Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: david

Nuetsrallye 2024

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem freet sech, datt mir däi Virwëlz fir den Nuetsrallye 2024 erwächt hunn. Op dëser Säit fënns du e puer nëtzlech Informatiounen zum Oflaf fir dech, deng Ekipp an däi Veräin.

Theema dëst Joer: Grujel-Editioun. 

Wat? Wou? Wéini?
– De Nuetsrallye ass den 28. September 2024
– Umeldeschluss ass den 22. September 2024
– Depart ass tëschent 17.30 an 17.45 Auer. Check-in ass ab 17.00 Auer op der Plaz. Rendez-vous an Depart ass dëst Joer am Centre culturel Metzerlach (62, rue Sigefroi, L-4407 Belvaux), direkt bei der Schoul Roude Wee. Fir déi Leit déi mam Bus komme sollten, bei der Schoul (Arrêt Belvaux, Roudewee Schoul) hält d’Tice-Linn 2. Um Arrêt Belvaux, Paquebierg halen d’Tice-Linnen 3 a 15 wéi och den RGTR 607 a 691.

– De Rallye dauert ongeféier 4 Stonnen
– Iwwert dem Wee gi flott Spiller gemaach an de Recht gitt der owes gewuer
– Fir e klenge Präis kritt dir op der Plaz eppes z’iessen an ze drénken
– Äre Bidon kennt dir de ganzen Owend nees opfëllen; wie kee Krunnewaasser wëll, kritt natierlech och eppes aneres

Konditiounen?
– All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
– De Mindestalter ass 12 Joer. Fir déi Leit ënner 18 Joer brauche mär eng Autorisatioun vun den Elteren
– All Ekipp muss mindestens ee Responsabelen hunn dee méi wéi 18 Joer huet

–  Exklusiv fir Gruppe mat Jonken ënner 26 Joer! D’Hallschent vun de Participanten muss ënner 26 Joer al sinn
–  D’Gruppen aus der Gemeng Suessem gi prioritär behandelt

– D’Participatioun kascht 5 € pro Persoun
– No Ärer Umeldung kritt dir eng Confirmatioun vun eis geschéckt mat allen Donnéeë fir d’Participatioun ze bezuelen
– Nom Paiement ass är Umeldung fix

Wat soll där onbedéngt matbréngen?
– Fest Schung
– Kleeder, déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn (Opgepasst, et geet duerch de Bësch!)
Täscheluuten (d’Luucht vum Handy geet net duer)
– Handy
– Powerbank fir den Handy
– Warnwesten
– Block
– Bicker
– Bidon fir mat Waasser ze fëllen
– E bësse Cash

Falls du  Loscht hues, bei eisem Nuetsrallye matzemaachen, da mell dech an deng Ekipp esou schnell wéi méiglech un, well d’Plaze sinn op 10 Ekippe begrenzt. All weider Detailer kriss du dann dono vun eis per Mail.

 


Note: Är perséinlech Donnéeën ginn just fir dësen Event benotzt an vertraulech behandelt. Nom Event ginn alleguerten är Donnéeën erëm gelëscht.Sollt ee Member wëlle seng Rechter ausübe wéi beim Reglement (UE) 2016/679 virgesinn, sou kann heen dëst iwwer d’E-Mail dpo@suessem.lu oder iwwer Courrier op d’Gemeng.

aktiv! Aktivitéite fir all Alter 2024/2025

Mir sinn houfreg Iech eis Broschür iwwert Weiderbildungscoursen, Sports- a Fräizäitaktivitéite fir d’Rentrée 2024/2025 virzestellen.
 
Entdeckt d’Broschür 2024/2025
 
Aktiv a mat Liewensfreed duerch d’Liewe goen, wierkt sech positiv op d’Gesondheet aus. Et ass wichteg en Ausgläich ze fannen, fir mental a kierperlech fit ze bleiwen. Dofir hu mir eist Bescht gemaach, fir eis Offer esou villsäiteg wéi méiglech ze halen, fir datt jiddweree vun Iech eppes fënnt, wat ëm zouseet.
 
Informatiounen an Aschreiwungen hei >>>
 
 

Opwuessen ouni Damp

D’Fondation Cancer an d’Gemeng Suessem hunn eng strategesch Allianz gebilt, déi den 3. Oktober 2023 mat enger Ënnerschrëft konkretiséiert gouf. Et geet drëms, fir déi ambitiéis Visioun vun enger tubakfräier Generatioun an d’Realitéit ëmzesetzen.

