Pensioun … an elo?
Dee Moment, op deen ee sech laang gefreet huet, ass endlech do – an et ass alles aanescht. D’Pensioun kann eng schéin nei Etapp am Liewe bedeiten, mee et kann och alles aanescht kommen: D’Routine fällt fort, d’Kolleege vun der Aarbecht gesäit ee manner an et mécht ee sech op d’Sich no engem neie Sënn am Liewen.
Dëst neit Kapitel vum aktive Beruffsliewen a Richtung Pensioun ka virbereed ginn, wann ee sech mat Zäit domat ausernee setzt: Wat kënnt op mech duer? Wéi bereeden ech mech vir? Wéi kann ech dat Bescht eraushuelen? An deem Kontext organiséiert d’Gemeng Suessem an d’Seniorekommissioun ee gratis Informatiouns- a Coachingowend zesumme mam sougenannte Pensiounscoach vum GERO, dem Kompetenzzenter fir den Alter.
Wéini? En Dënschdeg, den 12. November 2024 um 18.00 Auer
Wou? A Gadder zu Bieles
Op Lëtzebuergesch & franséisch Iwwersetzung op der Plaz. Umeldung fir de Coaching iwwert nathalie.barthel@suessem.lu oder um Telefon 59 30 75 – 609 (nëmme moies) bis den 08. November 2024.