Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: daniel

Konventioun “Natur genéissen”

Dëse Méinden, 8. Juli 2019 gouf d’Konventioun “Natur genéissen” a Präsenz vun de Responsabele vum Naturschutzsyndikat SICONA Sud-Ouest vum Schäfferot vun der Gemeng Suessem um Scheierhaff ënnerschriwwen. Dës gesäit vir, de Kanner an der Maison Relais eng gesond, equilibréiert a saisonal Ernärung ze bidden. Donieft soll d’Iessen, dat opgedëscht gëtt, méi regional, bio a fair sinn. D’Charta gesäit vir, dass d’Iesswueren dräi mol pro Trimester op dës Kritären hi vum SICONA iwwerpréift ginn. Lokal Produzenten, déi Partner vum Projet sinn, sollen hëllefen, d’Weeër am Sënn vun der Nohaltegkeet méi kuerz ze maachen.

Schonn de leschte September goufen d’Weichen hei an der Gemeng an déi Richtung ëmgestallt. Un der Zesummestellung vun de Menüen huet sech net esou vill geännert, mee virun allem un de Wueren, déi dofir benotzt ginn. Och an de Gemengekiche gouf et Changementer, well frësch zoubereeden a kache méi Aarbecht bedeit. Beim Personal gouf opgestockt an et sinn a Kollaboratioun mam Gesondheetsministère an dem SNJ reegelméisseg Formatioune geplangt, och beim Léierpersonal, fir Themen ze verdéiwe wéi: Iesse léieren, Perceptioun vum Goût, Etikettéiere vun Iesswueren. Och d’Kanner ginn iwwer d’Ännerungen informéiert an drop higewisen, firwat et wichteg ass, lokal z’iessen. Ausserdeem gëtt et Aktivitéite ronderëm d’Ernärung an d’Ëmwelt, fir hinnen d’Verbindung tëscht gesondem Iessen an nohalteger Produktioun méi no ze bréngen. Et ass wichteg z’ënnersträichen, dass et doduerch keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren gëtt.
 




Ëmweltdiplom – Der Natur op der Spur

Vakanz bedeit sécherlech Erhuelung vun de Strapaze vum Schoulalldag. Erhuelung muss awer net heeschen, dass ee guer näischt mécht oder erlieft. Déi vill Fräizäit bitt sech perfekt u fir Erfarunge fir d’Liewen ze sammelen.

An deem Sënn sollen d’Ëmweltaktivitéite vun der Gemeng Suessem d’Kanner net nëmmen animéieren, mee och motivéiere fir selwer am Beräich Ëmwelt aktiv ze ginn. Dëst Joer fannen eng sëllechen Aktivitéiten an a ronderëm d’Matgesfeld statt. Op dëser Plaz ass ee flotte Gemeinschaftsgaart entstanen, an deem souwuel Awunner aus eiser Gemeng, souwéi och Schoulklassen eenzel Parzellen nëtze a sech hei och an engem schéine Kader begéine kënnen.

Ee Gaart ass eng wonnerbar Geleeënheet fir Spill an Unterrecht mateneen ze verbannen. Mat Freed an Enthusiasmus stelle mir Iech d’Aktivitéite vum Ëmweltdiplom 2019 vir, déi sech un all d’Schüler aus de Cyclen 3.2 a 4.1 aus dem Schouljoer 2018 / 2019 riichten.

Hei fannt Dir d’Broschür mam komplette Programm

Mellt Äert Kand direkt online un

Decisioun – Bedeelegung un de Käschte vum Museksunterrecht

Léif Biergerinnen, léif Bierger,

Dës Stellungnam bezitt sech op déi rezent Diskussiounen, déi et an Zesummenhang mat enger illegaler an net ugekënnegter Decisioun vum Käerjenger Schäfferot gouf. Dës hat mat sech bruecht, dass verschidde Schüler aus eiser Gemeng net méi um Unterrecht an der Käerjenger Museksschoul konnten deelhuelen.

Fir all de Kanner aus eiser Gemeng den Zougang zur Musek ze garantéieren an hinnen och de fräie Choix tëscht Museksschoul a Conservatoire z’iwwerloossen, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem a senger Sëtzung vum 24. Juni 2019 d’Decisioun geholl, sech un de Käschte vun den Déifferdenger, Péitenger a Käerjenger Museksschoulen ze bedeelegen, an dëst mat engem Montant an Héicht vu 780 € pro Schüler, pro Joer.

Des Weidere bedauere mir awer d’Verhale vun der Gemeng Käerjeng an dësem Dossier a mir sinn der Meenung, dass deen ageschloene Wee net dee richtegen ass. Et versteet sech allerdéngs vun eleng, dass mir eis Kanner net vum Unterrecht ausschléisse wëllen an dofir an dësem Dossier agelenkt hunn. Och déi gutt Zesummenaarbecht mam Escher Conservatoire, dee schonns säit Jore Museksunterrecht an eiser Gemeng ubitt, wëlle mir gäre weider féieren a bidden dem Conservatoire och déi selwecht Käschtebedeelegung wéi deenen anere Schoulen un.

Mir versécheren Iech, dass mir och an Zukunft alles wäerten dorunner setzen, dass mir fir d’Schüler aus der Gemeng Suessem ee gerechten a gutt organiséierte Museksunterrecht ubidde kënnen. An deem Zesummenhang wäerte mir eis och mat Vehemenz beim Ausschaffe vum neie Museksunterrechtsgesetz abréngen.

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem

5 gëlle Reegele bei grousser Hëtzt

Wéinst den héijen Temperaturen, déi an deenen nächsten Deeg op eis zoukommen, gi mir Iech gären e puer gëlle Reegele mat op de Wee:

5 Goldene Regeln für Hitzetage 

Hitzewelle – Gefahr für die Gesundheit 

Weider Informatiounen a Recommandatioune fannt Dir um offizielle Site vum Gesondheetsministère.

Informatiounen zum Eichenprozessionsspinner

Schonn e puer Joer laang breet sech den Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) zu Lëtzebuerg aus. Och an der Gemeng Suessem ass en an de leschte Wochen erëm plazeweis opgetaucht, ënner anerem op der Vëlospist PC6 vu Bascharage via Aessen op Lalleng, déi dowéinst virleefeg gespaart gouf.

D’Larve vun dëser Päiperlékszort befale virun allem Eechen a sinn eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch. An de Brennhoer vun de Raupen, déi liicht eroffalen, ass e Gëft dran, dat bei Mënsch an Déier allergesch Reaktioune kann ausléisen, dorënner och Reizunge vun den Otemweeër an den Aen. Well d’Hoer duerch d’Loft weider gedroe ginn an dacks nach Méint oder Joren an der Natur ronderëm verbleiwen, ass net nëmmen den direkte Kontakt mat den Déieren e Risiko.

Weider Informatiounen, wéi Opklärungs- a Schutzmoossnamen, fannt Dir am Depliant vum Gesondheetsministère an dem fréiere Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur.

De richtegen Ëmgang mam Drénkwaasser am Summer

Bei laangen Dréchenten a waarmem, sonnege Wieder, biede mir all Bierger d’Benotzung vun Drénkwaasser, sou gutt wéi et geet, fir dat wesentlechst wéi Iessen an Hygiène ze reservéieren.

D’Netze vu Gréngflächen, d‘Wäsche vun Autoen, d’Fëlle vu Schwämmen an all aneren Aktivitéiten déi vill Waasser brauchen, soll op e Minimum reduzéiert ginn.

Den Emweltministär mécht, an Zesummenaarbecht mat dem Waasserwirtschaftsamt, en Opruff un d’Bevëlkerung de Verbrauch vun Drénkwaasser ze limitéieren an all Verschwendung dovunner ze vermeiden.

E puer einfach Moossnahmen an de gesonde Mënscheverstand erméigleche schonn eng bedeitend Reduktioun vum Verbrauch.

 

Gléckwonschkaarte Concours

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem, an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun, organiséiert och dëst Joer nees den traditionelle Gléckwonschkaarte Concours. Ënnert dem Thema Fokus invitéiere mir all eis fotobegeeschtert Awunner hir Fotoen eranzeschécken.

Fotograféiert Är ganz perséinlech Schätz aus eiser Gemeng a loosst eis Är maximal 3 Fotoe bis spéitstens den 31. Oktober 2019 zoukommen. Wéi Dir dat maacht? Am Einfachste per Mail u service.rpc@suessem.lu. Gären och per WeTransfer, Dropbox oder Ähnleches.

D’Fotoe kënne faarweg oder och schwaarz-wäiss sinn, Dir musst allerdéngs garantéieren, dass Dir se och wierklech selwer geschoss hutt.

Dono sicht een onofhängege Jury déi schéinste Foto eraus, déi dann och op déi offiziell Gléckwonschkaart vun der Gemeng Suessem am Joer 2020 kënnt. Natierlech wénkt dem Gewënner och ee flotte Kaddo.