Dës national Initiativ baséiert op enger holistescher Approche: Reegelméisseg Erhéijunge vun den Tubakspräisser, e komplett Reklammverbuet fir Tubak, an nach vill aner Moossnamen. D’Zil vum Ofkommes, Suessem bis 2040 zu enger Commune Sans Tabac ze maachen, ass e Kader ze schafen, wou Kanner a Jugendlecher wäit ewech vum schiedlechen Afloss vum Tubakkonsum opwuesse kënnen, wärend d’Zuel vu Fëmmerten an der Bevëlkerung an engems bedeitend reduzéiert gëtt.

Fannt de kompletten Artikel an eisem Blog op suessemjetaime.lu >>>

Weider Informatiounen: www.generationsanstabac.lu/

 

aktiv! Aktivitéite fir all Alter

Mir sinn houfreg Iech eis Broschür iwwert Weiderbildungscoursen, Sports- a Fräizäitaktivitéite fir d’Rentrée 2023/2024 virzestellen.
 
Aktiv a mat Liewensfreed duerch d’Liewe goen, wierkt sech positiv op d’Gesondheet aus. Et ass wichteg en Ausgläich ze fannen, fir mental a kierperlech fit ze bleiwen. Dofir hu mir eist Bescht gemaach, fir eis Offer esou villsäiteg wéi méiglech ze halen, fir datt jiddweree vun Iech eppes fënnt, wat ëm zouseet.
 
Zéckt net, fir Iech hei anzeschreiwen. Mir wënschen Iech op alle Fall elo scho vill Freed an Erfolleg.
 
Fir Iech d’Coursen nach méi nozebréngen, fannt Dir hei en Abléck an déi verschidde Coursen
 
Entdeckt déi aktuell Broschür 2023/2024
 
 
Billetterie Weezevent

 
 

Kuckt eis Videoserie fir op de Goût ze kommen:

 

Famillen mat engem positiven Impakt: Atelieren iwwer Transitioun an Nohaltegkeet

D’Gemeng Suessem an EcoTransFaire invitéieren Iech op eng Serie vu 6 Atelieren, vun Enn Mäerz bis Mëtt Juli, iwwert d’Theemen Transitioun a Nohaltegkeet.

D’Workshops wäerten Iech hëllefen:

– Ären Energieverbrauch besser ze verstoen an ze kontrolléieren
– Ären Offall a Waasserverbrauch ze reduzéieren
– Nohalteg a lokal ze consomméieren
– Ären Afloss ze moossen an ze verstoen

D’Participant·ë vun den Ateliere kréien e Suivi-Pass a Rotschléi fir am Eegenheem ëmzesetzen. D’Ateliere gi clôturéiert mat engem Biergerfest.

Méi Informatioune fannt Dir op matgesfeld.lu

 

Atelieren 1: dënschdes

Energie – Hëtzen » dënschdes 28.03. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Energie – Haushaltsapparater » dënschdes 25.04. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Waasser » mëttwochs 10.05. 18.30–21.00 » Zolwer Zären
Offall » dënschdes 23.05. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Kreeslaafwirtschaft » dënschdes 06.06. 18.30–21.00 » Matgesfeld
Biodiversitéit » dënschdes 04.07. 18.30–21.00 » Zolwer Zären

Atelieren 2: samschdes

Energie – Hëtzen » samschdes 01.04. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Energie – Haushaltsapparater » samschdes 29.04. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Waasser » samschdes 13.05. 10.00–12.30 » Zolwer Zären
Offall » samschdes 27.05. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Kreeslaafwirtschaft » samschdes 10.06. 10.00–12.30 » Matgesfeld
Biodiversitéit » samschdes 08.07. 10.00–12.30 » Zolwer Zären

D’Inscriptioun ass obligatoresch fir déi ganz Serie vu 6 Atelieren. (more…)

Devenir écrivain public

Leider ass dëse Contenu nëmmen op Franséisch verfügbar.

Qu’est-ce qu’un écrivain public ?

L’écrivain public soutient gratuitement une personne dans ses démarches administratives comme:
traduire oralement un document, rédiger un courrier, un CV, remplir un formulaire, …

Pourquoi un écrivain public est-il nécessaire ?

  • Illettrisme, analphabétisme
  • Non-maîtrise de la langue (officielle)
  • Omniprésence de l’administratif
  • Complexité des supports d’écriture
  • Besoin d’un conseil en écriture
  • Non-maîtrise des supports d’écriture numérique

Que fait un écrivain public?

