Recette communale
D’Missioun vun dësem Service an d’Aufgaben an d’Responsabilitéit vun der Gemengereceveuse sinn am Gemengegesetz vun 1988 definéiert.
Déi Haaptaufgaben:
Tresorerie
- de Suivi an d’Gestioun vun de Gemengegelder
- d’Gestioun vun de Bankkonten a vun der Gemengekeess
- d’Gestioun an d’Surveillance vun de Keesen, déi et an den eenzele Gemengeservicer ginn
Buchféierung – Clienten
- d’Akasséiere vun de Clientsrechnungen
- de Remboursement vun de Notes de crédit
- de Suivi vun den Delaie fir d’Rechnungen ze bezuelen a vun den Arrangementer (Finanzplang)
- d’Andreiwe vun de net bezuelte Rechnungen
- d’Gestioun vun den Encaissementer iwwer Domiciliatioun
D’Gemengekeess an de Biergerzenter akzeptéieren d’Bezuele vun de Rechnunge mat Boergeld oder mat V-PAY, VISA a MASTERCARD vun 10,- Euro un.
Verschidde Rechnungen (ewéi Gemengentaxen) kënnen iwwer Payconiq bezuelt ginn.
D’Cliente si gebiede sech direkt un d’Servicer Facturatioun (fir d’Gemengentaxen), Chèques-Service (fir d’Rechnunge vun der Maison relais) oder CIPA (fir d’Rechnunge vum CIPA) z’adresséieren, wann si wëllen hir Rechnungen iwwer e Mandat de domiciliation bezuelen.
Déi Clienten, déi hir Rechnungen net kënnen an den Delaie bezuelen, si gebiede sech mat der Gemengereceveuse a Verbindung ze setze fir en Arrangement (Finanzplang) ze fannen, fir zousätzlech Onkäschten ze vermeiden (Dierwiechter, Scholdzënsen, …).
Buchféierung – Fournisseuren
- d’Ausbezuele vun de Rechnungen un d’Fournisseure vun der Gemeng, wann se bis vum Schäfferot, ënnert deene vum Gemengegesetz virgeschriwwene Konditiounen a Formen, ordonéiert gi sinn.