Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Expo

Fräiloftausstellung „Eng Zäitrees“

De Patrick Brandenburger, Joergang 1979, huet seng Kandheet a Jugend zu Éilereng verbruecht a wunnt zanterhier an der Gemeng. Schonn zu Schoulzäiten huet d’Fotografie hie faszinéiert. Deemools huet alles mat enger klassescher Filmkamera ugefaangen. Seng Léier als Fotograf konnt hie beim Jos Glauden zu Déifferdeng absolvéieren. A senger Karriär konnt hien tëscht 2014 a 2019 ewell 3 Ausstellungen am Kulturschapp Éilereng realiséieren. Theeme waren Art Catching, Namibia a Schottland.
 
Seng nei Ausstellung „Eng Zäitrees“, déi bis den 1. Oktober 2024 ka bewonnert ginn, soll vermëttelen, dass Fotografie esou ofwiesslungsräich wéi d’Geschicht ka sinn. Mat senge Biller stellt hien eis verschidde Genren an der Fotografie vir, vu Portrait iwwer Sport, Eventer, Concerte bis zum Lightpainting. Virun allem fiert de Patrick ganz nom Motto vum Krichsfotograf Robert Capa (1913-1954): „Ass deng Foto net gutt genuch, waars du net no genuch drun“.
 
Vernissage den Donneschdeg, 11. Juli 2024 ëm 18.30 Auer
(Entrée via d’Rue de Niederkorn)
 
 

 
 

11/07/2024 18.30 - 01/10/2024 0.00
Adress: Park Backes (Sanem)
Kontaktéiert den Organisateur

Commission de la Culture de la Commune de Sanem

Kontaktéiert den Organisateur

Commission de la Culture de la Commune de Sanem