13/12/2024
Um Lafende mam WhatsApp-Kanal
Sidd ëmmer séier informéiert iwwert alles, wat an der Gemeng lass ass, andeem dir de WhatsApp-Kanal vun der Gemeng Suessem abonnéiert.
D’Umeldung ass ganz einfach. Klickt op dëse Link fir bei de Kanal ze kommen. Klickt am Kanal riets uewe FOLLOW, an aktivéiert dann duerno op der selwechter Plaz d’Schell, fir dass dir bei neie Messagë Bescheed gesot kritt.
WhatsApp-Kanäl sinn e bësse verstoppt an der App. Klickt ënnen am Haaptmenu vu WhatsApp op d’Rubrik UPDATES, fir bei d’Lëscht vu Kanäl ze kommen, wou och d’Gemeng Suessem ze fannen ass.