Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
23/09/2024

Ganzheetleche Gediechtnestraining am Fokus

Jiddereen·t kennt d’Situatioun: Elo just war de Gedanken nach do, a schonn ass e fort! Den 23. September 2024 war am Festsall vun der Gemeng zu Bieles en Info-Owend mam Lëtzebuerger Verein fir Gediechtnistraining, fir gewuer ze ginn, wéi eist Gediechtnes funktionnéiert. Et goufen donieft och praktesch Übungen a Strategie fir besser ze verhale gewisen, well d’Gehier ass wéi e Muskel, deen ee reegelméisseg trainéiere soll. Et goung vu Konzentratioun, logeschem Denken iwwer Denkflexibilitéit a Verhale bis zur Perceptioun.
 
De Bundesverband Gedächtnistraining e.V. entwéckelt op der Basis vu modernster Fuerschung ausgewielten Übungsprogrammer fir spezifesch Gehierleeschtungen ze fërderen, an dës gi permanent weiderentwéckelt. E ganzheetleche Gediechtnestraining bezitt all d’Sënner an déi zwou Gehierhallschente mat an. Et gouf nogewisen, dass d’Duerchbluddung an de Stoffwiessel vum Gehir domat ka verbessert ginn, wat zu enger Steigerung vun der allgemenger Léierfäegkeet féiert. Déi gläichzäiteg Aktivéierung vum ganze Kierper erhéicht dat kierperlecht a geeschtegt Wuelbefannen.
 
Vun Oktober bis Dezember 2024 proposéiert d’Gemeng Suessem och e Cours zum Theema, deen allerdéngs schonn ausgebucht ass. 2025 soll wéinst der grousser Nofro nach een organiséiert ginn.
 
 






 
 

Zréck