Rechter a Flichte vu Pappe bei Trennung
„D’Pappe vun haut sinn net d’Pappe vu gëschter.“ Dat war eng Feststellung de 26. November 2024 op der Table ronde „Papp à la Papp“ A Gadder zu Bieles am Kader vum internationale Männerdag. Hautdesdaags sinn d’Pappe méi present am Alldag vun de Kanner, wéi dat nach fréier dacks de Fall war. D‘Zil vum Owend war et, Pappen iwwert hir Rechter a Flichten am Fall vun enger Trennung oder Scheedung opzeklären. Och d’Kanner dierfen net ze kuerz kommen.
Lauschtert gären déi integral Table ronde andeems dir heirop klickt.
8 Expert·innen aus verschiddene Beräicher, déi sech ëm d’Trennung oder Scheedung këmmeren, haten der Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun op hir Invitatioun geäntwert, fir de Matbierger·inne Ried an Äntwert ze stoen:
• Me Nathalie Barthélémy, Affekotin
• M. Nico Delpierre, Temoignage aus Siicht vun engem Papp
• Mme Alexandra Huberty, Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht
• Mme Valérie Scuto-Franck, Chargée de direction Service L‘Ambulatoire vun der Fondation Kannerschlass
• M. Charles Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
• M. David Velasquez, Psychotherapeut beim Familljen-Center
• M. Jean Wagner, Consultant bei Infomann
• M. John Weber, Jurist a Mediateur beim Familljen-Center
Interessi vum Kand als Prioritéit
Wann d’Eltere sech net am gudden Trennen, da geschitt et gären, dass d’Wuel vum Kand zur Niewesaach gëtt. De Psychotherapeut vum Familljen-Center David Velasquez huet erkläert, dass vill Elteren an esou Momenter éischter hir Differenzen ausdroen amplaz sech op d’Wuel vun de Kanner ze konzentréieren. Déi fréier Riichterin um Familljegeriicht Alexandra Huberty huet betount, dass d’Eltere méi kooperéiere mussen an d’Entscheedunge fir d’Kand am Prinzip um „Intérêt supérieur de l’enfant“ orientéiert solle sinn.
Zousätzlech huet de Charles Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, drop higewisen, dass d’Kanner d’Recht hunn, fir d’Situatioun ze verstoen: „Kanner wëllen net just informéiert ginn, si musse mat an d’Gespréicher agebonne ginn, wa se al genuch sinn.“ Hien huet betount, wéi essenziell et ass, dass d’Rechter vun de Kanner kloer an einfach verständlech virgestallt solle ginn. Wat vill Kanner net wëssen, ass, dass se d’Méiglechkeet hunn, dem·r Familljeriichter·in e Bréif ze schreiwen. Do kënnt dann och en Affekot fir d’Kand, deen d’Procédure au nom de l’enfant mécht.
Emotiounen a juristesch Prozesser: Eng delikat Kombinatioun
De juristesche Prozess kann eng länger Affär ginn, déi un den Nerven an Emotioune vun de Pappen, mee och vun alle Bedeelegten zerre kann. D’Valérie Scuto-Franck, Assistante d’hygiène sociale bei der Fondatioun Kannerschlass, huet hei d’Komplexitéit ervirgehuewen: „Et gëtt keng einfach Léisung. D’Familljefroen enthalen net nëmme juristesch, mee och emotional a sozial Erausfuerderungen, déi scho virun der Trennung präsent sinn.“ 2 Méint virdrun waren d’Semaines de la santé mentale. Bei Trennung oder Scheedung ass et ni verkéiert, sech psychologesche Bäistand ze huelen. Den Nico Delpierre huet säi perséinlecht Beispill ginn. Hie konnt feststellen, dass, wou hie méi gefestegt mam Scheedungsprozess ëmgoe konnt, dëst och positiv Auswierkungen op säi Kand mat sech bruecht hat. D’Valérie Scuto-Franck huet och hei betount: „Kanner brauchen Elteren, deenen et och gutt geet.“
Et goufen nach weider Theemen ugeschwat, wéi d’Pension alimentaire an d’Autorité parentale conjointe. Et gouf ënnerstrach, dass am Fall vu Reesen oder medezineschen Entscheedungen ëmmer en Accord tëscht den Elteren néideg ass. D·e Riichter·in entscheet nëmmen a leschter Instanz, wann d’Eltere keng gemeinsam Léisung fannen.
Ulafstellen
Hei e puer Informatiounsplazen zum Theema Scheedung an Trennung, an Ulafstelle fir Froen ze stellen oder Hëllef ze kréien (einfach uklicken):
• Informatiounen zum·r Familljeriichter·in
• Fondatioun Kannerschlass mat hirem Service L‘Ambulatoire
• Familljen-Center
• Infomann
• OKAJU, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Sollt dir nach Froen oder Umierkungen hunn, zéckt wannechgelift net iech un eise Service à l’Égalité des chances et Diversité ze wenden: service.secd@suessem.lu