“Benevole sinn heescht seng Zäit ze ginn, fir eng Saach ze ënnerstëtzen an aneren ze hëllefen. Et heescht awer och, sech selwer eng Freed ze maachen, Leit mat änleche Wäerter oder Gemeinsamkeeten ze treffen, gutt Momenter ze deelen an eng Aktivitéit ze maachen, déi engem Spaass mécht an déi engem um Häerz läit.”
D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt de Benevolat an encouragéiert den Echange tëscht Veräiner a Fräiwëllegen. D’Zesummenaarbecht mat der Agence du Benevolat steet op e puer Pilieren. Et geet drëms:
- de Benevolat bei den Awunner·innen ze fërderen
- d’Visibilitéit vun den Associatiounen ënnert de Fräiwëlleger ze erhéijen
- d’Associatioune mat Formatiounen iwwer d’Gestioun vum Benevolat ze ënnerstëtzen
Säit iwwer d’Gemeng Suessem
Wéi kann ech als Benevole dovunner profitéieren?
D’Associatioune proposéieren eng Hellewull Aktivitéiten a Projeten, déi ënnerstëtzenswäert sinn. D’Agence du Bénévolat hëlleft, dat passend Engagement fir iech ze fannen, op Basis vun ären Interessien, Talenter an der Zäit, déi dir iech wëllt dofir huelen. Si bidden Hëllef duerch:
- Orientatioun an ärem Benevolat (digital Sich-Plattform fir déi passend Missiounen ze fannen)
- Informatiounen iwwert de Benevolat, vun der Sich bis zur Promotioun vun ärem Engagement
- Duerstellung vun den Initiativen an Associatiounen no bei iech
- Formatiounen an de Soft-Skills vum Benevolat (op Ufro)
Wéi kënnen Associatiounen dovunner profitéieren?
Zënter 2002 huet d’Agence du Bénévolat d’Zil, de fräiwëllegen Engagement zu Lëtzebuerg ze fërderen an ze entwéckelen, andeems e fräiwëllegt Engagement encouragéiert an erliichtert gëtt duerch:
- Hierstelle vu Kontakter mat méigleche Fräiwëllegen (digital Plattform fir är Missiounen a Projeten ze publizéieren)
- Inspiratioun duerch Initiativen a Projete vun aneren engagéierten Acteur·innen
- Informéieren iwwer de Benevolat an d’Neiegkeeten aus dem Veräinsliewen
- Formatiounen zur Grënnung vun enger Associatioun wéi och zur Gestioun vun enger ASBL an dem Benevolat
Engagéiert iech als Benevole
Registréiert är Associatioun
Dir hutt Loscht, iech am Foyer Dickskopp zu Zolwer am Benevolat ze engagéieren?
Da mellt iech elo u mam Formulaire, deen dir ënnen op dëser Säit fannt. Besonnesch d’Hausaufgabenhëllef fir d’Kanner aus dem Fondamental sou wéi och individuell Sproochecoursë fir déi Erwuessen an Informatikscoursë sti ganz uewen op der Prioritéitelëscht.
Dir kënnt och direkt Kontakt ophuele mam Ludmila Silverio vun der Croix-Rouge, déi sech op der Plaz ëm d’Koordinatioun këmmert.
Tel.: 2755-5397
E-Mail: ludmila.silverio@croix-rouge.lu