Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: daniel

Recommandatioune Canicule

Och fir déi nächst Deeg sinn nach ganz héich Temperature bei eis am Land gemellt. Wéi ee vun dem gudde Wieder profitéiere kann, ouni sech engem gesondheetleche Risiko auszesetzen, dofir recommandéiert de Gesondheetsministère folgend Moossnamen:

  • Drénkt reegelméisseg a waart net bis Dir duuschtereg sidd: minimum 1,5 Liter den Dag. Am Beschte Mineral- oder Spruddelwaasser. Quellewaasser (an der Fläsch oder vum Krunn) kéint eventuell net genuch Mineralsalzer hunn. Dobäi kënnt Dir och liicht gezéckert Saachen drénken (mat Waasser gestreckte Jus, liicht gezéckert Infusiounen). Drénkt esou mann wéi méiglech Kaffi oder Téi oder Gedrénks, déi dem Kierper Waasser entzéien.
  • Gidd net ze vill an d’Sonn, virun allem net an deene wärmste Stonnen. Ditt eppes op de Kapp a crèmt Iech mat enger passender Sonnecrème an.
  • Evitéiert physesch oder sportlesch Efforten an deene wärmste Stonnen.
  • Loosst d’Dieren an d’Fënstere sou laang zou, wéi et dobausse méi waarm wéi dobannen ass. Loosst d’Rolllueden zu der Sonnesäit erof. Profitéiert vun de méi killen Temperaturen moies an owes, oder an der Nuecht fir Är Wunneng oder Ärt Haus ze lëften.

Wann Dir eng schwächlech Persoun, déi alleng lieft, an Ärem Ëmfeld hutt (Famill oder Noperschaf), proposéiert hir fir opmannst eemol den Dag no hir ze kucken, ob et hir gutt geet an ob si genuch hydratéiert ass.

Bei weidere Froen zu gesondheetlesche Problemer bei der Hëtzt oder fir zousätzlech Informatiounen ze kréien, kënnt Dir iech gäre bei der Direction de la santé – l’Inspection sanitaire um Telefon 247-85653 mellen.

Plus d’informations 

Dépliant Recommandations canicule FR

Dépliant Recommandations canicule DE

Dépliant Recommandations canicule PT

Op der Sich no engem·er Babysitter·in?

Mir hunn d’Léisung fir Iech! Ab haut ass déi aktualiséiert Lëscht mat ville motivéierte Babysitter·innen op eisem Site ze fannen.
 
Eis Babysitterformatioun ass d’lescht Joer am September mam Diversity Award ausgezeechent ginn. Eis Formatioun ass déi eenzeg, déi deene Jonken eng éischt Sensibiliséierung gëtt fir op Kanner mat spezielle Besoinen opzepassen. Zudeem hu se eng Introduktioun an d’Éischt Hëllef krut an d’Gender Game gouf gespillt, fir och op dës Thematik anzegoen, well se och eng Realitéit vum Terrain ass. D’Babysitter·inne vun eiser Lëscht hunn och nach e pädagogeschen Atelier matgemaach. Hei hu se geléiert wat wichteg ass bei engem éischten Treffe mat der Famill a wat fir Aktivitéite se mat de Kanner jee no Alter ënnerhuele kënnen. D’Ëmgoe mat Puppelcher gouf hinnen och bäibruecht a wéi se mat Kanner kommunizéiere kënnen, wa se net follege wëllen.
 
Dir sidd iwwerzeegt? Dann zéckt net Iech eis Babysitterlëscht unzekucken.
 
Mir soen eise Partner Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht: dem Office House Capellen, dem Tessy Anen-Greisch vum SEA vun der Gemeng Suessem, dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), der Initiativ Liewensufank an der Eltereschoul Janusz Korczak.
 
Sollt Dir weider Froen hunn, da kontaktéiert eise Service à l’Égalité des chances et Diversité per Mail op service.secd@suessem.lu.
 
 








Asaz vun de Gemenge fir d’Natur

De Freiden, 28. Juni 2024 war déi zweet Editioun vun der Journée Pacte Nature an der Gemeng Nidderaanwen, a Präsenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes. Et war d’Geleeënheet, fir déi 30 Gemengen, déi viru kuerzem zertifiéiert goufen, auszezeechnen an all Acteur·rice vum Secteur ze informéieren an zesummen ze bréngen.
 
Den Naturpakt ass en Instrument, dat lokal Initiative fërdere soll, fir d’Biodiversitéit ze erhalen respektiv ze restauréieren. Et ass an engems en nationalen Outil, deen de Gemengen duerch seng breet Palett u Sujeten erlaabt, déi natierlech Espacen op hirem Territoire besser kennenzeléieren. Mat engem éischten État des lieux an engem Moossnamekatalog kënnen d’Stäerkten an d’Schwächte vun de Gemengen ervirgestrach ginn. Mat dësem Ausgangspunkt gëtt dann eng individuell Strategie ausgeschafft, déi et de Gemengen erlaabt, sech Prioritéiten ze setzen an dem Klimawandel d’Stier ze bidden.
 
Hei sinn d’Punkten aus dem Katalog, déi d’Gemeng Suessem kritt huet. Den Engagement dréit deemno seng Friichten.
 
 

 
 
D’Journée Pacte Nature, déi 190 Participante versammelt huet, gouf genotzt fir d’Efforten ze honoréieren an déi wichteg Roll vun de Gemengen, an domat och vun de politeschen Decisiounen, fir den Naturschutz ervirzehiewen. D’Basis-Zertifizéierung (40%) fir d’Gemeng Suessem kruten de Steve Gierenz, Schäffe vum Naturpakt, an den David Hengen, Conseiller am Kader vum Naturpakt, iwwerreecht.
 
Weider Informatioune gëtt et hei an op www.pactenature.lu.
 
 

 
 

Fête du Quartier Geessewee

Am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen hat d’Gemeng Suessem de Freiden, 14. Juni 2024 hir éischt Fête du Quartier Geessewee organiséiert. Fir déi nei an etabléiert Noperen zesummenzebréngen, goufe verschidden Aktivitéite fir Grouss a Kleng ënnert der Leedung vun eise Conseillèrë vum Zesummeliewen, dem Magdalena Jakubowska an dem Gary Diderich, ugebueden. Den Owend gouf geselleg ofgeschloss mam Schmaache vun de verschiddene Spezialitéiten aus den eenzelnen Hierkonftslänner.
 


















 
 

“Woche der Umwelt” an Däitschland

De 4. a 5. Juni 2024 war déi 7. Editioun vun der “Woche der Umwelt” zu Berlin, déi all véier Joer organiséiert gëtt. De Motto war dëst Joer “Zusammen für Klimaneutralität”. Am Gaart vum däitsche Bundespresident an an Zesummenaarbecht mat der Deutsche Bundesstiftung Umwelt goufen op enge ronn 190 Stänn an a 70 Fachforen déi verschiddenst Themen ofgedeckt, ënner anerem Ressourcen, Biodiversitéit, Energietransitioun an d’Kreeslafekonomie.
 
Nieft PMEen, Veräiner, Verbänn, Héichschoulen an Unien aus ganz Däitschland war och eng Delegatioun aus Lëtzebuerg mat dobäi. Dës 11 Vertrieder·inne koumen aus de Gemenge Suessem, Hesper, Nidderaanwen a Monnerech, wéi och vum Klimabündnis, SIAS, Naturpakt Our a Superdreckskëscht. Si konnte wichteg Kontakter knäppen, fir an Zukunft ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
 
De Lëtzebuerger Ambassadeur zu Berlin, den Här Jean-Paul Senninger, hat an engems fir en Austausch an d’Residenz invitéiert.
 
Hei gëtt et weider Informatiounen.
 
 














 
 

Erënnerung lieweg halen

All Joer ëm den 19. Mee gedenke mir eise 7 Lëtzebuerger Patrioten, déi 1944 am Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof erschoss goufen.
 
Ënnert hinne war den Ernot Lorang, gebueren de 14. Januar 1922 zu Bieles. Säin Heemechtshaus, “An Houefen”, stoung vis-à-vis vun der Kierch. Am August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon déi “allgemeine Wehrpflicht” am besate Lëtzebuerg agefouert. Den Ernot huet sech dëser Zwangsrekrutéierung widdersat an ass a Frankräich an d’Géigend vu Les Ancizes a Clermont-Ferrand gaangen, wou hien zesumme mat anere Lëtzebuerger a franséische Partisane gehollef huet, alliéiert Piloten oder geflücht Krichsgefaangener iwwer d’Grenz ze schleisen. Si sinn duerch Kollaborateure mam Feind verrode ginn, an tëscht dem 13. a 15. Mäerz 1944 verhaft an an der Villa Pauly gefoltert ginn. Nom Transport an d’KZ Natzweiler-Struthof an de Vogesen den 18. Mee sinn si dunn, zesumme mat dräi Fransousen an engem Däitschen, am fréie Moie vum 19. Mee 1944 an der Kiselgrouf vum Konzentratiouns- an Aarbechtslager ouni Prozess erschoss ginn.
 
