Benevolat an Zesummeliewen
Huelt un eisem éischten thematesche Brunch deel, bei deem all d’Associatiounen a Matbierger·innen aus der Gemeng invitéiert sinn.
Léiert d’Plattform vum Benevolat kennen, diskutéiert zu den Theeme vum Benevolat an de Rencontres interculturelles / intergénérationnelles mat an tauscht är Meenungen aus op dësem Bierger·innenatelier am Kader vum Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen.
Et gëtt Iessen a Gedrénks, a fir Kanneranimatioun ass och gesuergt.
Mellt iech bis de Freideg, 18. Abrëll 2025 gratis per Mail un an deelt eis mat, ob dir eng Iwwersetzung op Franséisch oder Englesch braucht: service.secd@suessem.lu