aktiv! Aktivitéite fir all Alter 2024/2025
Mir sinn houfreg Iech eis Broschür iwwert Weiderbildungscoursen, Sports- a Fräizäitaktivitéite fir d’Rentrée 2024/2025 virzestellen.
Aktiv a mat Liewensfreed duerch d’Liewe goen, wierkt sech positiv op d’Gesondheet aus. Et ass wichteg en Ausgläich ze fannen, fir mental a kierperlech fit ze bleiwen. Dofir hu mir eist Bescht gemaach, fir eis Offer esou villsäiteg wéi méiglech ze halen, fir datt jiddweree vun Iech eppes fënnt, wat ëm zouseet.
D’Inscriptioune ginn de Mëttwoch, 17. Juli, um 08.00 Auer op.
Fir Iech d’Coursen nach méi nozebréngen, fannt Dir hei en Abléck an déi verschidde Coursen:
Entdeckt déi aktuell Broschür 2024/2025
Kuckt eis Videoserie fir op de Goût ze kommen: