Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
Formation

Cours fir Gediechtnestraining

Wat wollt ech aus dem Frigo huelen? Wéi ee Passwuert hunn ech op där Plattform scho méi? A firwat kann ech mech net méi un déi Persoun hiren Numm erënneren?
 
Heiansdo versti mer net, wisou e Gedanken, deen elo just nach do war, schonn nees fort ass. Deem kënne mir awer entgéint wierken andeem mir eis d’Gehier trainéieren. Jo, dat ass méiglech.
 
Alles, wat Dir dozou wësse sollt, gitt Dir an der 2. Editioun vun eise Course fir Gediechtnestraining gewuer. Um Programm sti praktesch Übungen, déi eis Perceptioun, Konzentratioun a logescht Denke fërderen. Insgesamt sinn et 9 Seancen fir 30 €. Hei d’Datumer vum Cours:
 
– 30. Januar
– 6. Februar
– 13. Februar
– 27. Februar
– 6. Mäerz
– 13. Mäerz
– 20. Mäerz
– 27. Mäerz
– 3. Abrëll
 
De Cours gëtt op der Gemeng zu Bieles um 1. Stack am Comitéssall ofgehalen. Material kritt dir sur place.
 
D’Plaze si limitéiert, déi éischt si vir. D’Umeldung ass obligatoresch a kann iwwer senior.plus@suessem.lu oder um 59 30 75 – 631 gemaach ginn.
 

30/01/2025 10.00 - 11.00
Adress: 60, rue de la Poste, L-4477 Belvaux
Kontaktéiert den Organisateur

Service Senior+

Tel.: +352 59 30 75 - 631
Kontaktéiert den Organisateur

Service Senior+

Tel.: +352 59 30 75 - 631