D’Äsche vun eise Patrioten (héros nationaux) si vu Lëtzebuerger Gefaangenen am KZ verstoppt, nom Krich vun enger Delegatioun op Lëtzebuerg bruecht an dunn zu Déifferdeng bäigesat ginn. Den Ernot a seng Frënn hunn, wéi vill Anerer och, hiert Liewe ginn, fir dass mir haut a Fridden a Fräiheet liewe kënnen. Mir wëlle si ni vergiessen an d’Erënnerung un si oprecht erhalen.
 
 

 
 

Parkplaz bezuele per App

Vun elo u kann een d’Parken an der Gemeng Suessem ganz praktesch iwwer Smartphone bezuelen.
 
Mat der App vun Indigo Neo brauch ee kee physesche Parkticket méi ze kafen, an et kann ee sech och de Wee bei de Parkautomat spueren. An e puer Klicks huet een den Emplacement vu sengem Gefier via Geolokalisatioun an der App markéiert an d’Parkdauer ausgewielt. D’Durée kann nodréiglech adaptéiert ginn an et gëtt just dat bezuelt, wat och genotzt gouf. De Montant gëtt automatesch ofgebucht an d’Rechnung gëtt iwwer E-Mail verschéckt.
 
Indigo Neo ass direkt an de Kontrollsystem vun den Agents municipaux integréiert. Unhand vum Kennzeeche vum Gefier kann zu all Moment nogekuckt ginn, ob d’Parkplaz iwwer d’App gebucht gouf. Dëse Prinzip funktionéiert aktuell um Belval, Belval Nord, ZARé-Est an ZARé-Ouest.
 
Weider Informatiounen zum System
 
D’App eroflueden op Google Play oder am Apple App Store
 
 

 
 

Gratis Internet an der Gemeng

A ville Gemengegebaier, déi mat engem Reseau a WiFi equipéiert sinn, gëtt et vun elo u gratis Internet fir jiddereen.

D’Umeldung ass ganz einfach.

Et aktivéiert een op sengem Apparat, deen ee mam Internet verbanne wëll, de WiFi a wielt duerno de Reseau “easywifi” aus. Op der Umeldungssäit muss een sech bei der éischter Connexioun e Konnt kreéieren. Dat geet iwwer “Inscrivez-vous gratuitement”, ganz ënnen.
 
 


 
 
Aus Sécherheetsgrënn muss een eng Telefonsnummer uginn, déi een duerno mat engem eemolege Verifizéierungscode validéiere soll. Fir de Rescht gëtt een da just nach opgefuerdert, e Usernumm an e Passwuert festzeleeën. A scho kann een am Netz surfen.
 
 

 
 
Hei ass d’Lëscht vu Gebaier, an deenen de gratis Internet ënnert dem Numm “easywifi” elo schonn accessibel ass. Et ass geplangt, d’Offer nach weider auszebauen.
 
Maison Communale Belvaux
Office social Belvaux
Service Technique Belvaux
Boulodrome national Belvaux
École et Maison Relais Ehlerange
Kulturschapp Ehlerange
Centre Culturel Sanem
Hall Polyvalent Sanem
Complexe Sportif Sanem
KUSS (Basket) Soleuvre
Épicerie solidaire Soleuvre
Foyer Soleuvre (rue de Differdange)
Kannercampus Belval
École Belvaux Poste
École Chemin-Rouge
École Sanem
École Scheierhaff
École 2000
Maison Relais Belvaux
Maison Relais Detroit
Maison Relais Scheierhaff
SEA Soleuvre Centre
SEA Verata
Zolwer Kannerbuerg
 

Neie WhatsApp-Kanal fir Gemengeninfos

Sidd elo nach besser a méi séier informéiert iwwert alles, wat an der Gemeng lass ass. De WhatsApp Kanal vun der Gemeng Suessem ass d’Weiderentwécklung vum WhatsApp-Grupp, dee säit der Pandemie verstäerkt genotzt ginn ass.
 
D’Umeldung ass ganz einfach. Klickt op dëse Link fir bei de Kanal ze kommen. Klickt am Kanal riets uewe FOLLOW, an aktivéiert dann duerno op der selwechter Plaz d’Schell, fir dass dir bei neie Messagë Bescheed gesot kritt.
 

 
WhatsApp-Kanäl sinn e bësse verstoppt an der App. Klickt ënnen am Haaptmenu vu WhatsApp op d’Rubrik UPDATES, fir bei d’Lëscht vu Kanäl ze kommen, wou och d’Gemeng Suessem ze fannen ass.
 

 

Une famille. Une terre.

Optakt haut vun der Serie vun Atelieren am Matgesfeld zu Bieles, bei deenen ee mol de Mount samschdes moies alles am Zeeche vum positiven Impakt op eis Gesellschaft steet. Et geet generell ëm d’Theemen Naturschutz, Kreeslafwirtschaft a Konsum.
 
Dës Workshops vun der Gemeng Suessem an EcoTransFaire wäerten Iech hëllefen:

– Ären Energieverbrauch ze hannerfroen an ze kontrolléieren
– Nei Gesten a Gewunnechten auszeprobéieren
– Den eegenen Impakt ze moossen an ze verstoen
– Kontakt mat anere Familljen ze kréien
 
Mellt iech an är Famill oder Grupp elo schonn u fir de 25. November, wann et ëm den Offall geet. D’Kanner bastelen an dir kritt Rotschléi op Mooss.

Aschreiwung iwwer dëse Link
 
 









Auszeechnung bei den Diversity Awards Lëtzebuerg

Den 28. September 2023 waren d’Diversity Awards Lëtzebuerg, déi zanter 2015 Projeten an de Mëttelpunkt réckelen, déi géint all Zorten Diskriminatioun mobil maachen. Zil ass et, “best practices” a Saache Gestioun vun der Diversitéit a Chancegläichheet ze belounen. D’Gemeng Suessem gouf fir seng inklusiv Babysitter-Formatioun ausgezeechent.

Detailer gëtt et am Video hei drënner (drop klicken):
 

 
Bei dëser fënnefter Editioun goung et ëm Entreprisen an Organisatiounen aus dem privaten an ëffentleche Secteur, souwéi och Associatioune vun alle Gréissten, déi d’Charte vun der Diversitéit ënnerschriwwen hunn. D’Beméiungen am Sënn vun der Diversitéit goufen a véier Kategorie priméiert:

– Recrutement, Accueil an Integratioun
– Gestioun vu Carrièren
– Environnement a Wuelbefannen op der Aarbecht
– Kommunikatioun, Wäerter vun der Organisatioun

(Fotoen © IMS Luxembourg)
 
 







 

Suessem als demenzfrëndlech Gemeng

Den Dënschden, 3. Oktober 2023 war den Optakt vum Projet “Suessem – eng demenzfrëndlech Gemeng”. Vill Leit haten de Wee an de Festsall vun der Gemeng fonnt, fir e Rucksak voll mat Informatiounen zum Thema Demenz ze kréien.

E grousse Merci un d’Maiti Lommel vum Info-Zenter Demenz, de Roland Weiland vun der Association Luxembourg Alzheimer an René Lebboroni vum CIPA Résidence op der Waassertrap fir hir Virträg.

Weider Informatioun fënnt een op www.demenz.lu
 
 








Optakt mat neie Gesiichter

Dëse Freiden, 14. Juli 2023 war déi éischt Sitzung vum neie Gemengerot mat de frësch vereedegte Conseiller·èren. Dir kënnt d’Seance wéi ëmmer am Replay nolauschteren, entweder ganz oder nëmme vereenzelt Punkte vum Ordre du jour.

Lauschtert d’Opnam vum Gemengerot vum 14. Juli 2023
 
 




















Renouvellement et continuité

Leider ass dëse Contenu nëmmen op Franséisch verfügbar.

Ce mardi 11 juillet 2023, la ministre de l’Intérieur Taina Bofferding a entre autres procédé à l’assermentation du Collège des bourgmestre et échevin·e·s de la Commune de Sanem, à savoir :
 
Simone Asselborn-Bintz, nommée aux fonctions de bourgmestre; Nathalie Morgenthaler, nommée aux fonctions d’échevine; Steve Gierenz, nommé aux fonctions d’échevin; Mike Lorang, nommé aux fonctions d’échevin.
 
À 10 heures, 11 bourgmestres et 23 échevin·e·s ont prêté le nouveau serment prescrit par l’article 6 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 dont la formule est la suivante: « Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité ».
 

Photo © SIP / Claude Piscitelli
 

Zesumme fir eist Waasser

Hëlleft mat dës wäertvoll Ressource mat e puer einfache Gesten ze spueren. A fannt eraus, wat dir als Besëtzer vun enger Schwämm maache kënnt a puncto Waasserverbrauch.⁣ Hei drënner fannt dir d’Rotschléi vun der Administratioun fir d’Waasserverwaltung.

