince Jean ass deen Dag gespaart, Detailer dozou ginn et hei.
Theemenowend Elektromobilitéit
Den 18. November ab 19.00 Auer dréint sech am Festsall vun der Gemeng alles ronderëm d’Elektromobilitéit. Zesumme mat dräi Gäscht aus der Branche gëtt mat Mythen a Märercher opgeraumt an dir kënnt är Froen un d’Experte riichten.
Musek am Bus
De 05. August goufen eis Buslinnen 2 an 3 fir een Nomëtteg an eng gemittlech Concertslocation ëmgewandelt. D’Zolwer Musek huet iech op der Linn 2 ënnerhalen an d’Blue-Ish op der Linn 3.
Workshop Trëppeltier
Zesumme mat de Minettstrëppler goung et Enn August zu Fouss duerch eis 4 Uertschaften. Zil vum Workshop war et d‘Weeër esou accessibel wéi méiglech ze gestalten, dofir konnten all Interesséiert sech umelle fir matzegoen an hiren Input do ze loossen.
Pimp my Bushaischen
Op 15 Linne fueren d’Busser vum ëffentleche Verkéier duerch eis Gemeng. D’Bushaisercher vun der Gemeng Suessem kréie beim Projet Pimp my Bushaischen eng nei Tapéit. Detailer an Umeldung ginn et hei.
Personal fir de Pedibus gesicht
Am Kader vum Projet Pedibus gi Kanner bei verschidden extra dofir virgesi Busarrêten (dës si mat der Signalisatioun PEDISBUS gekennzeechent) ofgeholl an zu Fouss op sécherem Wee bei d’Schoul bruecht.
D’Gemeng Suessem sicht Interesséierter, déi d’Ekipp vum Pedibus-Reseau verstäerke wëllen. Eis Pedibus-Linne fonctionéiere bei der Schoul Suessem a beim Kannercampus Belval an hale sech un d’Auerzäite vun de Schoulstonnen, heescht jeeweils viru respektiv nom Cours.
Pedibus Suessem
Pedibus Kannercampus Belval
Accompagnateur·ricen musse Lëtzebuergesch schwätze kënnen. All Faart, déi als Begleetpersounduerchgefouert gëtt, gëtt mat 16,1526 € remuneréiert. Interesséierter kënnen hir Demande u service.scolaire@suessem.lu schécken. Fir weider Froe kann de Service via Telefon kontaktéiert ginn: 59 30 75 – 502
Demandë mussen iwwert dëse Formulaire eragereecht ginn: PDF Formulaire Pedibus
Aarbechten ënnert de Gleiser zu Bieles
D’Baufirma Sopinor schafft wärend dem Hierscht ënnert den Eisebunnsschinnen, fir d’Bueraarbechten um Reseau an der Rue de la Gare zu Bieles ofzeschléissen.
Start vun den Aarbechten: 2. September 2024
Dauer vun den Aarbechten: +/- 3 Méint
De P&R vun der Gare Bieles-Zolwer ass wärend der gesamter Dauer vun den Aarbechten net accessibel. Tëscht dem 25. an 31. Oktober 2024 gëtt an der Nuecht geschafft. Dozou wäert nach zu engem spéideren Zäitpunkt kommunizéiert ginn.
Den Accès op de Quai fir den Zuch ze huele bleift wärend den Aarbechte garantéiert.
Zousätzlech Informatioune gëtt et beim Service Technique vun der Gemeng Suessem um Telefon 593075 – 477 oder via E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu.
GoGo VELO: An 42 Deeg ronderëm d’Welt
Déi éischt Editioun vu GoGo Velo start den 20. September mat der Missioun „An 42 Deeg ronderëm d’Welt“. Zil ass et all zesummen esou vill Äerdëmkreesungen (40.075 km) wéi méiglech bannent 6 Wochen um Vëlo ze maachen. D’Aktioun vu ProVelo asbl a Klima-Bündnis Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte soll d’Leit dozou motivéieren, de Vëlo als deeglecht Verkéiersmëttel ze gesinn a Loscht ze kréien, den Drotiesel méi an den Alldag anzebauen.
Verschidden Challengë wärend der Campagne hëllefen iech, um Ball ze bleiwen, well wann dir dës erfollegräich meeschtert, kënnt dir iech fir d’Verlousung vu flotte Präiser qualifizéieren.
Fir deelzehuele muss d’App Radbonus um Smartphone erofgeluede ginn. Ab September wäert an der App d’Campagne disponibel sinn, wou sech Interesséierter dann aschreiwe kënnen. An der Praxis gesäit et sou aus: Wärend der Faart start dir d’App mam Tracking-Button an esou ginn är gefuere Kilometer automatesch bäigesat.
Zousätzlech ass et méiglech iwwert d’App Feedback zu der Vëlosinfrastruktur ze ginn. D’Aktioun geet bis den 31. Oktober 2024.
Weider Informatioune ginn et op gogovelo.lu.
PDF GoGo Velo
Echantillon mat Geseems fir äre Gaart
Wëllbeien, Päiperleken an aner Bestäuber hunn et am urbane Raum ëmmer méi schwéier. Hire Liewensraum leeft Gefor, ze kleng ze ginn. Blummen a Kraider, déi natierlech bei eis virkommen, si wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekten. Dofir brauche mir är Hëllef. Dir kënnt zum Beispill ee klengt Beet bei iech doheem usetzen.
Dir huet d’Méiglechkeet bei eis an der Gemeng en Echantillon mat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Geseems fir 1m2 sichen ze komme (d’Quantitéit ass begrenzt) fir dëse Som an ärem Gaart elo unzeséien, soudass dir d’nächst Joer mat engem faarwege Gaart an d’Fréijoer starte kennt. Fir méi grouss Fläche vu 25–50m2 kënnen 100-Gramm-Tute vun den dräi Mëschunge LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an ärer Ëmgéigend kaaft ginn:
• Angelduerf, Barenbrug Luxemburg
• Bartreng, a.c.i.e.r. Luxembourg
• Bartreng, co-labor
• Colmer-Bierg, De Verband V Shop
• Diddeleng, Fondation Kräizbierg
• Dippech, Mon Jardin
• Kockelscheier, Haus vun der Natur
• Léiweng, De Verband V Shop
• Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA
• Réiden op der Atert, Op der Schock
• Réiden op der Atert, Waasserhaus
• Steesel, Bamschoul Becker
• Useldeng, Tourist Info Wëlle Westen
Weider Informatioune ginn et op wellplanzen.lu.
PDF Sicona op LU
Verkaf vun engem Schwader
De Syndicat Intercommunal pour la Conservation de la Nature du Centre (SICONA) verkeeft e Schwader vun der Mark Molon. Et handelt sech ëm eng quasi nei Maschinn (manner wéi 15 Stonnen am Gebrauch) vun 2,40 Meter aus dem Joer 2023.
Den Zouschlag kritt déi Persoun, déi am meeschte bitt bei engem Mindestpräis vun 9.000 Euro. All Offer soll op engem Blat Pabeier bis spéitstens den 20. September 2024 um 14.00 Auer u follgend Adress geschéckt ginn: SICONA-Centre, 12, Rue de Capellen, L-8393 Olm. Op der Offer mussen Numm, Virnumm an d’Adress vun der jeeweileger Persoun stoen.
D’Offere ginn den 20. September 2024 um 14.00 Auer an enger ëffentlecher Sitzung zu Olm (12 Rue de Capellen) duerchgekuckt. Weider Informatioune kënnen iwwer Telefon ënnert der Nummer +352 621 382 512 nogefrot ginn.
PDF Vente Andaineur
Opgepasst op Trickdéifställ
Vun e Freideg den 23. August bis den 11. September ass d’Schueberfouer nees zeréck um Glacis an der Stad. Fir dass dir eng gutt Zäit op der Fouer hutt, huet d’Police en neie Flyer ausgeschafft fir op d’Trickdéifställ opmierksam ze maachen, déi besonnesch op Plazen, wou vill Leit zesumme kommen, méi heefeg virkomme kënnen.
Trick- an Täschendéif schaffe mat verschidden Oflenkungsmanöveren, fir un är Wäertsaachen ze kommen, dorënner:
- Oflenken: Är Opmierksamkeet soll op eppes anescht gelenkt ginn. Sou erleet si äre Fokus ewech vun äre Wäertsaachen. Halt är Saachen ëmmer am Bléck an no un ärem Kierper.
- Urempelen: Persounen, déi iech urempelen, kënnen dëse Moment notzen an iech onopfälleg eppes klauen. Passt op, dass är Rucksäck a Poschen ëmmer zou sinn.
- Undanzen: Haalt friem Persounen, déi iech moie soen, andeem si iech undanzen oder an den Aarm huelen, op Distanz.
D’Police ass wärend der Fouer verstäerkt um Glacis present an huet wéi all Joer e Kommissariat direkt an der Haaptentrée, dee vu 14.00 bis 01.00 Auer op huet.
PDF: Flyer vun der Police
Workshop Trëppelwee
Am Kader vum Ëmweltjoer zum Thema Mobilitéit organiséiert d’Gemeng zesumme mam Veräi Minettstrëppler Workshops zu den Trëppelweeër op Gemengenterrain. Zil ass et d‘Weeër esou accessibel wéi méiglech ze gestalten, dofir ass ären Input gefrot. D’Workshops si virun allem un d’aktiv Senior·inne geriicht, Leit mat Kutschen a Kanner kënnen awer och mat trëpplen.
An all Uertschaft gëtt ee sou ee Workshop organiséiert:
- En Dënschdeg, de 27. August: Zolwer – Um Bur | 3 KM a 74 Héichtemeeter
- E Mëttwoch, den 28. August: Suessem – Kennedy | 4 KM an 83 Héichtemeeter
- En Donneschdeg, den 29. August: Éilereng – Dennebësch | 5 KM an 88 Héichtemeeter
- E Freideg, den 30. August: Bieles – Gaalgebierg | 4 KM an 61 Héichtemeeter
Rendez-vous ass jeeweils um 9.45 Auer firum Ëmweltbüro vun der Gemeng zu Bieles. Hei ginn d’Leit mat enger Navett op di jeeweileg Plaz bruecht. Nom Tuer geet et mam Shuttle och nees zeréck.
All Input a Feedback si wëllkomm. Et ginn och Froebéi zur Verfügung gestallt, fir konkret Aschätzunge op Pabeier ze bréngen.
Umeldungen iwwer service.ecologique@suessem.lu
Aktioun Päiperlek – Maach mat!
E Summmer ouni Päiperleken? Iergendwann kéint dat de Fall sinn. Mat der Aktioun Päiperlek maachen den Naturschutzsyndikat SICONA an den Nationalmusée fir Naturgeschicht op d’Bedroung vu Päiperleken opmierksam. Net just dat, si weisen, dass mir eisen Deel zum Schutz vun de klengen Déiercher bäidroe kënnen – an dat geet ganz einfach: observéieren, knipsen, eroplueden!
Mam Flyer hei drënner kënnen déi eenzel Päiperleksaarte bestëmmt ginn. Iwwert d’App iNaturalist, déi op de Smartphone geluede soll ginn, kann all Observatioun mat enger Foto eropgeluede ginn. Am Virfeld muss awer e Kont ugeluecht ginn. D’Observatioune ginn Enn dës Joer ausgewäert an d’Resultater ginn da publizéiert.
PDF Aktioun Päiperlek
Weider Informatioune ginn et hei.
Ausschreiwung: Locatioun vun engem Raum an der REWA
D’Gemeng Suessem sicht e·ng Locataire fir een als Coiffeurssalon amenagéierte Raum am Centre intégré pour personnes âgées Résidence op der Waassertrap (REWA) am Quartier Belval Nord zu Bieles.
Op Demande kann eng Visite des lieux ausgemaach ginn.
D’Kandidature solle bis spéitstens den 30. September 2024 bis 16.00 agereecht ginn.
- Entweder mat der Post u folgend Adress: Administration communale de Sanem au Collège des bourgmestre et échevin·e·s, B.P. 74 à L-4401 Belvaux.
- Oder un d’Sekretariat vun der Gemengeverwaltung vu Suessem mat Sëtz op Nummer 60, Rue de la Poste, L-4477 Belvaux (B.P. 74, L-4401 Belvaux)
Formulaire de candidature - Location d'un local aménagé en salon de coiffure au REWA
La Commune de Sanem est à la recherche d’un locataire pour un local aménagé en salon de coiffure au Centre intégré pour personnes âgées « Résidence Waassertrap » (REWA) situé dans la Quartier Belval Nord à Belvaux.Vëlosummer an eiser Gemeng
De Vëlosummer geet an eng weider Ronn. Vum 27. Juli bis 25. August 2024 ginn d’Vëlosfuerer·innen nees agelueden, Lëtzebuerg mat senger touristescher Offer um Vëlo ze entdecken. Fir dës Editioun ginn et 13 Strecken ze entdecken, déi de Vëlosfuerer·inne virbehale sinn.
Mam Service „Move we carry“ kënne Vëlostourist·innen hiert Gepäck vun A op B transportéiere loossen. Weider Offere sinn d’Zertifizéierung „bed+bike” (dës Iwwernuechtungsméiglechkeeten offréieren e gratis zougespaarte Vëlosraum) an de Reseau „Rent a bike”, iwwert dee Vëlo gelount kënne ginn.
Interessant an eiser Gemeng ass den Tour „Mam Vëlo iwwer Kopp an Dall“. Dësen Tour ass net op bestëmmten Deeg limitéiert, mee ass all Dag vum Vëlosummer accessibel.
Dëst Joer gëtt et am Kader vun der Vëlosummer Challenge an der VisitLuxembourgApp eppes ze gewannen. Jiddereen·t, deen·dat déi 13 Tier vum Vëlosummer packt, kann ee giele Vëlosummer-Trikot gewannen.
Hei ginn et d’Kaarte fir erofzelueden: Kaart vun den 13 Tier
Service Départ en vacances vun der Police
Mat der Summervakanz klëmmt de Risk vun Abréch. Dir kënnt preventiv eng Partie Saachen ënnerhuelen, fir ze evitéiere bei ärem Retour eng béis Iwwerraschung ze hunn.
Äert Doheem sécheren:
– Fënsteren an Diere RICHTEG zoumaachen.
– Alarmanlag umaachen.
– Stellt sécher, dass äert Doheem ausgesäit, als wier een·t doheem.
Donieft kënnt dir och vun engem speziellen a gratis Service vun der Police profitéieren an hinnen iwwert är Vakanzepläng Bescheed soen. Sou kann d’Police äert Doheem an hir Patrullen ophuelen an Dag an Nuecht laanscht kucke fueren, ob alles an der Rei ass. D’Aschreiwung geet online.
Aschreiwe kënnt dir iech hei: Aschreiwung fir de Service Départ en vacances
Weider Informatioune ginn et hei: Rotschléi an Tipps
Projet „Mol nach emol“
Mam Projet „Mol nach emol“ hu sech divers Associatiounen an Institutiounen zesummegedoe fir onbenotzte Schoulmaterial ze revaloriséieren an nees zeréck an de Kreeslaf ze ginn. Dës ëmweltbewosst Initiativ ass eng Chance fir méi nohalteg Praktiken a Schoulen an och Foyeren hei am Land ze promouvéieren.
Hannert dësem Projet stinn de Syndicat intercommunal à vocation écologique (Sivec), d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL), d’SuperDrecksKëscht, d’Fondation Kräizbierg an d’Œuvre nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.
A konkreten Zuelen ausgedréckt, sammelt de Ressourcenzenter Sivec all Joer net manner wéi 6.600 Tonne Material. Ee groussen Deel dovun ass a guddem Zoustand, kann awer trotzdeem net weider benotzt ginn. Fir dëse Saachen en zweet Liewen ze ginn, ass et den Opruff, entspriechend Material ze sammelen an ofzeginn. Dir kënnt dat bei eis an der Gemeng am Biergerzenter zu Bieles maachen, do steet eng Këscht, an déi dir är Saache kënnt dra maachen.
Adress:
Suessemer Gemeng
60, Rue de la Poste
L-4477 Bieles
Tel: (+352) 59 30 75 – 1
Ëffnungszäiten:
Méindes bis freides vun 08.30 11.30 Auer a vun 13.30 bis 16.00 Auer
Speziell Ëffnungszäiten dënschdes vu 07.15 un a mëttwochs bis 18.00 Auer
Méi Informatiounen op molnachemol.lu.
Aschreiwung fir d’JUVAK-Summeraktivitéiten
Entdeck e Summer voll gepak mat Aventuren an erlief Momenter, un déi s du dech nach laang erënnere wäerts. D’JUVAK-Summeraktivitéite si fir Jonker vun 12 bis 18 Joer a bidde ganz verschidden Aktivitéiten, déi dech de Summer iwwer op de Been halen. Egal ob s de léiwer Sport, Konscht oder Aventuren hues, du fënns sécher genee dat, wat fir dech passt. De Programm geet vum 30. Juli bis 15. September 2024.
Fir méi Informatioune kann s du dech beim Jugendtreff Saba mellen. D’Umeldunge fänken dëse Freideg, den 28. Juni um 18.00 Auer op juvak.lu un.
Porte Ouverte vum SABA Jugendtreff Sanem
De 15. Juni 2024 ass national Porte Ouverte vun de Jugendhaiser an den Annexen am ganze Land. Och de SABA Jugendtreff vun der Gemeng Suessem hëlt Deel an invitéiert jiddereen·t vu 14.00 bis 18.00 Auer bis laanscht ze kommen.
- SABA Jugendtreff Suessem
75, Rue de Belvaux
L-4418 Zolwer
Deen Dag ass déi perfekt Geleeënheet, dass sech interesséiert Jonker an hir Elteren iwwert de Jugendtreff, d’Offeren an d’Aktivitéiten informéieren a sech mam pedagogesche Konzept vun engem Jugendhaus vertraut maachen. Ugebuede gi Féierungen, Animatioun an Informatiounsmaterial.
Weider Informatioune ginn et op Juha.lu, dem Internetsite vun de Jugendhaiser.
Virowend vun Nationalfeierdag um KUSS
Den 22. Juni 2024 gëtt de Virowend vun Nationalfeierdag bei eis an der Gemeng traditionell um KUSS zu Zolwer gefeiert. Freet iech och dëst Joer nees op en ofwiesslungsräiche Programm:
18h00 Ouverture
18h30 DJ Fr3sh
19h30 Opstellung an der Rue du Knapp
19h45 Départ Cortège
20h00 Offiziell Usprooch vun der Buergermeeschtesch
20h30 Zolwer Knappbléiser
21h00 Concert Grand Jam & The Double T’s
22h45 Waasserspektakel Splashtastic!
00h00 DJs vun CDT-Events
Op der Plaz gëtt et Iessen a Gedrénks. Wichteg: Och dat hei ass e Cashless Event, dir kënnt mat Kaart oder Smartphone bezuelen.
Wéi all Joer ginn Navetten organiséiert. Hei den Horaire:

Nieft den Navette kann och op den ëffentlechen Transport zeréckgegraff ginn:
- d’TICE-Linnen 3 a 15 halen um Arrêt Scheierhaff,
- mam Zuch ass et den Arrêt Zolwer/Bieles,
- mam Vël’OK ass et d’Statioun KUSS.
De Virowend vun Nationalfeierdag ass ee Green Event, et ass also eng Prioritéit, ëmweltbewosst Mesuren deen Owend ëmzesetzen.
D’Europawalen a liichter Sprooch
Sonndes, den 9. Juni 2024 gëtt en neit Europaparlament gewielt. Well et wichteg ass, dass jiddereen·t versteet, ëm wat et geet a wie gewielt ka ginn, si verschidden Texter ugepasst ginn.
Klaro – Zentrum fir Liicht Sprooch a barrièrefräi Kommunikatioun huet fir d’Europawalen eng ganz Partie där Texter ausgeschafft, déi d’Verständnis vun Informatiounen a Virgäng erliichtere soll. Dat gëtt och Liicht Sprooch genannt. Déi Liicht Sprooch setzt sech aus kuerze Sätz, einfache Wierder, Erklärungen a Biller zesummen.
Betraffener préiwen d’Informatiounen am Virfeld an decidéieren, ob déi jeeweileg Informatioun als Liicht Sprooch agestuuft ka ginn. Dat sinn net nëmmen Texter, mee kënnen och Biller, Grafiken an Affichë sinn. Iwwert follgende Link geet et bei déi eenzel Erklärungen: Erklärunge vu Klaro
Klaro ass e Service vun der Apehm, déi fir Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung schafft.
Naturnoe Gaart
Well deen natierleche Liewensraum fir Insekten a Wëllflanzen ëmmer manner gëtt, si mir Mënsche gefuerdert, eisen Deel zum Erhalt vun dësem bäizedroen. Eng Méiglechkeet ass den naturnoe Gaart.
Ënnerschiddlech Liewensraim bidden der heemescher Déieren- a Planzewelt Plaz fir ze lliewen, Nahrung ze sichen a sech fortzeplanzen. Eng doudeg a latzeg Ëmgéigend bitt engem kaum en optesche Reiz a verréngert d’Openthaltsqualitéit. E Gaart voller Blumme gesäit net just schéin aus, mee mécht also och nach eppes fir den Natur- an Déiereschutz.
Dat muss net vun haut op muer geschéien, mee kann no an no ëmgesat ginn. Hei drënner gi mir iech Rotschléi, wéi dir iech kënnt uleeën, fir e Paradäis fir Insekten, wéi och Vigel a Planzen op d’Been ze stellen.
PDF: Infografik zu der Liewensqualitéit am naturnoe Gaart
PDF : Plus de fleurs, plus d’abeilles
Flow Music Festival
Wat ee Weekend! Et gouf gedanzt, gesongen, gutt giess an dat eent oder anert akaf: De Flow Music Festival vum 19. bis 21 Juli am Park um Belval (Belvaux) hat e fantastesche Lineup, ënnert anerem den CHAiLD, The Tame & The Wild, WazToo, Skuto, Foreigners an De Läb, fir der just e puer ze nennen. De Flowmaart vum 20. bis 21. Juli mat sengen insgesamt 18 Stänn a 5 Workshops at fir jiddereent eppes dobäi. Ënnert de Creators waren et ënnert anerem de Gilles Kutten, Ceci’s Creative Hub, d’Jessica Frascht, Brut.wear, Urbalina oder och Dono.
Mir soen allen Artistinnen, Creators a jidderengem, deen am Hannergrond matgehollef an op iergendeng Aart involvéiert war, villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung an dee flotte Weekend.
D’Fotoe vun den dräi Deeg sinn elo online, déi komplett Galerie kann hei gekuckt ginn.
Projet erareeche bei „Pimp my Bushaischen“
D‘Gemeng Suessem organiséiert op en Neits de Concours Pimp my Bushaischen, eng Aktioun, déi wärend der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2016 lancéiert gouf. Wéi den Numm et scho seet, ass et drëms gaangen, de Bushaisercher e besonneschen Touch ze ginn. An dofir brauche mir iech an är Kreativitéit. D’Haisercher sollen nämlech vu Leit aus der Gemeng nei gestalt ginn. D’Material kritt dir vum eisem Service Technique gestallt.
Iwwert dëse Link geet et bei den Umeldungsformulaire, deen dir online kënnt ausfëllen. Dir kënnt iech d’Dokument awer och eroflueden an dem Service Technique schécken. Dat geet iwwer follgend E-Mail: secretariat.technique@suessem.lu
D’Gewënner·inne ginn e Samschdeg, den 21. September 2024, um Dag ouni Auto, ausgezeechent. Déi betraffe Leit kréien am Virfeld eng Invitatioun.
D’Thema vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2024 ass „Espace Public Partagé“, also d’Deele vum ëffentleche Raum tëscht alle Participante vum Stroosseverkéier. An de Konschtwierker soll also beschtefalls dëse Sujet erëmerkenne sinn.
Flèche du Sud den 11. an 12. Mee
Och dëst Joer geet d‘Vëloscourse vun der Flèche du Sud duerch eis Gemeng.
Déi 4. Etapp mat iwwer 18,8 Kilometer ass e Samschdeg, den 11. Mee zu Suessem. Lass geet et mam Contre-la-montre an der Rue du Château, Arrivée ass beim Suessemer Schlass. Am ganze Parcours ass all Verkéier verbueden. Verschidde Stroosse sinn deelweis ab +/- eng Stonn virum Depart bis eng hallef Stonn no der Arrivée gespaart. Dat heescht och, dass tëscht 14.00 an +/- 17.30 Auer d’Awunner·innen op de jeeweilege Plazen net mat hirem Auto circuléiere kënnen. Falls néideg, sollen d’Autoen an de concernéierte Stroosse viru 14.00 Auer geréckelt ginn.
Folgend Stroosse si concernéiert:
Suessem:
- Rue d’Esch tëscht den Nummere 85 an 133.
Zolwer:
- Rue de Limpach tëscht den Nummeren 119 an 147,
- Rue Aessen tëscht den Nummeren 1 an 114,
- Rue des Champs, Rue Dennebësch, Rue du Château, Rue du Nord et Rue Uerschterhaff gi komplett gespaart.
E Sonndeg, den 12. Mee féiert déi 5. Etapp d’Vëlosfuerer·innen duerch Éilereng an de Belval/Bieles. A béiden Uertschafte solle se tëscht 11.30 Auer a 17.00 Auer passéieren. De Verkéier gëtt um ganze Parcours deen Dag am Sens unique gereegelt an d’Busser fueren op der betraffener Streck net. Op www.mobiliteit.lu ginn deen Dag déi néideg Informatioune publizéiert.
Folgend Stroossen zu Éilereng gi gespaart:
- Rue Kulturschapp,
- Cité Gewaennchen,
- Rue Neuve.
Fir jiddereen·t am Stroosseverkéier gëllt et, sech d’un d’Stroossespären an d’Sens uniquen ze halen a besonnesch op d’Vëlosfuerer·innen opzepassen.
Zousätzlech Informatioune ginn et op fleche-du-sud.lu. De Guide Technique kënnt dir iech hei ukucken: Guide Technique
Autonom Navett um Belval
Et ass sou wäit: No den néidegen Tester kënnt déi éischt autonom Navett bei eis an d’Gemeng. Vum 7. Mee 2024 u fiert eng Navett vun den CFL an dem Hiersteller Ohmio um Belval. Déi éischt Testfaarte ginn nach ouni Passagéier·inne gemaach.
Déi éischt Navette kruten d’CFL am Mäerz 2023 a koumen um CFL-Terminal um Multimodal-Site zu Beetebuerg-Diddeleng a bei IEE zu Biissen an den Asaz. An den nächste Woche wäert de Shuttle dann um Belval e ganzen Testprogramm duerchlafen, wou d’Verhale vum Gefier an ënnerschiddleche Verkéierssituatiounen analyséiert gëtt. Wärend dëser éischter Phas fueren d’Navetten tëscht dem Arrêt op der Héicht vun der Gare Belval-Universitéit an dem Busarrêt op der Héicht vun der Uni. Déi kommerziell Mise en service gesäit eng 2,3 Kilometer laang Schläif vir, déi véier Arrêten um Terrain vum Belval ofdeckt.
D’Navette sinn esou equipéiert, dass si ëmmer en 360-Grad-Iwwerbléck hunn an domat genee gesinn, wat ronderëm si ass.
Hei kënnt dir iech e Video vum Gefier ukucken: autonom Navett
Klass 5e 1 vum LGE op Visitt
E Bléck hanner d’Kulisse vun enger Gemeng – dat kruten d’Schüler·innen vun der 5e 1 aus dem Lycée de Garçons Esch (LGE) bei hirer Visitt zu Bieles. Zesumme mat hire Proffen Daniel Luciani an Eric Astafieff hu si de Projet „Initiation à la citoyenneté“ nees opliewe gelooss a sech dofir d’Gemeng Suessem erausgesicht.
Déi Jonk ware virwëtzeg an haten eng ganz Parti Froe virbereet: „Wéi laang dauert et, bis ee Buergermeeschtesch gëtt? Ass et e stressegt Amt? Wéi ass et als Fra an engem vu Männer dominéierten Domän (politesch) aktiv ze sinn? Wat hutt Dir bis elo u Projeten an Ärer Gemeng ëmgesat?“
D’Schüler·inne konnten alles froen, wat si interesséiert. D‘Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz stoung Ried an Äntwert an huet hinnen en Abléck an déi politesch Welt ginn. Vum Alldag um Büro iwwer d’Erausfuerderunge bei diverse Projeten, huet si oppen an éierlech Ablécker an hiert Liewen als politesch Responsabel ginn. Si huet erkläert, wéi a mat wiem si schafft, wat hir Prioritéiten als Gemengeverantwortlech sinn, a wat d’Aufgabe vum Schäff·innen- a Gemengerot sinn.
Doriwwer eraus huet d’Buergermeeschtesch perséinlech Anekdote vun hirem professionelle Parcours erzielt, déi de Schüler·innen weise sollen, dass an der Welt vun der Politik Mënschlechkeet eng bedeitend Roll spillt. Déi Jonk haten och d’Méiglechkeet ze soen, wat si sech vun enger Gemeng wënschen an u wat et hinne feelt. Fir d’Visitt ofzeronnen, goung et weider bei den État Civil an de Biergerzenter, wou d’Klass zousätzlech Erklärunge vum zoustännege Gemengepersonal krut an esou e bessert Verständnis dofir huet, wéi eng Gemeng funktionéiert.
Als Gemeng ënnerstëtze mir esou Renconteren, sou dass Jonker a politesch Entscheedungsträger·innen sech austausche kënnen. Mir soen der Klass aus dem LGE an hire Proffe Merci fir hire Besuch an déi gutt iwwerluechte Froen.
Campagne „Méi net am Mee”
Hëlleft de Beien, dass hire Liewensraum erhale bleift. Wie méi laang net méit, gëtt de Beien an anere Bestëbser eng Chance, d’Blummen ze bestëbsen, déi eis Ekosystemer um Liewen halen. Dat ass eng einfach Méiglechkeet, souwuel d’Beien wéi och d’Natur ze schützen. Wärend dëser Zäit befanne sech vill Wëllblummen a voller Bléi an dengen als wichteg Narungsquell fir d’Bestëbser.
E Buedem, dee geméit ass, bitt quasi keng Iessméiglechkeete fir Insekten. D’Méien zu dësem Zäitpunkt kann hire Liewensraum zerstéieren a sou hir Energiequell drastesch reduzéieren. Bonus: Domat schütze mir och eis villfälteg Flora a Fauna, déi vun der Déierewelt ofhängeg sinn.
An deem Sënn ruffen d’Naturschutzsyndikater SICONA a SIAS d’Leit dozou op, bei hirer Campagne „Méi net am Mee” matzemaachen. D’Spillreegele si ganz einfach: Am Mee gëtt net geméit. Dir kënnt natierlech och just en Deel vun ärem Wuess stoe loossen – Haaptsaach d’Bestëbser hunn eng Plaz, wou se hir Aarbecht maache kënnen.
