Liesung a Konferenz „Mein Vater“
„Mein Vater – Verurteilter Kinderschänder und Frauenschläger“
Eng Liesung vun der Dr. Mary Faltz mat uschléissender Table ronde.
Nom Doud vun hirer Mamm wollt d’Mary erausfannen a verstoen, wat geschitt war. Si huet bei hirer Recherche duerch 30 Joer Archive Saachen entdeckt, mat deenen si net gerechent hat.
Dëst Buch weist eng Realitéit, déi leider fir vill Leit der Wierklechkeet entsprécht. Egal ob psychologesch, physesch oder sexuell Gewalt: „Mein Vater“ stellt d’Fro, wisou joerzéngtelaang keen op déi offensichtlech Zeeche vu Gewalt reagéiert huet. Et ass en Ustouss, fir gesellschaftlech Kategorien als Chancen ze begräifen an net als Zeeche vu Schwächt a Versoen. Am allerwichtegsten awer mécht et Mutt, de Status Quo an enger dacks blanner a selbstsüchteger Gesellschaft ze hannerfroen.
D’Dr. Mary Faltz ass eng klinesch Fuerscherin an approbéiert Apdiktesch. Si ass dat zweet vu sechs Kanner an hirer Famill, an huet 16 Joer laang sexuelle Mëssbrauch erlieft.
Mat franséischer Simultaniwwersetzung.
Un der Table ronde huelen Deel:
– Fabienne Becker (Assistante sociale) – Service LOG-in (Liewen Ouni Gewalt)
– Flavia Gualdino (Psychologin) – ALTERNATIVES Fondation ProFamilia
– Martine Schaul (Médecin légiste) – Service UMEDO
Foto: Romain Gamba