Hei geet et bei d’Dokument > Economiser l’eau 2023

Hei geet et bei d’Dokument > Consommation eau piscine privée 2023

 

 

Faarf bekenne fir d’Pride Week

Am Kader vun der Luxembourg Pride Week, déi vum 1. bis den 9. Juli 2023 geet, hu mir en neie Pride Fändel virum Gemengenhaus opgehaangen. Am Juni 2018 huet den Designer Daniel Quasar de gewinnte Reebou mat engem Dräieck mat de Faarwe schwaarz, brong, hellblo, rosa a wäiss erweidert. Dëse Progress Fändel symboliséiert Fortschrëtt an Inklusioun vun de ‚People of Color‘, Trans-Persounen a Mënschen, déi mam HIV/AIDS liewen oder dorunner gestuerwe sinn. Eise Fändel baséiert op der leschter Adaptatioun vum Designer Valentino Vecchietti aus dem Joer 2021. De gielen Dräieck mam mofe Krees representéiert Intersex-Mënschen.
 
Weider Informatiounen zu de Faarwe vum Fändel fannt dir bei Rosa Lëtzebuerg.

 

Triumph zu Berlin!

Et war eng spannend Finall zu Berlin bei de World Games am Basket. Gëschter konnt sech d’Lëtzebuerger Equipe mam Claudia Peffer aus der Gemeng Suessem bei den “Mixed Unified” Equippen 11:10 géint Däitschland duerchsetzen, an huet sech domat d’Gold-Medaille geséchert. Gratulatioun!

D’Special Olympics World Games, dat gréisst inklusiivt Sportsfest op der Welt, si vum 17. bis de 25. Juni 2023. Dausenden Athlete mat an ouni kognitiv Beanträchtegung treiden a 26 Disziplinnen un. Zil vun dësem fuerwegen, internationale Rendez-vous ass et, fir sech fir d’Unerkennung an d’sozial Inklusioun vu Mënsche mat Beanträchtegung staark ze maachen.

Goldmedaillen-Equipe:
Jorge Pinto, Kapitän, Ettelbréck
Bobby Krishna, Athlet, Bartreng
Claudia Peffer, Athletin, Suessem
Alex Teixeira Badois, Athlet, Housen
Martin Van den Berg, Athlet, Réimech
Marlis Van den Berg, Partner, Réimech
Martine Kemp, Partner, Lëtzebuerg
Pit Zahlen, Partner, Hesper
Gil Roden, Partner, Hesper
Loick Wohl, Partner
Julie Schiel, Coach, Wuermer
Steve Kaboth, Coach, Fréiseng
Rocky, Coach, Munneref

 

 

Resultat vun de Gemengewalen

Hei ass d’Resultat vun de Gemengewalen 2023 fir d’Gemeng Suessem.
 
Offiziellt Klassement vun de Kandidat·innen no Bureauen (PDF)
 
Offiziellt Klassement vun de Lëschten no Bureauen (PDF)
 
Zesummefaassung no Lëschten a Kandidat·innen (PDF)
 
Sëtzverdeelung (PDF)
 
 

 

 

 
 
liste détaillée – bureau de vote 01

liste détaillée – bureau de vote 02

liste détaillée – bureau de vote 03

liste détaillée – bureau de vote 04

liste détaillée – bureau de vote 05

liste détaillée – bureau de vote 06

liste détaillée – bureau de vote 07

liste détaillée – bureau de vote 08

liste détaillée – bureau de vote 09

liste détaillée – bureau de vote 10

liste détaillée – bureau de vote 11

liste détaillée – bureau de vote 12

liste détaillée – bureau de vote 13

liste détaillée – bureau de vote 14

liste détaillée – bureau de vote 15

liste détaillée – bureau de vote 16

liste détaillée – bureau de vote 17

liste détaillée – bureau de vote 18

liste détaillée – bureau de vote 19

liste détaillée – bureau de vote 20

liste détaillée – bureau de vote 21

liste détaillée – bureau de vote 22

liste détaillée – bureau de vote 23

liste détaillée – bureau de vote 24

liste détaillée – bureau de vote 25

liste détaillée – bureau de vote 26

liste détaillée – bureau de vote 27
 
 

Eng gréng Avenue zu Zolwer

D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring huet op dësem Dënschden, 6. Juni 2023 d’Laureat·inne vum Appel à projets Méi Natur an eise Stied an Dierfer bekannt ginn. De Projet vun der Gemeng Suessem hat beim Jury am meeschten Uklang fonnt. D’Avenue 2000 zu Zolwer, wou d’Präisiwwerreechung stattfonnt huet, wäert déi nächst zwee Joer op 1.628 m² eng komplett Metamorphos erliewen.

Hei geet et bei de ganzen Artikel
 
 

WG mat abordabelem Loyer fir Jonker

Den 31. Mee 2023 gouf zu Zolwer op Nummer 29 an der Éilerenger Strooss dat éischt Haus, dat de WG Projet vun der LIFE asbl kaf hat, offiziell ageweit. Dës Wunngemeinschaft an eiser Gemeng ass speziell fir Jonker geduecht, déi ab engem Loyer vu 450€ de Mount inklusiv Chargen d’Méiglechkeet kréien, hir Existenz opzebauen. Déi 7 Schlofzëmmeren hunn all en eegent Buedzëmmer, an et gëtt donieft zwou Kichen an zwou Stuffen.

Déi ekologesch Renovatiounsaarbechten – inklusiv Solarthermie a Reewaasseranlag – hunn dräi Joer gedauert. Den Logementsministère huet 75% vun de Gesamtkäschte gedroen, an duerch e Subside vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte konnt d’Hausse vun den Baupräisser opgefaangen ginn. Weider Käschte ginn iwwert e Prêt finanzéiert, dee vun enger Zënsbonifikatioun duerch Etika asbl profitéiert, an duerch d’Loyeren ofbezuelt gëtt.

 


















Communiqué – Neie Futtballsterrain zu Éilereng

D’Gemeng Suessem deelt mat, datt et um Méindegowend, 27. Mäerz 2023, op en Neits eng Reunioun tëscht dem Schäfferot, dem Service Technique an dem Kommitee vum FC Éilereng gouf. An dëser ass sech net nëmmen iwwert den aktuell schlechten Zoustand vum Éilerenger Futtballsterrain ausgetosch ginn, mee virun allem huet de Schäfferot dem Veräin konkret Léisunge virgeschloen.

Well opgrond vun zwou ënnerierdesche Leitungen an engem zukünftege Chantier vum SES (Syndicat des Eaux du Sud) momentan kee syntheeteschen Terrain op der aktueller Plaz méiglech ass, huet de Schäfferot dem FC Éilereng proposéiert, fir an der rue Kulturschapp ee syntheeteschen U13-Terrain ze bauen. Dëst méi klengt Spillfeld (63m x 40m) géif den aktuellen Terrain net nëmme staark entlaaschten, mee virun allem och sämtleche Jugendekippe bis d’U13 d’Méiglechkeet bidden, fir bei all Wiederkonditiounen op engem uerdentlechen Terrain ze trainéiere respektiv ze spillen. De Kommitee vum FC Éilereng huet dësem Projet dann och offiziell zougestëmmt.

600.000 € am Budget virgesinn

Well d’Gemeng Suessem sech am Austausch mam Veräin ewell länger iwwert alternativ Léisunge konkret Gedanke gemaach huet an dëst och schonns aktiv den Éilerenger Bierger·inne kommunizéiert huet (ë. a. ufanks Oktober 2022 beim Informatiounsowend De Schäfferot am Gespréich), sinn am aktuelle Budget net manner ewéi 600.000 € fir dësen U13-Terrain virgesinn. Esou dierften d’Aarbechten net allze laang op sech waarde loossen an den neien Terrain sollt am Idealfall am Fréijoer 2024 fäerdeg sinn.

Pre-Sale for Flow Music Festival is open – Get your early bird festival pass now!

De Schäfferot an de Kommitee vum FC Éilereng hunn an der Reunioun awer och nach eemol iwwert d’Zukunft vum groussen Terrain diskutéiert. D’Gemengevertrieder hunn an deem Zesummenhang hir Bereetschaft widderholl, fir och zu Éilereng ee syntheeteschen Terrain an den nächste Joren ze bauen. Wéi uewen erwäänt, kannt dëst allerdéngs eréischt no enger Expropriatioun an engem Chantier, bei deem déi ënnerierdesch Leitungen, déi aktuell queesch ënnert dem Terrain verlafen, verluecht ginn, geschéien. Well an deem Kader souwisou een Deel vum Terrain opgerappt muss ginn, mécht et zur Zäit leider kee Sënn fir dëse Projet elo schonns unzegoen.

De Schäfferot verséchert ofschléissend, datt hie weiderhin alles drusetzt, fir datt sämtlech aktiv Sportler·innen an eiser Gemeng ënner beschtméigleche Bedingungen hirer Sportaart nogoe kënnen.

Mat beschte Gréiss,

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem

Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschtesch
Nathalie Morgenthaler, Schäffin
Steve Gierenz, Schäffen
Mike Lorang, Schäffen

Vandalismus – Toiletten am Pavillon zou

Mir deelen Iech mat, datt déi ëffentlech Toiletten am Pavillon vun der Source Bel-Val leider bis op Weideres zou sinn.

Dëst wéinst direkt e puer Fäll vu Vandalismus (Feier, Zerstéierung) an deene leschte Méint.

Merci fir Äre Versteesdemech.

Ronne Gebuertsdag oder Jubiläum

Dir feiert deemnächst e ronne Gebuertsdag (90 | 95 | 100) oder Dir sidd an noer Zukunft 50, 60 oder souger 70 Joer bestuet?

Dat muss gefeiert ginn!

Wann Dir iech iwwert eng kleng Opmierksamkeet an ee Besuch vum Schäfferot géift freeën, da maacht eis wgl. am Viraus ee kuerze Message.

 

Sanem goes WhatsApp

Eng gespaarte Strooss, eng wichteg Alert oder een Highlight an eisem Agenda? Sidd mam WhatsApp-Déngscht nach méi séier informéiert.

Wéi Dir dovunner profitéiere kënnt? Schéckt ee WhatsApp Message, wou Dir Ären Numm dra schreift, un

621 781 782

Fir Iech erëm ofzemellen, sot eis einfach per Message Bescheed. Är Donneeë gi vertraulech behandelt.

Mir wëllen Iech op dëser Plaz och gäre matdeelen, dass de Service SMS to Citizen net méi a Betrib ass.
 

Dampmelder: ab dem 1. Januar 2023 obligatoresch

Denkt dorun! Ab dem 1. Januar 2023 muss den Dampmelder obligatoresch um Niveau vu Fluchtweeër an a Schlofkummeren ubruecht ginn. D’Ubrénge vun engem Dampmelder an anere Beräicher ass recommandéiert.

Méi Informatiounen

Ännerungen am Parkkonzept vun der Gemeng Suessem

Säit 2019 gëtt et an der Gemeng Suessem e Parkraummanagement. Dëst Konzept gëtt op den 1. Abrëll 2022 erweidert. Ënnert anerem wäerten d’Rue de la Poste an d’Rue du Stade zu Bieles an dëst Konzept agebaut ginn, ma och beim Zolwereck gëllt et an Zukunft un  den Disk ze denken.

D’Parkkonzept vun der Gemeng Suessem gesäit net nëmmen d’Aféiere vu Zone mat “Stationnement résidentiel” oder “Parking payant” vir, mee och d’Parke mat engem Disk.

Zil vun dëser Reglementatioun ass a bleift et den Awunner·innen et méi einfach ze maache fir no un hirer Wunneng ze parken a gläichzäiteg och den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit ze fërderen.

Dépliant informatif – Gestion de stationnement

Demande d’une vignette pour le parking résidentiel

Nei Ulafstell – Verscholdung

Dir sidd an enger schwiereger finanzieller Situatioun? Sief et onerwaart, temporaire oder duerch eng akut Iwwerschëldung.

D’Gemeng Suessem, zesumme mam Office social, bitt zënter kuerzem eng nei Ulafstell un:

Tel. 621 630 288

All Mëttwoch tëschent 14.00 an 18.00 Auer

Anonym – Gratis – Ouni Engagement – Vertraulech – Erklärungen – Léisungen – Virschléi

Nei Affektatioun fir d’Suessemer Schlass

Wéi den zoustännege Minister Claude Meisch um Freidegmëtteg getwittert huet, kritt d’Suessemer Schlass eng nei Affektatioun.

Um historesche Site zu Suessem soll an Zukunft eng “Antenn vun der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg entstoen”.

Weider erkläert den Educatiounsminister, datt am Schlass sämtlech Formatiounen, vum Kach bis zum Hotelsmanager, vum DAP bis zum BTS, ugebuede wäerte ginn.”

An enger éischter Reaktioun weist d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz an de Schäfferot sech erfreet iwwert dës Decisioun a si sech sécher, datt “bei dësem flotte Projet d’Gemeng konstruktiv matschaffe kann a Synergien entstoe kënnen.”

 

Babysitter-Formatioun

Insgesamt hunn 33 Jonker un eisen zwou Babysitterformatiounen am Juli deelgeholl.

D’Babysitter léieren hei, wéi d’Kommunikatioun mat méi klenge Kanner am beschte funktionéiert, wéi se Puppelcher wéckelen an ernäre sollen, wat se vu verschiddenen Aktivitéite mat Kanner aus all Altersklass ënnerhuele kënnen, a wéi se am Noutfall richteg reagéiere sollen.

Op der Sich no engem Babysitter? Hei fannt Dir eis aktualiséiert Babysitterlëscht.

 

Scheckiwwerreechung fir Nationalfeierdag

Um Dënschdegowend, 20. Juli 2021, hat d’Gemeng Suessem an den Artikuss op d’Scheckiwwerreechung am Kader vun Nationalfeierdag invitéiert.

D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet virop bedauert, datt och dëst Joer kee grousst Volleksfest den 22. Juni konnt stattfannen.

Well d’Gemeng, niewent engem kreative Béierdeckelset un déi ganz Populatioun, awer besonnesch och un déi Leit denke wollt, deenen et net esou gutt geet, huet de Gemengerot a senger Sitzung vum 18. Juni 2021 d’Decisioun geholl, den net benotzte Budget fir d’Feierlechkeeten u sechs national Hëllefsassociatiounen ze spenden.

Erauskomm sinn op dës Manéier sechs Schecken iwwert jeeweils 5.000 €, déi déi ënnerschiddlech Associatiounen en Dënschdegowend aus den Hänn vum Schäfferot an Empfang geholl hunn.

Gitt méi iwwert déi ënnerschiddlech Associatioune gewuer oder engagéiert och Dir Iech!

“BabyPLUS ass eng Chance fir jiddwereen”

Ee Gespréich mam Sandrine Bruno, Coordinatrice vu BabyPLUS, iwwert d’Aufgabe vun dësem Service a wéi eng Chancen dëse fir jonk Eltere mat sech bréngt.

Wat ass de Service BabyPLUS?
De Service BabyPLUS ass eng gratis Ulaf- a Berodungsstell, déi mëttlerweil vun aacht Lëtzebuerger Gemengen, dorënner der Gemeng Suessem, ugebuede gëtt, an déi sech geziilt u Famillje respektiv Frae riicht, déi ee Puppelchen erwaarden oder kierzlech ee kruten.

Wie ka vun dësem Service profitéieren?
Ech betounen ëmmer erëm gären, datt wierklech jiddwereen d’Recht op dëse Service huet. Et spillen och beileiwe keng sozial oder finanziell Komponenten eng Roll. Doniewent solle jonk Elteren sech och net scheie fir eis Berodung an Usproch ze huelen, well et am Zesummenhang mat engem Puppelche keng onnëtz Froe gëtt. BabyPLUS ass einfach eng Chance fir jiddwereen, souzesoen eng professionell Ënnerstëtzung ouni Drock a Verflichtungen.

Wéi gesäit eng typesch Begleedung vun Ärem Service aus?
Falls déi zukënfteg Eltere sech schonns virun der Gebuert bei eis mellen, fixéiere mir direkt een éischte Rendezvous géint Enn vun der Schwangerschaft. Bei der Entrevue geet et natierlech an éischter Linn ëm d’Gebuert selwer. Wann de Puppelche da bis do ass, gesi mir déi jonk Elteren innerhalb vum éischte Liewensjoer tëscht 4 a maximal 8 Kéieren.

Wéi kann ee sech esou ee Rendezvous virstellen?
Falls et organisatoresch nëmme méiglech ass, gëtt eng Famill dat ganzt Joer iwwer vun enger an der selwechter Persoun begleet. Eis Ekipp ass méisproocheg a besteet ausschliisslech aus qualifizéierte Fachleit (Kanner-Infirmière, Diplompädagogen an Educateuren). Déi vertraulech Rendezvousen daueren tëschent 60 an 90 Minutten a si meeschtens bei de Leit doheem, kënnen awer och op Wonsch an engem Raum vun der Gemeng sinn.

Mellt Iech beim Service BabyPLUS !

Tel: 59 30 75 – 888

babyplus@suessem.lu

Méi Informatiounen

Suessem gëtt eng LGBTIQ+ Freedom Zone

An der Sitzung vum 18. Juni 2021 huet de Gemengerot unanime eng Resolutioun ugeholl, déi déi ganz Gemeng Suessem zukünfteg als Fräiheetszon fir LGBTIQ+ Persounen ausweist. Mat dësem Vott decidéiert de Gemengerot

  • fir d’Gemeng Suessem als Fräiheetszon fir LGBTIQ+ Persounen auszeruffen. Dëst no der Deklaratioun vum Europäesche Parlament, déi den 11. Mäerz 2021 un all d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt gouf. An dëser ginn déi eenzel Länner opgefuerdert net nëmmen d’Rechter vun LGBTIQ+ Persounen ze schützen an ze fërderen, mee och géint all Form vu struktureller Diskriminéierung virzegoen.
  • fir d’Aktioune vun de polneschen an ungaresche Regierungen ze veruerteelen, déi mat hire rezente politeschen Handlunge geziilt déi europäesch an universell Mënscherechter vun LGBTIQ+ Persoune verletzen.
  • fir de Reeboufändel wärend dem Pride-Mount virun der Gemeng opzehänken.

