Cérémonie de souvenir
E Sonndeg, de 14. Juli 2024 hat d’Gemeng Suessem eng beweegend Erënnerungszeremonie um Kierfecht zu Suessem organiséiert. Mat dëser Traditioun gëtt d’Erënnerung un déi dräi franséisch Zaldoten héich gehalen, déi den 10. Mee 1940 um Territoire vun der Gemeng gefall sinn. An der Präsenz vu villen Perséinlechkeeten, dorënner Hir Exzellenz Madame Claire Lignières-Counathe, franséisch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, souwéi verschiddene politesche Vertrieder·inne vun der Gemeng Rédange a vu franséischen an lokalen Associatiounen, huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz an hirer Ried den Accent op déi demokratesch Wäerter geluecht.
Si huet betount, dass et wichteg wier, de jonke Generatiounen d’Erënnerung un déi däischter Perioden aus eiser Geschicht ze vermëttelen, well dës Erzielungen essenziell wiere fir d’Fräiheeten, déi mir haut genéissen, ze verstoen an ze verdeedegen. Si huet och déi rezent Parlamentswalen a Frankräich ernimmt, déi déi demokratesch Resilienz gewisen hätten, mee donieft och d’Noutwennegkeet vum biergerlechen Engagement fir d’Ideale vu Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet ze erhalen. D’Ambassadrice huet sech iwwert d’Präsenz vu Jonke bei der Zeremonie gefreet an d’Gemeng Suessem fir d’Organisatioun vun dëser Gedenkfeier gelueft, déi weise géif, wéi e Stellewäert d’Opschaffe vun der Vergaangenheet an d’Erënnerung bei eis hätt.
D’Néierleeë vun enger Gerbe als Hommage un d’Zaldote war de symbolesche Geste, deen d’Wichtegkeet vun dëser Gedenkfeier ënnerstrach huet.