Et ass nach wichteg ze wëssen, dass de Fotograf selbstverständlech de Copyright vun de Biller behält, d’Gemeng awer d’Erlaabnes huet fir d’Fotoen an hire Publikatiounen ze nëtzen.

An Ärer Mail musse w.e.g. onbedéngt folgend Informatioune stoen:
– Numm a Virnumm
– Gebuertsdatum
– Adress
– Telefonsnummer

D’Dateie solle w.e.g. Folgendes respektéieren:

Format: standard jpeg

Opléisung: minimum 1820 x 2600 pixels

Numm vun der Datei: Numm vun der Foto

“Ënnerwee” zu Éilereng

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem hat den Donneschden, 25. Abrëll 2019 am Kader vun “Ënnerwee” op en zweete Biergerdialog invitéiert, dës kéier am Kulturschapp zu Éilereng. De Buergermeeschter Georges Engel huet um Ufank en Iwwerbléck vun den ofgeschlossenen Dossieren an zukünftege Projete ginn, ënner anerem dem Lotissement “An der Walerwiss” an de Kanalaarbechten an der Escher Strooss.

Am zweeten Deel vum Owend war et un den Awunner, hir Iddien ze presentéieren a Froen ze stellen zu de Saachen, déi hinnen um Häerz leien. Ënner anerem goung et do ëm den ëffentlechen Transport an d’Renaturéierung vun der Brillbaach. D’Schäffen hunn op d’Froe geäntwert an d’Positioun vun der Gemeng an de verschiddenen Dossieren erkläert. Donieft hu si vum animéierten Dialog profitéiert, fir Notizen ze huelen an de Suivi vun den Doleancen ze garantéieren.

“Ënnerwee” kënnt an den nächste Méint och nach op Zolwer a Suessem.
 


Suessem preparéiert sech fir Esch2022

Donneschdes, de 4. Abrëll hat d’Gemeng Suessem op een Informatiounsowend am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 an de Festsall invitéiert. Zil vun dësem Owend war et, d’Suessemer Awunner fir d’ECOC ze sensibiliséieren, awer och déi néideg administrativ Informatiounen an dësem Dossier weider ze ginn. Nom rezenten “Appel à projets” vun der Esch2022 a.s.b.l. huet d’Simone Asselborn-Bintz erkläert, dass et elo bis den 31. Juli 2019 un der Zäit wier, fir offiziell Projeten eranzereechen. D’Kulturschäffin huet weider ausgefouert, dass dës Projete souwuel vu Privatleit, vu Veräiner, vu Schoulen awer och vun Administratioune kënne gedroe ginn.

Wat offiziell Projete vun der Gemeng Suessem ugeet, sou ginn et momentan virun allem dräi Pisten, déi méi konkret sinn. Nieft dem Opliewe an dem eventuelle Fräileeë vun der Source Bel-Val an engem méigleche Sentier historique an der Rue de France a Richtung Gaalgebierg, wäerten och d’Theme Natur, Gaardekultur a Gemeinschaftsgäert Schwéierpunkte ginn.

Bei der uschléissender Diskussioun war et schéin ze gesinn, dass och schonns weider Projeten entstinn. D’Mirka Costanzi huet erkläert, dass si, zesumme mat de Geschichtsfrënn, un enger Seechen (Legend) vum Zolwer Knapp schafft. Den Dany Gilbertz huet am Numm vun der Zolwer Musek d’Wuert ergraff fir hir Iddi vun engem internationale Street Noise Festival am Kader vum Zolwer Maart virzestellen. Weider konstruktiv Iwwerleeungen op dësem Owend sinn a Richtung Reaffektatioun vum Suessemer Schlass, Véier-Koppen-Tour oder och d’Héichiewen um Belval gaangen. Insgesamt war ee ganz positiven Esprit am Festsall ze spieren an et huet ee gemierkt, dass an der Gemeng Suessem eppes fir d’Kulturjoer bougéiert.

Fir weider Informatiounen oder wann Dir ee konkrete Projet erareeche wëllt: www.esch2022.lu

Dir kënnt Iech awer och all Moment un de Service des Relations publiques et de la Culture vun der Gemeng Suessem riichten um Telefon 59 30 75 612 oder iwwer E-Mail op service.rpc@suessem.lu.











