Schäff·innerot ënnerwee
Mam Schäff·innerot am direkte Gespréich. Kommt an diskutéiert mat!
E Mëttwoch, de 24. Abrëll 2024 ëm 19.00 Auer am Festsall vun der Gemeng zu Bieles.
Mir sti Ried an Äntwert. Gitt gewuer, wéi Är Uertschaft sech an Zukunft entwéckelt an entdeckt nei Projeten. Dir hutt spezifesch Froen zu Ärer Uertschaft? Schéckt eis dës wgl. am Viraus op mail@suessem.lu.
D’Presentatioun ass op Lëtzebuergesch. Falls eng franséisch oder englesch Iwwersetzung gewënscht ass, kontaktéiert eisen zoustännege Service via Mail op service.rpc@suessem.lu (Delai: spéitstens 72 Stonne virdrun).