Nuit du Sport
D’Gemeng Suessem huet op en Neits bei der Nuit du Sport matgemaach, op Initiativ vum Service National de la Jeunesse a vum Sportsministère, a Kollaboratioun mam Gesondheetsministère am Kontext vum Konzept “Gesond iessen, méi beweegen”. De Samschden, 8. Juni 2019 war tëscht 17.00 an 22.00 Auer eng méi lass am a ronderëm de KUSS um Scheierhaff.
D’Participante konnte verschidde Sportsdisziplinnen testen a kruten allgemeng Loscht op physesch Aktivitéite gemaach, bei gratis Entrée. Mat dobäi waren: Basketball, Darts, Dëschtennis, FootGolf, Karate, Dauchen, Klammen (Redrock Climbingcenter), Fussball-Darts, Human Bowling, Rodeo-Fësch, an donieft nach Demonstratioune wéi Sëtzdanz an “Moving Forward”. Musikalesch Performance vu jonken Talenter am Kader vun “Youth on Stage” hunn de Programm komplettéiert, ënnert hinnen: DJ MAPE, Yungin KAY-CEE, LBV Schoulband, Charel Rossi, Chaild, Road To Zion.
D’Gemeng Suessem gëtt Iech elo scho Rendezvous fir d’Editioun 2020!