C’est une personne qui écrit pour et avec autrui tout type de texte à caractère privé, administratif ou professionnel

Qu’est-ce qu’il n’est pas ?

Un écrivain public n’est pas

  •  un·e avocat·e
  • un·e assistant·e social·e
  • un·e psychothérapeute
  • un·e syndicaliste
  • un·e souffre-douleur

Les qualités requises sont:

  • maîtriser la grammaire et la syntaxe, surtout du français
  • avoir un vocabulaire étendu
  • disposer d’une écoute attentive et faire preuve d’empathie

Qui est responsable ?

  • L’écrivain public assiste la personne à comprendre et à interpréter les courriers.
  • Il conseille, informe et aide à formuler un document.
  • La personne bénéficiaire reste responsable des documents établis par l’écrivain public.
  • L’écrivain public informe la personne sur les éventuelles conséquences et suites de l’écrit.

Interessé·e ?

Merci d’envoyer votre candidature par e-mail à ep@sanem.lu.
Pour plus d’informations, veuillez contacter le 59 30 75 654

Ëmweltkalenner 2023

Kuerz virum Joereswiessel haten all d’Awunner·innen aus der Gemeng den neien Ëmweltkalenner an der Boîte. Dëse verréit Iech net nëmme wéini Är Dréckskëschten eidel gemaach ginn, ma dir fannt all nëtzlech Informatiounen dran.

Fir den Ëmweltkalenner 2023 si mir op en Neits eng Kooperatioun mat 13 Illustratoren·innen agaangen. Ganz am Theema ‘Eat your vegetables’ gëtt et passend zu all Illustratioun och jeeweils e vegetarescht Rezept.

Dir hutt keen Exemplaire kritt? Da frot Iech Äre Kalenner am Biergerzenter vun der Gemeng Suessem.

Entdeckt den neie Kalenner hei >>>

Walen 2023: Campagne Ech ka wielen

Nei Konditioune fir wielen ze goe fir Net-Lëtzebuerger!

– Dir kënnt ouni eng Aschränkung vun der Openthalstdauer wiele goen
– Dir kënnt Iech bis zu 55 Deeg virun de Walen an d’Lëschten androe loossen

Firwat wielen?

Wann ech bei de Gemengewalen den 11. Juni 2023 wiele ginn, da wielen ech direkt d’Gemengeréit, déi meng Interessien an déi vu menger Gemeng an den nächste 6 Joer vertriede wäerten.

Fir méi gewuer ze ginn, klickt hei >>>

Aschreiwungen op echkawielen.lu

 

Meng Stëmm, mäi Choix – Mäi Choix fir d’Zukunft vu menger Gemeng

Deutsch -> ichkannwaehlen.lu
English -> icanvote.lu
Em português -> eupossovotar.lu

 

 

D’Bielesser Post plënnert op de Belval

Méindes, de 25. Abrëll 2022, plënnert de Post-Büro vu Bieles an den Akafszenter Belval Plaza. Do gëtt dësen en Deel vum neien “Espace POST”, dee sämtlech Produkter a Servicer vu POST Luxembourg ubitt. Op dës Manéier ginn d’Post- an d’Finanz-Servicer, déi bis elo zu Bieles ugebuede goufen, duerch d’Offere vu POST Telecom completéiert. Doniewent sinn d’Ëffnungszäite méi laang an och méi flexibel.

De Post-Büro zu Bieles mécht seng Diere freides, den 22. Abrëll 2022, definitiv zou.

Fir den Awunner·innen awer weider an der Géigend eng Méiglechkeet fir Post-Operatiounen unzebidden, mécht POST Luxembourg deemnächst ee “Point Post” zu Bieles op, méi präzis an der “Librairie de l’école” op Nummer 2, rue de l’Usine.

Wousst Dir schonn…

…datt Dir all Är Operatioune vun Ärem Compte Courant POST (Geld ophiewen, Versementen, Iwwerweisungen) a sämtlechen Agencë vun der Banque Raiffeisen maache kënnt.

… datt Äre Bréifdréier, op einfach Ufro an ouni zousätzlech Käschten, Iech follgend Servicer ubitt:

  • Boergeld vun Ärem Compte Courant POST opzehiewen an Iech dës Sue perséinlech (och a Form vu Rulloen) z’iwwerbréngen,
  • Äre Courrier am Fall vun enger Absence oder Plënner zeréckzehalen oder ëmzeleeden
  • Sech ëm d’Stempelen an d’Verschécke vun Äre Sendungen ze këmmeren, Iech Timberen, passend Verpackungen oder och nach “FollowMe”-Etiketten heemzebréngen.

