Mérite culturel
Den Dënschdeg, 17. Dezember 2024 haten de Schäff·innerot an d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem op de Mérite culturel an den Artikuss invitéiert.
Deen Owend goufen traditionell zwee Kënschtler·innen ausgezeechent: De Mérite culturel goung un de Filmregisseur an Dréibuchauteur Christophe Wagner, de Prix d‘encouragement culturel un d‘Bünenduerstellerin a Singer-Songwriterin Esther Conter. D’Laudatio fir de Christophe Wagner gouf vum Alex Reuter vun der Kulturkommissioun gehalen. Hie gouf 2012 selwer mam Präis ausgezeechent. D’Laudatio fir d’Esther Conter koum vu senger gudder Frëndin, dem Salima Ben Guigui. D’Präisser si vun der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz a vum President vun der Kulturkommissioun Yves Dahm iwwerreecht ginn.
De Christophe Wagner kann op eng ganz Partie Erfolleger zeréckkucken. Ënnert anerem ass hie fir d’Succèse vun de Serië Comeback (2012) a Capitani (2019), a fir d’Filmer Doudege Wénkel (2012) an Eng nei Zäit (2015) responsabel. D’Esther Conter ass ausgebilte Musicalduerstellerin, ass national wéi international ënnerwee a wunnt zu Bieles. D’Esther ass och als Gesangspädagogin aktiv an huet 2024 hir éischt EP mam Numm Flow mat 5 Songs erausbruecht.
Musikalesch gouf den Owend vum André Mergenthaler encadréiert.
Fotoen: Jessie Lang