Minett Unesco Biosphere

De Mëttwoch, 3. Abrëll 2019 war eng Informatiounsversammlung mat Workshop ronderëm de Programm “Man and the Biosphere”. De Syndicat PRO-SUD schafft am Moment un der Kandidatur vun der Südregioun vum Land fir de Label “Biosphere Reserve” ze kréien. D’Gemeng Suessem ass en Deel vun dësem post-industriellen a kulturell räichen Areal, op deem déi nohalteg Entwécklung an Harmonie mat sengem historesche Patrimoine an de Mëttelpunkt soll réckelen. De Label vun der UNESCO géing et dem Minett erlaben, an den internationale Reseau mat ervirgehuewene Regiounen an 120 Länner opgeholl ze ginn.

De wëssenschaftleche Programm ass geduecht fir den Impakt vum mënschleche Schafen op d’Natur z’erfuerschen. Wat sinn d’Auswierkungen? Wéi kann een Nohaltegkeet a Respekt fir d’Natur an Aklang brénge mat der ekonomescher Entwécklung? Wéi setzt een d’Produkter aus der Regioun an d’Regioun selwer an Evidenz? Wat sinn d’Méiglechkeete fir d’Industriefrichen anescht ze notzen?

D’Participante vum Workshop hunn zesummen iwwer déi verschidden Challengen nogeduecht, déi an den nächste Joren op d’Gemeng an d’Regioun duerkomme wann et drëms geet, Biodiversitéit, Kultur, Ekonomie a Soziales op een Nenner ze bréngen. Hir Iddien hu gewisen, dass d’Zukunft net eleng vu sozio-ekonomeschen Acteure ka gestalt ginn, mee dass d’Bierger mat um Prozess musse bedeelegt sinn. D’Recommandatioune vum Panel vu Leit, déi bei dëser Biergerconsultatioun matgemaach hunn, genee wéi déi aus den anere Gemengen, hëllefe fir den Dossier vun der Kandidatur méi komplett ze maachen a mat kollektiver Dynamik de Label vun der UNESCO ze kréien.

Detailléiert Informatiounen um Site vu PRO-SUD.

















Hannert de Kulissen

Um Méindeg, 1. Abrëll 2019 war d’Klass 5e 3 aus dem Lycée de Garçons Esch (LGE) nomëttes op Besuch zu Bieles an de Gemengelokalitéiten, fir méi iwwer de Fonctionnement vun enger Gemeng an déi eenzel Servicer ze léieren.

Bei hirem Tour duerch d’Gebai sinn si ënner anerem gewuer ginn, wéi d’Gemeng hir Finanze geréiert, wat d’Responsabilitéite vum Bautebureau sinn a firwat de Biergerzenter als éischt Ulafplaz vun de Suessemer Awunner immens wichteg ass.

Déi 20 Schüler haten och Rendezvous mam Schäfferot, wou si mat hiren direkte Froen all méiglech Themen ugeschnidden hunn. D’Klass war interesséiert ze héieren, wat alles zum Job vun engem Buergermeeschter an engem Schäffe gehéiert. Et goung och zum Beispill ëm d’Haftanstalt Uerschterhaff, ëm d’Verkéiersinfrastrukturen bis hin zu méi generellen Theme wéi dem Schoulsystem.
 






D’Häerz vun der Gemeng um neie Blog

Nom Lancement vun der neier visueller Identitéit am September 2018 stellt d’Gemeng Suessem d’Imagecampagne mam Titel “Suessem, je t’aime” vir. Mam Blog

www.suessemjetaime.lu

gëtt dat an Evidenz gesat, wat d’Gemeng ze bidden huet an esou eenzegaarteg mécht. De Slogan soll weisen, dass et eng Häerzenssaach ass. Jidderee fënnt bei eis dat, wat e sicht. Dat gëllt fir déi ganz Kleng a fir déi Jugendlech, déi hei vun de Schoule bis bei d’Fräizäitaktivitéiten den ideale Kader fannen. Dat gëllt fir déi Erwuessen, déi hei berufflech Perspektiven hunn a kulturell verwinnt ginn. Dat gëllt fir déi eeler Generatiounen, déi hei wäit ewech vum Groussstad-Stress sinn, an awer alles no bei Hand hunn, wat si brauchen. Dat gëllt fir jiddereen, deen d’Natur gären huet. Suessem, dat ass eng Gemeng fir d’Liewen.

Kuckt de Video vum Lancement.

D’Gemeng Suessem mécht an Zukunft dat ganzt Joer iwwer mat Artikelen, Videoen a Web Serien op sech opmierksam. Et sinn Inhalter, mat deenen déi verschidde Gesiichter vun der Gemeng Kontur kréien an hiren Awunner, hiren ëffentleche Perséinlechkeeten an deene Leit, déi all Dag op Suessem schaffe kommen, eng Plattform ginn.

Entdeckt duerch authentesch a spannend Geschichten déi verstoppte Schätz vun deene véier Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer. Wéi eng gréisser Fester stinn deemnächst un, wéi eng Ausflich loune sech an der Famill oder mat Frënn, wéi eng Handwierker a Geschäfter ginn et an der Gemeng, a wéi eng Erausfuerderunge kommen op Suessem an Zukunft duer?

Um Blog gitt Dir et gewuer!
 
 

Mir halen eis Gemeng propper

Um Samschdeg, 23. Mäerz 2019 war den traditionelle Rendezvous, fir zesummen en Tour duerch d’Gemeng ze maachen an de Knascht anzesammelen. Eng sëlleche Fräiwëlleger waren ëm 10.00 Auer zu Bieles bei der Gemeng an och zu Éilereng beim Kulturschapp zesummekomm, fir duerno bei beschtem Wieder d’Stroossen an d’Weeër ofzetrëppelen.

Bei der Arrivée ëm 12.00 Auer beim CIPA “Résidence op der Waassertrap” um Belval waren d’Dreckstute gutt gefëllt, an d’Participanten hu sech duerno déi traditionell Zopp gutt schmaache gelooss.

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem, de Service Écologique, d’Ëmweltkommissioun an d’Spullweenchen asbl soe villmools Merci fir den Engagement.
 







Frësche Wand am Gemengerot

An der Gemengerotssëtzung vun haut gouf d’Anne Logelin (CSV) vum Buergermeeschter Georges Engel als nei Conseillère vereedegt. D’Mathesprofessesch iwwerhëlt domat d’Relève vun der Carine Reuter-Bauler (CSV), déi de leschte Mount hire Récktrëtt ugekënnegt hat.

An hirer Untrëttsried direkt um Ufank vun der Seance huet déi 34 Joer jonk Gemengeréitin hir Schwéierpunkte kloer gemaach. Si wëll sech besonnesch fir d’Jugend a fir de Sport staark maachen, woubäi hir déi eegen Erfarung als fréier Sportlerin an och hiren deegleche Kontakt mat Schüler zegutt kënnt. D’Bielesserin wënscht sech eng dynamesch Gemeng, a wëll mat hirer Zilstreebegkeet dozou bäidroen, d’Infrastrukturen an d’Fräizäitméiglechkeeten an der Gemeng weider auszebauen.

Lauschtert de Gemengerot am Replay.

Ëmweltwochen 2019

Plastik ass an eisem Alldag omnipräsent, well en esou praktesch ass. Kee Wonner also, dass een de Plastik iwwerall erëmfënnt, och do wou en net erwënscht ass, z.B. am Iessen, an den Déieren an och am mënschlechen Organismus. D’Gemeng Suessem thematiséiert dës Problematik an hiren Ëmweltwochen 2019. Mat ville Stänn, Workshoppen a Konferenze wëlle mir probéieren eis Gewunnechten ze änneren. All Veräin, all Bierger, all Eenzele vun eis kann eppes maachen.

Den Optakt ass de 4. Mäerz 2019 ëm 18.00 Auer am Artikuss mat enger Table Ronde, bei där d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, d'”Zero Waste Lifestyle” Vertriederin Tania Gibéryen, d’Geschäftsfra Christiane Wickler an de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel zesummen iwwer d’Zil vun enger Gemeng ouni Plastik diskutéieren. En europawäit Verbuet vum Eewee-Plastik soll an 2 Joer a Kraaft trieden. D’Gemeng Suessem wëll awer elo schonns eppes un der Situatioun änneren an dës Zort Plastik duerch aner Léisungen ersetzen.

Hei fannt Dir de komplette Programm vun den Ëmweltwochen

Grouss Nofro bei Éischt-Hëllefs-Coursen

Vill Awunner vun der Gemeng Suessem hu sech gemellt, fir am Mäerz mat dobäi ze sinn, wann déi wichtegst Handgrëffer bei Noutfäll bei Kanner tëscht 0 a 4 Joer erkläert ginn.

Wann Dir concernéiert sidd, da kritt Dir an der Woch vum 11. Februar 2019 matgedeelt, ob Dir eng Plaz krut oder op d’Waardelëscht kommt. Et gëtt gekuckt, fir eventuell nach zousätzlech Coursen z’organiséieren.

Et gi leider keng weider Umeldunge méi ugeholl.