Wie matmécht kann entweder Fotoe vum eegene Gaart maachen an dës op moien@sias.lu schécken oder d’Fotoen op de soziale Medie mam Hashtag #BlummefirBestëbser deelen, fir un engem Gewënnspill deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et hei: Internetsite fir d’Campagne „Méi net am Mee” oder hei : PDF-Poster mat weideren Infoen
Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet
Ënnert der Leedung vum Tara Jung, eiser Responsabeler vum Service Senior+, huet d’Gemeng Suessem fir eng zweete Kéier eng Éischt-Hëllef-Formatioun an der mentaler Gesondheet fir hir Mataarbechter·innen organiséiert. An de Sessiounen am Laf vum Mäerz ass et drëm gaange fir d’Verständnis vu mentale Pathologien ze verbesseren. Jiddereen·t krut Informatiounen an Hëllefsstellunge mat op de Wee, fir psychesch Krankheete besser ze verstoen, se ze erkennen a Betraffenen eng Éischt Hëllef unzebidden.
Méi Informatioune ginn et op follgender Säit: Detailer iwwert Éischt-Hëllef-Coursen an der mentaler Gesondheet
Falls dir een·t kennt oder selwer Hëllef braucht, kënnt dir iech un SOS Détresse wenden, si bidden iech ënnert der Nummer 45 45 45 eng anonym a vertraulech Hëllef. Dir kënnt och de Site 454545.lu consultéieren a si do kontaktéieren. Zousätzlech Infoe ginn et och op llhm.lu.
D’Gemeng organiséiert déi nämmlecht Formatioun fir hir Awunner·innen. Et gëtt leider keng Plaze méi fir d’Sessiounen am Fréijoer an am Hierscht 2024.
Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen
De 27. Mäerz 2024 huet d’Gemeng Suessem zesumme mam Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Ënnerbrengung vu Geflüchteten a mam Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Mir gehéieren domat zu den 13. éischte Gemengen, déi dëse Pakt ënnerschriwwen hunn.
Mir gehéieren domat zu den 13. éischte Gemengen, déi dëse Pakt ënnerschriwwen hunn. D’Gemeng Suessem engagéiert sech op dësem Wee verstäerkt fir den Accès zu Infomaterial an d’Bedeelegung vun alle Mënschen, déi bei eis liewen an/oder schaffen, ze vereinfachen. Grad esou gëtt domat en Zeeche fir d’Bekämpfung vun all Form vu Rassismus an Diskriminatioun gesat, fir all Zort vun Diversitéit ze erméiglechen. De partizipative Prozess steet am Virdergrond. All Awunner·in gëtt bestäerkt, konstruktiv Virschléi zu Sujeten ze maachen, déi eis all eppes uginn, d’Zesummeliewen an den Austausch an der Gemeng Suessem aktiv matzegestalten an esou säin·hiren Deel dozou bäizedroen, dass d’Liewen an d’Schaffen an eiser Gemeng nach besser ka ginn.
Mam Akafrafttriede vum Gesetz am Juli 2023, ass d’Pilotphas vum Gemengepakt ofgeschloss ginn an huet dowéinst nei missten ënnerschriwwe ginn. An deem Kader ginn interesséiert Bierger·innen dozou opgeruff, sech am Bierger·innepakt ze engagéieren an deen zesumme mam Ministère ënnerschreiwe kënnen. Virdru war dat just fir auslännesch Matbierger·innen eng Optioun, elo ass dat och fir Lëtzebuerger·inne méiglech. Och hei gëllt: Jiddereen·t, deen·dat hei wunnt an/oder schafft, ka sech engagéieren.
Weider Informatioune ginn et um Internetsite vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen. An der Gemeng Suessem ass d’Annick Spellini, Responsabel vum Service à l’Égalité des chances et Diversité, Kontaktpersoun: annick.spellini@suessem.lu
Alkleedersammlung de 15. Abrëll
De 15. Abrëll ab 8.00 Auer start d’Alkleedersammlung vun der Aide aux Enfants Handicapés du Grand-Duché (AEHGD) och bei eis an der Gemeng. D’Kleeder kënnen an all Zort vun Tuten oder Kartongen agepak ginn. Am beschten ass et se réicht de Moie selwer op den Trottoir ze stellen, fir ze verhënneren, dass eppes verschwënnt oder beschiedegt gëtt. D’Kleeder gi vu Camione vun der AEHGD oder vun de concernéierte Gemengeservicer agesammelt.
Falls néideg kann d’AEHGD kontaktéiert ginn:
- iwwer Telefon entweder um 621 666 554 oder 621 811 222,
- via Mail.