Aktiv fir déi psychesch Gesondheet
Um Weltdag vun der mentaler Gesondheet hutt dir eventuell schonn déi gréng Schläif an eiser Gemengereceptioun zu Bieles entdeckt. De Ruban Vert ass d‘Zeeche fir déi mental Gesondheet an dréckt eis Solidaritéit aus fir d’Leit, déi vun enger psychescher Krankheet betraff sinn.
D’Gemeng Suessem ënnerstëtzt d’Ligue Santé Mentale och aktiv. Am Kader vun hirer Challenge fir 500 nei Secourist·inne wärend de Semaines de la santé mentale auszebilden, hëlt eist Personal, wéi och scho bei der leschter Editioun, un der Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet deel. Fir all Participant·inne vun der Formatioun ass och e Kränzche vun der Bäckerei Jos a Jean-Marie bestallt ginn. Hei gëtt en Deel vum Erléis vun der Vente un eng lëtzebuergesch Associatioun gespent, déi sech fir d’psychesch Gesondheet fir Kanner a Jugendlecher asetzt.
Well déi 4. Editioun vun de Semaines de la santé mentale den Accent op Kanner a Jugendlecher setzt, organiséiert d’Gemeng Suessem eng zweet Kéier mat der Psychologin Christina Scherer eng Konferenz, déi den Titel Ech kann net méi! huet. Hei gëtt gekuckt wéi ee Kanner a Jugendlecher an hirer psychescher Hygiène ënnerstëtze kann. D’Konferenz ass de 15. Oktober ëm 19.30 Auer A Gadder (10, Rue de France, 4446 Belvaux), op Lëtzebuergesch mat franséischer Iwwersetzung. Umeldung nach bis de 14. Oktober iwwer service.secd@suessem.lu.
Iwwert d‘Semaines de la santé mentale eraus fënnt och eng Formatioun Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet fir d’Awunner·inne statt, an dat schonn zanter 2021 als éischt Gemeng am Land. Déi zwou järlech Formatioune sinn ëmmer séier ausgebucht. Eng dovun ass am Fréijoer an eng am Hierscht, ëm de Weltdag vun der mentaler Gesondheet (den 10. Oktober). Wann dir interesséiert sidd, och Secourist·in an der mentaler Gesondheet ze ginn, da kuckt géint Mäerz 2025 an är Bréifboîtten.
Zéckt net eis Chargée vum Service à l’Égalité des chances et Diversité, d’Annick Spellini, per Mail op service.secd@suessem.lu oder per Telefon um 59 35 75 654 ze kontaktéieren, wann dir weider Froen hutt.