Aktioun “Opfalen ass erlaabt!”

Ënnert dem Motto “Opfalen ass erlaabt!” waren d’Schoulkanner aus dem Cycle 2 mëttwochs, den 30. Januar 2019 am Artikuss, fir eng giel Sécherheetsveste vun der Gemeng Suessem iwwerreecht ze kréien. Als Ofschloss vun enger Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Sécherheet am Stroosseverkéier gouf hinne verdäitlecht, firwat et wichteg ass, als Foussgänger opzefalen.

Als Deel vun der Presentatioun sinn d’LASEP Zumba Kids ënnert der Leedung vun der Annette Ben Guigui opgetrueden. Bei hiren zwee Dänz konnt ee gesinn, wéi d’Gileten an d’Blinkien am Däischtere wierken an d’Luucht reflektéieren. De Verkéiersschäffe Marco Goelhausen huet d’Kanner encouragéiert, och déi Grouss vun Zäit zu Zäit un déi richteg Reflexer am Verkéier z’erënneren, fir dass kengem eppes geschitt.

Déi komplett Fotogalerie

Avis aux habitants – Sangliers

Après concertation avec l’Administration de la nature et des forêts et du préposé forestier du triage de Sanem, le Collège des bourgmestre et échevins tient à vous fournir quelques informations à ce sujet.

D’une part, la population de sangliers a certes augmenté malgré l’organisation de chasses, d’autre part suite à la sécheresse extraordinaire des derniers mois, les sols forestiers étant secs et durs, les sangliers s’avancent dans le milieu urbain où les jardins, généralement bien arrosés, présentent une meilleure qualité de sol et leur permettent de trouver de la nourriture.

Toutefois, ce phénomène ne se limite pas au territoire de la commune de Sanem, mais se manifeste dans tout le pays, voire au-delà.

En outre, nous tenons à préciser qu’aucune indemnisation ne pourra être obtenue pour les dommages causés par les sangliers dans votre jardin privé.  Afin d’éviter des dégâts nous vous conseillons de revoir l’état de la clôture de votre terrain ou à défaut de clôturer votre propriété.

Lors d’une rencontre avec des sangliers, que ce soit dans la forêt ou dans votre jardin, il est essentiel de rester calme et de garder ses distances. Evitez également absolument que votre chien n’aille à leur rencontre ou même tente de les chasser, car bien que les sangliers soient des animaux farouches au caractère paisible s’ils se sentent agressés la situation peut devenir dangereuse.

De manière générale, nous vous conseillons d’éviter d’attirer les animaux sauvages tels que sangliers, chevreuils, renards ou même des rats en sécurisant les tas de compost et en veillant à bien fermer les poubelles contenant des résidus alimentaires.

Au cas où vous feriez la rencontre d’un animal malade ou blessé, veuillez rester calme et contactez le centre de soins pour la faune sauvage à Dudelange (tél.: 26 51 39 90).

Aktiv a menger Gemeng

Ewéi all Joer proposéiert d’Gemeng Suessem och dëst Joer nees eng ganz Panoplie vu Coursen fir all hir Bierger. Egal ob dir eng nei Sprooch léiere wëllt, är Kapazitéiten um Computer verbessere wëllt oder nees e bësse Sport maache wëllt.

Hei ass den Iwwerbléck vun alle Coursen, déi offréiert ginn:

Brochure2018_A5_Sanem_Aktiv_web

 

Neie Gemengelogo an Internetsite virgestallt

Um Méindeg de Moien, 24. September 2018, huet de Schäfferot der Ëffentlechkeet den neie Logo vun der Gemeng Suessem virgestallt.

Déi nei Coporate Identity gouf zesumme mat der Agence Vidale-Gloesener ausgeschafft. D’Iddi hannert dem neie Visuell war et der Gemeng Suessem een zäitgeméisse Logo ze ginn, deen net nëmmen d’Schlass a moderner Form ërem hëlt, mee och déi véier Uertschaften an Zeen setzt.

Donieft gouf och den neien Internetsite vun der Gemeng presentéiert. Zesumme mat der Firma Lightbulb ass eng nei Plattform entstanen, déi eenzeg an eleng am Déngscht vun eise Bierger stoe soll. Dobäi louchen eis virun allem eng iwwersiichtlech Presentatioun, een uspriechenden Design an eng einfach Recherche-Zentral (Annuaire et démarches) um Häerz.

Mir wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vum neie Site.

Nouvelle Charte Graphique Gemeng Suessem