Concert Orange
“Orange is the new black” ass net just den Titel vun enger Netflix-Serie, mee kéint och den Titel vun dësem Concert vun der Zolwer Musek sinn. D’Concerts-Rei zum Thema “Faarwen”, déi 2016 mat der Faarf “Schwaarz” ugefaangen huet, ass mëttlerweil eng fest Traditioun am Oktober.
Fir awer elo net Äppel an Orangen ze vergläichen, hei méi Informatiounen zu dësem Frëndschafts-Concert, Freides, de 25. Oktober um 20:00 am Artikuss. Invitéiert hu mir dëst Joer den Unisson Orchestra Aubange-Halanzy, ënnert der Direktioun vum Alain Crepin, fir eng Hallschent vum Concert ze spillen, an eis sécherlech dat ze bestätegen, wat och schonn de Frank Sinatra sot: “Orange is the happiest Color!”
Fir méi Informatiounen, besicht eis op eiser Facebook-Säit oder op www.harmoniedesoleuvre.lu !