Ouverture méindes, de 25. Abrëll 2022

Espace POST Belval Plaza
7, Avenue du Rock’N’Roll
L-4361 Esch/Uelzecht

Ëffnungszäiten :
Méindes-freides 09.00 – 19.00 Auer
Samschdes 09.00 – 18.00 Auer

 

Ukrain: Esou kënnt Dir hëllefen

D’Gemeng Suessem weist sech solidaresch mat der Ukrain a beliicht zanter kuerzem d’Gemeng zu Bieles an den Artikuss zu Zolwer an de blo-giele Faarwen.

Wann och Dir hëllefe wëllt, fannt Dir hei eng Lëscht vun Organisatiounen déi Spenden, Material a villes méi sammelen:

Wann Dir ukrainesch Staatsbierger bei Iech doheem ophuelen, respektiv ee Privattransport un déi ukrainesch Grenz organiséiere wëllt, fannt Dir hei déi wichtegst Informatiounen an Ulafplaze vun dem Gouvernement luxembourgeois.


 
Mat der Ukraïnka asbl hu mir eng Associatioun an eiser Gemeng, déi sech schonns säit Jore fir d’Land um Schwaarze Mier asetzt. Hir Grënnerin Natalia Pavlyk erzielt eis, wéi si déi dramatesch Situatioun an hirer Heemecht aktuell erlieft a wéi d’Leit konkret hëllefe kënnen >>>

 
D’Cycle 4-Schüler·innen aus dem Kannercampus Belval drécke mat engem nodenkleche Video hir Solidaridéit mat der Ukrain aus.

Music: Where is the love (Pray for Ukraine) by Black Eyed Peas x Amour

Jean-Pierre Schlesser neie Member vum Gemengerot

Um Mëttwochmëtteg, 08. September 2021, ass de Jean-Pierre Schlesser (LSAP) als neie Member vum Gemengerot vereedegt ginn.

De 57-järege pensionéierten Employé privé vun Zolwer trëtt d’Successioun vum Nadine Tornambé-Duchamp un, déi hire Posten no 11 Joer am Déngscht vun de Suessemer Bierger ofleet.

Fir de Jean-Pierre Schlesser ass et no 2011-2017 dat zweet Mandat am Suessemer Gemengerot.

Aarbechten um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng

De Méindeg, 30. August 2021 start e gréissere Chantier um Boulevard J-F Kennedy zu Käerjeng.
Fir eng Dauer vu méi wéi dräi Joer
ass d’Strooss hannert der Gare Käerjeng-Suessem gespaart. Den Accès op d’Gare bleift weiderhi garantéiert.
Eng Deviatioun mat roude Luuchte geet duerch d’Rue de la Continentale an d’Industriezone Robert Steichen.

Accessibel bleift de Boulevard J-F Kennedy just fir Bewunner, Liwweranten an d’Rettungsdéngschter. Am Kader vun dësen Aarbechte kréien och d’TICE-Linnen 3, 13, 14 a 15 en neien Horaire.

Mam Ruff Bus an den Impfzenter

Wosst Dir schonns, datt de Ruff Bus wärend der kompletter Impfcampagne och den neien Impfzenter Belval ufiert?

Niewent de siwe bis ewell bekannten Destinatiounen an der Gemeng an Ëmgéigend, kënnt Dir elo also och Ären Trajet an den Impfzenter um Belval buchen.

Rufft einfach op der Gratisnummer 8002 20 20 un.

Reservéiert esou fréi wéi méiglech, awer net méi spéit wéi 45 Minutte virum gewënschte Start.

All d’Informatiounen iwwert de Ruff Bus fannt Dir hei: Ruff-Bus-Informatiounen

 

Adress:

Centre de Vaccination Belval

Maison des matériaux / Bâtiment Nord

30, avenue des Hauts-Fourneaux

L-4365 Esch-sur-Alzette

 

Glasdreckskëscht antauschen

Vum 04. Januar 2021 un, kënnt Dir Är al Glasdreckskëschten (40l) eemoleg a gratis géint eng nei brong Poubelle antauschen.

Dës nei Kiwwelen op Rieder faasse bis zu 120l an erliichteren net nëmmen Äert Liewen, mee och dat vun den Aarbechter, déi se eidel maachen.

