Elektromobilitéit: Mythen a Märercher
Dësen Theemenowend ass den Ofschloss vum Ëmweltjoer vun der Gemeng Suessem, a wäert sech integral ronderëm d’Elektromobilitéit dréien.
Et ass e Sujet, dee polariséiert. An trotzdeem ass dës Zort Mobilitéit déi nohalteg an zukunftsweisend Aart a Weis, sech fortzebeweegen. Op dësem Owend versiche mir op eng flott an entspaant Manéier mat ville Mythen a Märercher opzeraumen. Mat eisen Invitéeën hu mir dräi Persoune mam passendem Hannergrond versammelt, fir eis duerch den Dschungel vu Feelinformatiounen ze féieren.
De Marvin Rassel ass aus dem Team vu SWIO, enger Entreprise, déi Komplettléisunge fir d’Luedinfrastuktur vu Privaten an Entreprisen ubitt. Hie weess, wéi séier a wéi gutt d’Méiglechkeeten an Zukunft ausgebaut ginn, fir den Elektroauto flexibel a flächendeckend kënnen opzelueden.
Mat engem Hannergrond am Maschinnebau huet de Jeff Mangers 2022 säin Doktorat an der Analys vun End-of-Life Prozesser gemaach. Dofir kann hien eis eng ganz Rei Informatiounen aus dem Beräich vum Recycling ginn a beäntwert d’Fro, wou d’Batterien hierkommen a wou se um Enn vun hirem Zyklus hi ginn.
De Lucien Reger ass zanter den 80er Jore ganz aktiv an den nohaltegen Theemen an huet och scho 6 Joer laang Spaass un der Elektromobilitéit. Als Familljepapp an Entrepreneur huet hie vill länger Trajeten um Bockel a kann aus Erfarung schwätzen, wat et heescht, och wäit Strecke mam Elektrogefier ze meeschteren.
Et gëtt eng franséisch an däitsch Iwwersetzung ugebueden.