Colorissimo
De Samschdeg, 14. September 2024 war Zolwer e Mosaik aus alle Faarwe vun der Welt, bei Geleeënheet vum multikulturelle Fest Colorissimo, dat am KUSS (Scheierhaff) vun der Gemeng Suessem an der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen organiséiert gouf. Mat dëser Manifestatioun soll déi kulturell Diversitéit gefeiert an den Austausch tëscht de verschiddene Communautéiten gefërdert ginn.
De ganzen Dag iwwer haten d’Leit d’Méiglechkeet, verschidde Stänn ze entdecken, déi d’Natiounen aus der ganzer Welt an de Mëttelpunkt geréckelt hunn – eng Invitatioun, op eng kulinaresch an artistesch Rees ze goen. Vun 11.30 Auer u gouf e variéierte Programm ugebueden: international Spezialitéiten, Kachcourse speziell fir Kanner, kreativ Atelieren, Danzspektakelen an nach villes méi.
Fotoen: Max Staus