D’Gemeng Suessem setzt sech als Signataire vun der Charte de la Diversité schonns zënter laangem géint all Forme vun Diskriminéierung an an ass houfreg mat dëser Resolutioun ee weidere Schratt an dës Richtung ze maachen.

 

 

Sens unique Z.I. Haaneboesch

D’Administratioun vun de Ponts&Chaussées deelt mat, dass d’Aarbechten an der Z.I. Haaneboesch um CR175A fir ronn 3. Méint verlängert ginn.

Doduerch gëllt an dëser Strooss fir eng Zäit e Sens unique an dëst vu Suessem a Richtung Nidderkuer.

Op der aner Säit ass den Trajet vun Nidderkuer op Suessem fir ronn 3 Méint gespaart.

 

Pavillon Source Bel-Val

Um Freidegmëtteg, 27. November 2020, stoung zu Bieles den neie Pavillon am Parc Um Belval, deen un déi historesche Source Bel-Val erënnere soll, am Mëttelpunkt. Am Kader vun enger consultation rémunérée hate véier Architektebüroen – jeeweils zesumme mat engem Zeenograf – ee Projet proposéiert. Den éischte Präis vum Jury goung dobäi un de Kollektiv BeBunch an un d’Laura Mannelli.

D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ass an hirer Usprooch op den historesche Kontext vun dësem Projet agaangen. D’Source Bel-Val war ufanks vum 20. Joerhonnert ënnert der Leedung vum Joseph Steichen-Mongenast ee ganzt bekannt a gesond Quellewaasser, dat opgrond vu senger exzellenter Qualitéit an d’ganz Welt exportéiert ginn ass.

Dësem Waasser sinn net nëmme medizinesch Kräften zougesprach ginn, mee et gouf och mat sëllege Gold-Medaillen ausgezeechent. Déi international Konkurrenz, direkt e puer uerg Bränn souwéi déi grouss Depressioun hunn 1935 allerdéngs d’Enn fir d’Source Bel-Val bedeit.

Geschicht a Gesellegkeet

D’Source gëtt et awer och hautdesdaags nach ëmmer a leeft laanscht den ënneschten Deel vum Parc Um Belval, genau gekuckt op der Kräizung tëscht dem Boulevard de la Recherche an dem Boulevard du Jazz. Am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad 2022 an der Thematik Remix Nature, huet d’Simone Asselborn-Bintz betount, dass d’Gemeng Suessem vun dëser Geleeënheet profitéiere wéilt, fir mat dësem Pavillon net nëmmen un d’Geschicht vun der Source z’erënneren, mee gläichzäiteg och eng Plaz ze schafen, wou een entspanen oder och ee klenge Maufel iesse kann.

Fënnef Architektebüroe goufen invitéiert fir hir Iddie vu sou engem pedagogeschen a gesellege Pavillon ëmzesetzen, huet d’Organisatrice vum Concours, Séverine Zimmer, präziséiert. Vun deene véier Projeten, déi schliisslech eragereecht goufen, ass vum Jury den Entworf vum Kollektiv BeBunch, Ney & Partners souwéi der Zeenografin Laura Mannelli zeréckbehale ginn.

Deel vum Parcours fir d’Kulturjoer 2022

D’Presidentin vum Jury Sala Makumbundu huet erkläert, dass dëse Projet virun allem duerch seng spilleresch Integratioun an d’Landschaft, seng Liichtegkeet souwéi säin direkte Rapport zum Waasser punkte konnt. Dobäi géif déi oppen an nohalteg Architektur alueden an och d’Zeenografie wéisst mat hirem Zesummespill tëscht dem Waasser an der augmented reality ze gefalen.

D’Buergermeeschtesch huet zum Ofschloss nach eemol betount, dass sämtlech Projete mat innovativen Iddien iwwerzeege konnten, mee et leider, wéi sou oft, just ee Gewënner kéint ginn. Den zweete Präis, mat enger spezieller Mentioun vum Jury, goung un den Trio Étienne Duval, Pauline Lacord a Julie Marthe Hoffmann. Den drëtte Präis war fir d’Ekipp 2001-NJOY an dee véierte fir Formsociety mam Serge Ecker.

 

De Pavillon wäert 2022 dann och ee feste Bestanddeel vum groussen artisteschen an historesche Projet sinn, dee sech duerch déi véier Uertschaften zitt a speziell fir d’Kulturhaaptstad realiséiert gëtt. Donieft ginn et Iwwerleeungen de Pavillon och de Veräiner aus der Gemeng zur Verfügung ze stellen.

 

Duval - Lacord - Hoffmann
Duval – Lacord – Hoffmann
2001 – NJOY
Formsociety – Ecker

Home sweet home office

Zënter 2018 ass den Tom Offermann Deel vum Service des Ressources humaines vun der Gemeng Suessem. E Gespréich iwwert de Pilotprojet Teletravail, Homeoffice am Confinement, souwéi d’Iddi hannert dem Begrëff ‘Work-life Balance’.

 

Wéi laang gëtt et den Teletravail schonns an der Gemeng Suessem?

Den Teletravail gëtt effektiv schonns zënter September 2019 fir dat administratiivt Personal vun der Gemeng Suessem ugebueden. Dëst geschitt am Kader vun engem Projet an Zesummenaarbecht mat der Fonction publique. Heizou muss ee präziséieren, dass den Teletravail zwar am Statut vum Gemengebeamte verankert ass, et awer leider keng weider Detailer zu sengem Fonctionnement ginn. Dëse Projet soll ënnert anerem dobäi hëllefen e Kader fir een neit Gesetz ze schafen, well dat alt der heiteger Zäit net méi gerecht gëtt.

Wéi gesäit den Teletravail am Detail aus a wéivill Beamte profitéiere vun dësem Aarbechtsmodell?

Säit dem 1. September 2019 kënnen 11 vun eise Beamten, op fräiwëlleger Basis, op den Teletravail zeréckgräifen. Hei gëtt zum gréissten Deel an engem flexibele Modus geschafft. Dat bedeit, dass de Beamten d’Méiglechkeet huet 2 Wochen am Viraus deen Dag festzeleeën, op deem hie vun Doheem aus schaffe wëll. D’Limitt läit dobäi bei maximal 8 a minimal 4 Stonnen an der Woch. Dat néidegt informatescht Material gëtt vun der Gemeng zur Verfügung gestallt.

Wéi gouf den Teletravail wärend der sanitärer Kris ëmgesat?   

Mëtt Mäerz huet de Schäfferot decidéiert d’Gemeng nëmmen nach op Rendezvous opzeloossen. Esou konnt de Risiko vun enger Infektioun minimiséiert ginn an d’Gesondheet vum Personal a vun eise Bierger ass an de Vierdergrond geréckelt. An dëser Phase gouf dann och massiv op den Teletravail zeréckgegraff. Sämtlecht Personal, bei deem d’Aarbecht et zougelooss huet, konnt dovunner profitéieren an no enger ganz intensiver a kuerzfristeger Organisatioun, war dono quasi all Beamten am Homeoffice.

De Covid-19 war op eng gewësse Manéier also een Accélérateur fir dëse Projet?

Dat kann een esou soen, och wa mir verständlecher Weis léiwer aner Ëmstänn gehat hätten. Dat Wichtegst war awer, dass d’Gemeng all hir Servicer weiderhi konnt uerdentlech ubidden, och aus dem Homeoffice eraus. Donieft war dëst fir déi meescht natierlech eng éischt Erfarung mat dëser Aarbechtsform, déi gréisstendeels onbekannt war an am Nachhinein ganz positiv ukomm ass.

Trotzdeem war et eng Ausnamesituatioun.

Dat ass sécher. Et muss ee kloer ënnerscheeden, dass dëst kee regulären Teletravail war, well quasi déi komplett Woch aus dem Homeoffice geschafft gouf. Dat ass an eisem Modell jo net virgesinn an awer war et eng gutt Méiglechkeet dem Personal de Bols ze fillen.

Wat si konkret d’Virdeeler vum Teletravail?

Ee Virdeel, deen direkt an d’A spréngt, ass dee vum Aarbechtswee, deen ewechfält. Oft ass dee Wee mat Stress a Stau verbonnen a sou kann de Beamten direkt vun Doheem aus ufänke mat schaffen. Donieft kann ee ganz flexibel schaffen a sech d’Aarbecht u sech esou opdeelen, wéi ee wëll, mat der Oplag, dass ee wärend verschidde Stonnen erreechbar muss sinn. Op dës Manéier kann ee sech net nëmme besser professionell a privat organiséieren, mee och op säi Bio-Rhythmus lauschteren an déi Stonnen effektiv schaffen, wou een am produktiivsten ass.

Dat heescht och d’Bierger profitéiere vun dësem Modell?

Am Idealfall jo. Doduerch dass de Beamten am Homeoffice manner gestéiert gëtt, zum Beispill duerch Aarbechtskolleegen, déi an de Büro eppes nofroe kommen oder den Telefon, deen zum Deel vill schellt, ass de Beamten och méi produktiv an Dossieren oder Ufroe kënne méi séier verschafft ginn.

Ofschléissend, wat erwaart d’Gemeng sech vun dësem Projet?

Déi wichtegst Wierder am Zesummenhang mam Teletravail sinn ouni Zweiwel déi vun der Work-life Balance. Wann e gutt organiséiert ass, kann dëse Modell eng exzellent Verbindung tëscht dem Aarbechts- an dem Privatliewe sinn, bei deem ee béid Felder esou matenee verbënnt, dass keent ze kuerz kënnt.

Eng Gourde fir all Schüler

Um Méindegmëtteg, 21. September 2020, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem enger Klass aus der Schoul 2000 Gourden iwwerreescht.

Fir d’Rentrée krut jidderee vun deene knapp 1600 Schüler esou eng Gourde aus Edelstol, déi 600ml faasst, an déi ee weidere Bausteen an der nohalteger Zero-Waste-Politik an de Suessemer Schoulen ass. An dësem Kader wäerten demnächst och Waasserspenderen an de Gebaier installéiert ginn.

Nodeems dëst Joer also sämtlech Schüler sech iwwert eng Gourde freeë konnten, kréien an Zukunft all d’Kanner aus dem Cycle 1.1 esou eng propper an hygienesch Drénkfläsch.

 

Nei Buergermeeschtesch

Um Méindegmoien, 13. Juli 2020, gouf d’Simone Asselborn-Bintz (LSAP) als Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt. D’Simone Asselborn-Bintz ass an der knapp 220 Joer aler Geschicht  déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Gemeng.

Nom Depart vum Georges Engel, deen zénter November 2005 d’Geschécker vun der Gemeng geleed huet, gëtt den neie Schäfferot vum Steve Gierenz (LSAP) komplettéiert.

Wärend d’Simone Asselborn-Bintz ee groussen Deel vum Georges Engel senge Ressorten iwwerhëlt, ass de Steve Gierenz an Zukunft ënnert anerem fir d’Senioren, d’Ëmwelt an d’Maison Relais verantwortlech.

Hei fannt Dir de ganze Schäfferot mat sämtleche Ressorten

Suessem géint Rassismus an Diskriminatioun

Ronderëm de Globus protestéieren d’Leit géint Rassismus. Black Lives Matter, Stop Racism, Justice for George Floyd sinn nëmmen e puer vun de Sloganen, déi een all Dag ka gesinn. D’Lescht Woch huet d’Gemeng Suessem sech dem Opruff zum Blackout Tuesday ugeschloss fir en Zeeche géint Rassismus ze setzen. An dem Sënn konnt dir op dësem Dag en donkelgrot Häerz op schwaarzem Hannergrond Profil- an Titelbild op der Facebooksäit vun der Gemeng gesinn.

D’Biller, déi eis aus Amerika erreechen, sollen eis och zum nodenke kréien, wéi et bei eis an Europa an zu Lëtzebuerg ausgesäit. 2018 gouf schonn eng Studie vun der European Union Agency for Fundamental Rights (FRA) iwwer Being Black in the EU gefouert. Hei koum eraus, dass sech 52% vun de Leit mat schwaarzer Hautfaarf hei zu Lëtzebuerg am Laf vun de 5 Joer virun der Ëmfro diskriminéiert gespuert hunn.

„Hei zu Lëtzebuerg gëtt et e latente Rassismus, an et gëllt an Zäite vun der Kris nach méi vigilent ze sinn.“, esou d’Schäffin fir d’Chancëgläichheet an Diversitéit Nathalie Morgenthaler.

D’Gemeng Suessem setzt sech géint Diskriminatioun an. Zanter 2017 krut de Service à l’Égalité des chances de Volet Diversitéit bäigesat, well jidderee gläich gestalt sollt ginn, sief et Leit mat verschiddenen Originne, Mënsche mat enger Behënnerung oder d’LGBT+ Communautéit. Zudeem ass d’Gemeng Suessem zanter 2018 Signataire bei der Charte de la Diversité. An dësem Kader ginn all Joer verschidden intern an extern Sensibiliséierungsaktiounen organiséiert, wéi beispillsweis de Schoulprojet Zesumme si mir staark. D’Objektiv vun dësem Projet ass et, d’Stereotyppen ëm d’Theme vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit ofzebauen oder verschiddener beschtefalls net opkommen ze loossen. Wat den interne Volet betrëfft, sou gi verschidde Formatioune fir d’Gemengepersonal organiséiert, déi Theme wéi Diskriminéierung oder den Accueil vu Mënsche mat enger Behënnerung betreffen. Natierlech ass d’Gemeng Suessem beméit, nei Sensibilisatiounsaktivitéiten ze lancéieren.

Falls een Zil oder Zeie vu rassistescher Diskriminatioun gëtt, da soll een dorobber reagéieren an dorop hiweisen, dass et falsch ass. D’Nathalie Morgenthaler erkläert: „Jidderee misst eigentlech an der Responsabilitéit stoe fir eppes géint Rassismus z‘ënnerhuelen, a mir als Gemeng sollen heifir eng Virbildroll iwwerhuelen.“


Service à l’Égalité des chances et Diversité:

Annick Spellini
Tel : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu

Den Eichenprozessionsspinner ass erëm do

Den Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) huet sech an der Gemeng Suessem zeréckgemellt. Et si Raupen, déi sech a grousse Gruppen hannerteneen am Stil vun enger Pressessioun beweegen. An hiren Näschter, déi op Eechen ze fanne sinn, sinn honnerte Raupen dran, déi a laang, dënn Hoer agewéckelt sinn.

D’Gemengeservicer sinn am Gaang, déi betraffe Plazen ze botzen an ofzesécheren. Op dëse Plaze ginn och Schëlder opgestallt.

D’Larve vun dëser Päiperlékszort befale virun allem Eechen a sinn eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch. An de Brennhoer vun de Raupen, déi liicht eroffalen, ass e Gëft dran, dat bei Mënsch an Déier allergesch Reaktioune kann ausléisen. D’Hoer kënnen duerch d’Loft weider gedroe ginn an dacks nach Méint oder Joren an der Natur ronderëm verbleiwen.

Weider Informatiounen, wéi Opklärungs- a Schutzmoossnamen, fannt Dir am Depliant vum Gesondheetsministère an dem fréiere Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur.

Solidaritéit+

Fir eisen eeleren an/oder vulnerable Matbierger an der aktueller Situatioun ënnert d’Äerm ze gräifen, bitt de Schäfferot vun der Gemeng Suessem, zesumme mam Service Senior+, an deenen nächste Woche folgend gratis Servicer un:

  • D’Erleedege vu klenge Kommissiounen (a lokale Geschäfter)
  • De Gang an d’Apdikt
  • Spadséiergäng mat Ärem Hond

Wann Dir wëllt vun dëser Offer profitéieren, da rufft moies tëscht 08.30 an 11.30 Auer um Telefon vum Service Senior+ ënnert der Nummer 621 96 44 21 un. Dëse Service riicht sech exklusiv u Leit iwwer 65 Joer oder u vulnerabel Leit.

Am Normalfall ginn Är Optreeg nach de selwechten Dag erleedegt. D’Gemeng Suessem schéckt Iech mat der Post eng Rechnung vun den Akeef.

Selbstverständlech gi bei der Liwwerung sämtlech Consignë respektéiert fir de Virus net ze verbreeden.
 


 
Och d’Regierung huet esou en Déngscht ageriicht. Weider Informatioune fannt dir ënnert corona.letzshop.lu oder iwwert d’Hotline 8002 92 92.
 


 
Bleift um Lafende wat d’Aktualitéit an der Gemeng Suessem ugeet mat eisem séieren a gratis Infoservice. Schreift Iech a mat Ärem Numm iwwer WhatsApp um 621 781 782.
 
 

Aweiung “Mind the Brain”

De Freiden, 28. Februar 2020 war ëm 14.00 Auer am Parc “Um Belval” d’Inauguratioun vun der Skulptur vum Marc Pierrard, déi am Kader vum 10ten Anniversaire vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Uni Lëtzebuerg entstanen ass. D’Skulptur, déi 2 Meter héich ass an 1,6 Tonne weit, stoung fir d’Rentrée dräi Woche laang an der Stad Lëtzebuerg virun der Kathedral, éier si elo hir definitiv Plaz um Belval fonnt huet. Dat grot Gehier aus waasser- a feierresistenter Glasfaser ass eent vun 10 Stéck, déi vu Lëtzebuerger Kënschtler personaliséiert goufen, allkéiers mat engem Recherche-Domaine als Ophänkert.

De Marc Pierrard wëll mat senger Konscht virun allem eppes kommunizéieren: den Zweiwel. „Et soll een am Liewe méi wäit siche goen an net ëmmer op der éischter Impressioun hänke bleiwen. Konscht kann dat bewierken.“. Den Direkter vum LCSB Rudi Balling huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir e puer Wierder un d’Invitéen z’adresséieren, genee wéi de Marc Pierrard an d’Schäffin vun der Gemeng Suessem Simone Asselborn-Bintz, déi dem LCSB fir déi flott Initiative felicitéiert huet.

D’Hallschent vum Erléis vum Verkaf vun den 10 Skulpture fléisst an e Recherche-Projet vum Professer Enrico Glaab, bei deem fréizäiteg Ännerungen an den Zellen um Ufank vun der Parkinson Krankheet ënnersicht ginn. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) leeft d‘Recherche interdisziplinär, well eng Bréck tëscht der Biologie an der Medezin geschloe soll ginn.

Weider Informatiounen zum Kënschtler an zum Wierk
 









100. Gebuertsdag zu Bieles

A Präsenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen a vum Schäfferot vun der Gemeng Suessem gouf de Mëttwoch, 8. Januar 2020 den 100. Gebuertsdag vun der Mme Yvonne Baustert-Bourkel gefeiert, déi schonn hir Kandheet zu Bieles verbruecht huet. Si krut den “ordre de mérite” iwwerreecht a Gléckwënsch gouf et ënner anerem vum Groussherzoglechen Haff.









Gewënner vum Concours “Fokus”

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem an d’Kulturkommissioun hunn de Freiden, 13. Dezember 2019 um faire Wantermaart am Boulodrome zu Bieles dem Gewënner vum Concours “Fokus” gratuléiert. Dem Armand Bartocci seng Foto kënnt op déi offiziell Gléckwonschkaart 2020 vun der Gemeng, déi an den nächste Woche verschéckt gëtt, och op digitalem Wee. An hie krut e flotte Kado als Belounung.
 

 
D’Participanten waren opgefuerdert, bis den 31. Oktober 2019 hir ganz perséinlech Schätz aus der Gemeng am Bild festzehalen, an zwar mat maximal 3 Fotoen. Dono huet een onofhängege Jury déi schéinste Foto erausgesicht.

Politesche Wiessel am Schäfferot

De Freiden, 29. November 2019 gouf de Mike Lorang (CSV) am Inneministär offiziell als Schäffe vun der Gemeng Suessem vereedegt. Hie sëtzt zanter de Wale vun 1999 am Suessemer Gemengerot a gouf an dëser Funktion 2005, 2011 an 2017 bestätegt. Seng Ressorte si Mobilitéit, Personal vun der Administratioun an dem Service Technique, Ëffentlech Plazen a Gréngflächen, Gesondheet, Tourismus, Fester, Mäert an ëffentlech Manifestatiounen, Jugend a Jumelage.

© Ministère de l’Intérieur
De Mike Lorang iwwerhëlt domat de Poste vum Marco Goelhausen (LSAP), dee 14 Joer laang Schäffe war an am Gemengerot vum 15. November 2019 seng Demissioun annoncéiert huet, sou wéi et am Koalitiounsaccord virun 2 Joer festgehale gi war. Hie bleift awer weider Conseiller, eng Funktioun déi hien Enn 2001 eng éischte Kéier iwwerholl hat.
 

 

Depressioun: Manner Virurteeler, méi Fakten

Wat an der Fiktioun konkret kann duergestallt ginn, ass an der Realitéit dacks wesentlech méi komplex. D’Schrëftstellerin J. K. Rowling huet an den Harry Potter-Bänn beispillsweis hiert perséinlecht Erliefnis vun enger Depressioun an de Monsteren, déi Dementore genannt ginn, visualiséiert. Sinn déi magesch Monsteren no bäi, empfënnt ee keng Freed méi, et gefréiert alles an et gesäit ee just nach dat Schlëmmst. An de Bicher kënnen d’Protagonisten e Patronus beschwieren, deen e magesche Schutz billt an den Dementor ofwiert. An der Realitéit ass dëst méi schwiereg, schonn eleng well d’Erkenne vun enger Depressioun net esou einfach ass.

Ganz ënnen op dëser Säit fannt Dir d’Krittäre vun der Depressioun, wéi se vun der World Health Organization (WHO) an der Classification Internationale des Maladies (CIM) festgehale goufen.
 

 
Déi meescht vun eis hunn eng ongeféier Anung dovun, wat eng Depressioun ass. Allerdéngs fält et deene meeschte vun eis schwéier se bei sech selwer z’erkennen. D’Dr. Elisabeth Seimetz vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale ASBL erkläert: „Dacks erkennen d’Leit den Zesummenhang vun de Symptomer net. Zum Beispill – ech schlofen net gutt, hu Kappwéi, et geet mir net gutt… mee ech gesinn net, dass dat alles eppes mateneen ze dinn huet. Et kann dee Moment schonn eng Krankheet sinn, ouni dass een et selwer realiséiert. Wann d’Leit da bei den Hausdokter ginn, soen se just, dass si déi ganzen Zäite Kappwéi hunn, an iwwer de Rescht gëtt net geschwat.

Am Géigesaz zu deem wat ee gäre gleeft, ass d’Depressioun effektiv als richteg Krankheet unerkannt, déi hier Ursaachen, Symptomer a Behandlungsméiglechkeeten huet. D’Dr. Elisabeth Seimetz betount: „Et ass kee Virurteel, mee e Fakt.
 

 
No Schätzunge vun der WHO sinn em déi 5% vun der lëtzebuergescher Populatioun pro Joer vun enger Depressioun betraff, d.h. 20.000 Fraen an 10.000 Männer. Et dierf een net generaliséieren a behaapten, dass et sech haaptsächlech ëm eng Fraekränkt géif handelen. Eng Depressioun huet vill Facetten a ka sech bei jidderengem anescht weisen. „Et kënnt vir, dass Männer alt emol an der Depressioun méi reizbar sinn. ‚Et ka virkommen‘ heescht awer net, dass dat bei all Mann esou ass. Dat anert ass, dass Männer zum Beispill éischter zur Sucht tendéieren, Alkoholiker ginn, wat allerdéngs och nees Depressiounen ausléise kann, déi dann dacks manner gutt erkannt ginn“, esou d’Dr. Elisabeth Seimetz.

An anere Wierder: Depressioun ka verschidde Formen unhuelen. Wat kann en Auswee aus der Depressioun sinn? Jidderee kann hei eng wichteg begleedend Roll spillen. D’Dr. Elisabeth Seimetz réit: „D’Persoun soll net eleng gelooss ginn, och wann d’Persoun seet ‘Ech brauch keng Hëllef! Looss mech mat Rou!’. Am Réckbléck soe betraffe Leit duerno nämlech, dat Schlëmmst wier gewiescht, dass keen si méi gefrot hätt. Natierlech ass et als no stoend Persoun schwéier, an dofir ass et och wichteg esou séier ewéi méiglech ze kucken, dass Professioneller involvéiert ginn.
 

 
Symptomer vun enger Depressioun

Sicht d’Gespréich mat ärem Hausdokter oder enger Struktur wéi der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale, wann Dir op d’mannst 5 vun de folgende Symptomer hutt, woubäi och ee vun den zwee Éischtgenannten dobäi muss sinn:

• Depressiv Stëmmung (traureg, eidel, hoffnungslos)
• Keen Interessi oder Pleséier méi

• Keen Appetit oder méi Appetit wéi soss
• Schlofstéierungen
• Psychomotoresch Agitatioun oder Ralentissement
• Middegkeet oder Energieverloscht
• Sech schëlleg a sech wäertlos spieren
• Konzentratiounsschwieregkeeten an Opmierksamkeetsstéierungen
• Gedanken un den Doud oder Selbstmord

D’Unzuel an d’Intensitéit vun de Symptomer kënnen ënnerschiddlech sinn. Et schwätzt ee vun Depressioun, wann d’Symptomer quasi de ganzen Dag wärend op d’mannst 2 Wochen undaueren.

Fir méi Informatiounen iwwer d’Depressioun an eng detailléiert Lëscht vun den Informatiounsservicer a Strukturen, wou een Hëllef kritt, kënnt Dir op www.prevention-depression.lu fannen oder de Service Information et Prévention vun der Ligue um Telefon 45 55 33 uruffen.

(Source: Depliant ‚La dépression: parlons-en‘ vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a vum Ministère de la Santé)

Wien huet Angscht virum Urolog?

De Schnurres steet dëse Mount, dem sougenannte Movember, am Fokus an eiser Gemeng. Movember setzt sech aus de Wierder Moustache an November zesummen. D’Aktioun kënnt aus Australien an huet e seriöen Hannergrond. D’Zil ass et, op d’Männergesondheet opmierksam ze maachen, a méi genee op Prostate- an Hodekriibs, esou ewéi op mental Gesondheet a Suizidpräventioun. Suivéiert d’Gemeng Suessem op Facebook fir weider Informatiounen zum Thema.
 

 
Wéi de Broschtkriibs den heefegste Kriibs bei der Fra ass, esou ass de Prostate-Kriibs dee mat Ofstand heefegste Kriibs beim Mann. Pro Joer gi bis zu 400 nei Fäll zu Lëtzebuerg fonnt, an ongeféier 50 Männer stierwen dorunner. Vun deene sinn zwee Drëttel iwwer 80 Joer al, wat allerdéngs net heesche soll, dass een sech als jonke Mann keng Gedanken driwwer maache soll.

Den Urolog Dr. Patrick Krombach explizéiert: “Een, dee mir wëllen heelen, sou datt en ni méi a sengem Liewe wäert e Problem hunn, bei deem ass et am interessantsten, mir fannen de Prostate-Kriibs ganz fréi. Epidemiologesch gesinn ass et am Fong vill méi wichteg, dass een tëschent 50 a 70 Joer bei den Urolog geet, wéi no 70.

A ganz seelene Fäll, wann et sech ëm genetesche Prostate-Kriibs handelt, dee ganz aggressiv ka sinn, sollt ee scho virdrun d’Gespréich mam Hausdokter oder engem Urolog sichen. Eng kleng Recherche um Internet oder am Telefonsbuch geet duer, fir och an Ärer Géigend de richtegen Uspriechpartner ze fannen.
 

 
Et geet duer, dass de Prostate-Kriibs fréi genuch entdeckt gëtt, fir dass d’Persoun duerno net muss massiv u Liewensqualitéit bezuelen. Dann huet et sech scho gelount”, esou den Dr. Krombach.

Zudeem ass d’Untersuchung net esou schlëmm, wéi een sech dat eventuell virstellt. Normalerweis ginn d’Männer ëm déi 50 Joer vum Hausdokter bei den Urolog an d’Kontroll geschéckt. Virum eigentleche Rendezvous gëtt nach eng Bluttanalyse gemaach, fir de PSA-Wäert ze testen. PSA steet fir e Prostate Specific Antigen, e Protein, deen an den Zelle vun der Prostate gebillt gëtt.

Den Dr. Krombach erkläert weider: “Bei der éischter Untersuchung gëtt et e Gespréich, an deem d’Wäerter vum PSA-Test gekuckt an eventuell Symptomer beschwat ginn. Duerno kënnt eng klinesch Untersuchung, mam Ertaaschte vun der Prostate an engem Ultraschall vum Bauch. Sollt e Verdacht virleien, gëtt och nach en Ultraschall vun der Prostate iwwert den Enddaarm gemaach, well een d’Organer do ganz gutt gesäit.

Natierlech gëtt et méi Agreabeles ewéi eng Untersuchung beim Urolog, mee deen Eenzegen, deen Angscht virun dësem Rendezvous sollt hunn, ass de Prostate-Kriibs.
 

Benevolat am Foyer Dickskopp

“Joffer, kënns de haut spillen?”

D’Nadia Flamini brauch nëmme laanscht de Foyer Dickskopp ze spadséieren, scho kommen d’Kanner aus der Struktur fir Demandeurs de Protection Internationale bei si gelaf. Deen häerzlechen Empfang kënnt net vun ongeféier.

Si ass ee vun de Benevollen, déi bei d’Refugiéeën op Zolwer kommen a flott Aktivitéite fir déi Kleng tëscht 4 an 12 Joer organiséieren. Nach haut schwätzen d’Däbbesse vum Intefëschen op der Terrass virun e puer Méint.
 

„Si setze sech dohinner a kënne sech stonnelaang mat eppes beschäftegen. Et ass eng eenzeg Freed ze gesinn, wéi si sech entwéckelen“, sou déi engagéiert Fra, déi zanter engem Joer dobäi ass an duerch en Depliant vun der Gemeng drop opmierksam gouf. Genee wéi d‘Christiane Kler, déi nom Doud vun hirem Mann op eemol vill Zäit hat.

„An hire Kulturen hëllefen d’Kanner zwar doheem a maache Saachen, mee et gëtt sech net esou mat hinne beschäftegt, wéi mir dat bei eis gewinnt sinn. D‘Aktivitéite sinn dofir immens wichteg“, sou déi fréier Enseignante, déi duerch hir Enkelen Übung dran huet.
 

Et gëtt gebastelt, gespillt an och einfach matenee geschwat. Dënschdes an donneschdes waarden d’Kanner heiansdo schonn iwwert eng Stonn virum Rendezvous virun der Dier vum Aktivitéitssall, well si et net erwaarde kënnen. D’Carmen Leardini fënnt, dass een e Schrack op d’Leit duer maache muss.

„Ech hat nach ni virdrun esou eppes gemaach an hu selwer keng Kanner. Ech sinn einfach an d’kaalt Waasser gesprongen an hunn nëmme positiv Erfarunge gemaach“, sou d’Pensionärin, déi sech direkt nach emol fir ee Joer engagéiert huet.
 

An et ginn nach weider Fräiwëlleger gebraucht, déi am Foyer Dickskopp eng Hand mat upaken. Dozou gehéiert zum Beispill och d’Hausaufgabenhëllef fir de Fondamental. D’Ludmila Silverio vun der Croix-Rouge, déi sech ëm de Benevolat an der Struktur vum Office Luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration këmmert, präziséiert, dass och Leit gesicht ginn, déi den Erwuessenen individuell Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen an am Franséische kënne ginn, souwéi Informatikscoursen.

Am Beschten ass et, Kontakt opzehuele fir ze kucken, wéi ee sech am Déngscht vun der Saach kann abréngen. An der Rue Dickskopp ass Integratioun keen eidelt Verspriechen.
 

Tel.: 2755 – 5397
E-Mail: ludmila.silverio@croix-rouge.lu
 
Hei fannt dir de Questionnaire fir auszefëllen an zeréck ze schécken, wann Dir Iech umelle wëllt
 
 

Concours “Pimp my Bushaischen”

Och dëst Joer hounge fir d’Rentrée Affichen an ausgewielte Bushaisercher vun eisen Uertschaften, déi vu Leit aus der Gemeng entworf a realiséiert goufen. E Jury vun der Gemeng an de Public, per Facebook-Sondage, hunn déi schéinst Affichen e Méinden, 16. September ëm 17.00 Auer um Scheierhaff priméiert, dorënner déi vum Foyer Zolwer Kannerbuerg a vun der Maison Relais Roudewee.

Bei der Zeremonie huet de Mobilitéitsschäffe Marco Goelhausen den Artiste Merci fir hiren Engagement gesot, an de Schäfferot vun der Gemeng Suessem huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir en Deel vun der Rue Jean Anen anzeweien, deen iwwert de Summer mat engem Reeboumuster a Faarfpunkten eng nei Nues krut. De Buergermeeschter Georges Engel huet ënnerstrach, dass dës exzeptionell Mesure fir d’Verkéiersberouegung e ganz positiven Echo an der Bevëlkerung ervirgeruff hätt, an dass dëse Schratt aner Gemenge motivéiert hätt, op de selwechte Wee ze goen.
 

Graffiti am Sënn vun der Inclusioun

Dës Woch ass nomëttes en intergenerationelle Workshop beim KUSS um Scheierhaff. D’Kanner vun de Vakanznomëtteger an d’Awunner aus dem CIPA Residence Op der Waassertrap schafe mat de Street-Artiste Raphael Gindt an Daniel Lloyd Konschtwierker op OSB-Placken, déi duerno d’Balkone vum Foyer Dickskopp zu Zolwer verschéineren.
 







Communiqué fir d’Visiteure vum Bieleser Gaalgebierg

Léif alleguerten,

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem deelt de Visiteure vum Bieleser Gaalgebierg mat, dass et an der Lescht leider ëmmer méi zu Verstéiss géint oder esouguer kompletter Ignoranz vis-à-vis vun de bestoende Reglementer um Gaalgebierg komm ass.

Dobäi kënnt, dass d’Verhale vun eenzelne Visiteuren, trotz reegelméissegen Uweisunge vun eise kommunalen Agenten, einfach net méi z’akzeptéieren ass.

De Schäfferot wëll an dësem Zesummenhang drun erënneren, dass all Zort vu Musek, virun allem mat Verstäerker oder Lautsprecheren, um Site streng verbueden ass.

Dat selwecht Verbuet gëllt fir d’Matbréngen an d’Installéiere vun elektresche Gruppen.

D’Grillen ass nëmmen an den dofir markéierte Beräicher erlaabt. D’Äsche mussen dono an déi speziell dofir virgesinne Backe geheit ginn. Wat privat Griller betrëfft, sou mussen déi mindestens 30cm vum Buedem ewech sinn.

Mam Verweis op de gesonde Mënscheverstand ass jidderee gebieden, d’Toiletten um Site ze benotzen.

Fir d’ Visiteuren a virun allem och d’Awunner an der Ëmgéigend net riicht virun ze stéieren, huet de Schäfferot entscheet, fir keng net autoriséiert an exzessiv Fester um Gaalgebierg méi zouzeloossen.

Als Konsequenz vun dëser Decisioun suergt de Schäfferot an enker Zesummenaarbecht mat der Police Grand-Ducale dofir, dass vum 26. Juli 2019 u verstäerkt Kontrolle gemaach ginn.

Flyer Respect Gaalgebierg