Testphas Zolwer Strooss zu Déifferdeng
An der Zolwer Strooss zu Déifferdeng gëtt e Samschdeg, de 26. Oktober, eng Testphas lancéiert, déi och Repercussiounen op de Verkéier an eiser Gemeng kéint hunn.
Dësen Test soll wichteg Erkenntnisser liwweren, wéi d’Strooss am Kader vu Verkéiersberouegung, Sécherheet, douce Mobilitéit an ëffentlechen Transport an Zukunft amenagéiert a reglementéiert soll ginn.
Wärend der Testphas gi verschidde Mesuren ëmgesat, ënnert anerem gëtt den Transitverkéier iwwert de Contournement geleet. D’Tester sollen den 13. November ofgeschloss sinn. Méi Informatioune ginn et hei.