Fir Commercen a Residencë ginn et och Poubelle mat engem Volume vun 240l.

 

 

Luxembourg Pride Week 2020: Visibilitéit fir d‘LGBTIQ+ Communautéiten an der Gemeng Suessem

Wärend der Luxembourg Pride Week 2020 erstraalt d’Gemeng Suessem vum 4. bis den 12. Juli an de Reeboufaarwen an der Nuecht, an am Dag sinn d’Pride-Fändele gehisst. Heimat wëlle mir den LGBTIQ+ Communautéiten eis Ënnerstëtzung ausdrécken. LGBTIQ+ steet fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans*, intersexuell, queer an all weider sexuell Orientatioun.

D’ILGA-Europe, d‘International Lesbian and Gay Association, huet Lëtzebuerg an hirem Rainbow Europe-Klassement 2020 op Plaz 3 vun 49 europäesche Länner agestuuft. Trotz der gudder Positioun bleiwen awer nach Baustellen, un deene geschafft muss ginn. Eng vun den Associatioune bei eis am Land, déi sech fir d’LGBTIQ+ Communautéiten asetzt, ass d’Asbl Rosa Lëtzebuerg.

Rosa Lëtzebuerg organiséiert dëst Joer hir traditionell Luxembourg Pride Week ënnert engem neie Format. Wat virun 21 Joer mat engem Dag an engem Informatiounsstand op der Place d’Armes an der Stad ugefaangen huet, ass haut e Festival vun enger Woch mat engem Ofschlossmarsch duerch d’Uelzechtstrooss zu Esch. Duerch d’Covid-19-Pandemie, fënnt d’Luxembourg Pride Week déi éischte Kéier online, ënnert dem Motto Du bass net alleng, statt.

D’LGBTIQ+ Communautéit ass immens vulnerabel. Et gi Jonker, déi doheem net akzeptéiert ginn. Si fanne sech net méi erëm, well se am Confinement och nach doheem isoléiert ginn. An dëser Situatioun kënne si net einfach an e Jugendgrupp goen, a sinn doduerch eleng an op sech gestalt.“, erkläert de Laurent Boquet, Member vum Conseil d’Administration vu Rosa Lëtzebuerg an Organisateur vun der Luxembourg Pride Week.

 

En Thema, wat quasi onsichtbar ass, sinn eeler homosexuell Persounen, déi keng Famill, keng Kanner a kee Partner hunn. Da kommen och nach all déi Leit, déi aus hirer Heemecht fortlafe wëllen, well se do gefoltert, verfollegt an ëmbruecht gi wéinst hirer sexueller Orientatioun oder geschlechtlecher Identitéit. Och si hunn eng zousätzlech Barrière duerch de Covid-19 kritt a fille sech eleng a konnten net fortlafen. Zudeem gëtt et och nach d’Situatioun vun den DPIen a BPIen (Demandeurs a Bénificiaires de Protection internationale), déi iwwert déi Zäit mat anere Leit zesummeliewe missten, déi eng ganz aner Mentalitéit hu wéi mir hei zu Lëtzebuerg. An der Struktur hu si sech erëm misse verstoppen, wéi se dat schonn an hirer Heemecht hu misse maachen. Dat heescht, et ginn nach vill Baustellen, wou ee feststelle kann, dass déi Leit einfach eleng sinn.“, esou de Laurent Boquet. Et geet also net nëmmen drëm d’Einsamkeet unzeschwätzen, mee och déi Leit visibel ze maachen, déi an eiser Gesellschaft oft onsichtbar sinn.

D’Ophänke vun engem Pride-Fändel an d’Beliichte vum Gemengegebai ass just e klenge Schratt, deen dozou bäidroe soll, dass d‘LGBTIQ+ Communautéite sech net méi ze verstoppe brauchen an als selbstverständlech ugesi solle ginn. D’Associatioun wënscht sech fir déi kommend Joeren, dass d’Visibilitéit an d’Akzeptanz weider wuesse wäerten. D’Gemeng Suessem schléisst sech gären dem Haaptmessage vu Rosa Lëtzebuerg un, un all déi, déi seng eleng fillen: „Dir sidd net eleng. Mir sinn do.

 

D’Programmatioun vun der Luxembourg Pride Week kënnt dir hei fannen: http://gaymat.lu/Lu/pride-week-2020/

 


 

Service à l’Égalité des chances et Diversité :

Annick Spellini
Tél : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu