Concert
Galaconcert Zolwer Musek
Sou wéi d’Traditioun et wëll, invitéiert d’Zolwer Musek Iech den 30. Abrëll op hire Galaconcert.
Den Dirigent, Claude Origer, huet fir dësen Owend alt erëm ee flotten, ofwiesslungsräichen, usprochsvolle Programm virbereet, bei deem de Publikum nees an de volle Genoss vun der Harmonieorchesterliteratur ka kommen. Solist ass de Klarinettist Thierry Majerus.
Mir freeën eis, musikalesch mat Iech an den 1. Mee eranzefeieren!
Adress: Artikuss (Soleuvre)
Kontaktéiert den Organisateur
Kontaktéiert den Organisateur