Divers
Suessemer Marche Gourmande
D’Suessem Guiden a Scouten Ste Catherine an d’Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten invitéieren de 15. Juni 2025 op hier 14. Marche Gourmande zu Suessem a ronderëm.
Et erwaart iech e Parcours vun 11,5 Kilometer mat 7 gastronomesche Pausen. Mir ginn ons Rendez-Vous beim Hall Polyvalent zu Suessem. Den éischten Depart ass ëm 10 Auer, de leschten Depart ëm 13 Auer.
Mëllt iech un iwwer den Telefon 621 142 721 oder iwwer maacked@pt.lu.
Erwuessener 55€, Kanner (6-16 Joer) 25€, Kanner (< 6 Joer) gratis.
Adress: Hall Polyvalent Sanem
Kontaktéiert den Organisateur
Kontaktéiert den Organisateur