Oppent Matgesfeld
D’Sonn war mat um Programm fir e Samschdeg, den 29. Juni 2024 mat eis zesummen d’Oppent Matgesfeld ze feieren. Zur Ernennung zum Safe Space fir jiddereen·t huet d’Matgesfeld sech vu senger beschter Säit gewisen an huet seng ganz Diversitéit zur Schau gestallt. Dëst a Presenz vun der Madamm Ministesch Yuriko Backes vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) an den Associatioune Rosa Lëtzebuerg, Rainbow Center, ITGL a Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes (LEQGF).
D’Nathalie Morgenthaler, Deputéiert a Ressortschäffin fir d’Chancëgläichheet an Diversitéit, huet erkläert: „D’Iddi vun dësem Safe Space ass aus der Iwwerzeegung eraus entstanen, datt all Mënsch eng Plaz verdéngt, wou en sech sécher, respektéiert a wuel fillt. Dat hei ass en éischte fundamentale Schratt an déi richteg Richtung, deen esou vun der Communautéit selwer erwënscht ass. Natierlech soll et ëmmer eist Zil sinn a bleiwen, dass d’ganz Gemeng e Safe Space fir LGBTIQ+ Mënschen ass.“ D’Ministesch Yuriko Backes huet ergänzt: „Natierlech wier et am beschten, direkt sécher Gemengen, respektiv sécher Länner, oder iwwerhaapt eng sécher Welt ze hunn, wou een déi Safe Spacen net méi brauch“.
Wie schonn emol de Wee an d’Matgesfeld fonnt huet, ka sech vun dëser flotter a friddlecher Atmosphär begeeschtere loossen. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet hei och déi richteg Wierder fonnt: „D’Matgesfeld heescht schonn eng grouss biologesch Diversitéit, ma och eng grouss Diversitéit vun der Populatioun bei sech wëllkomm, wéi beispillsweis Schoulklassen, déi Ateliere mat de Kanner hei maachen, oder Leit, déi eng Parzell ënnerhalen, Privatleit a weider Associatiounen, wéi d’Amis de la Fleur an d’Société avicole vu Bieles.“
D’Gäscht kruten nach eng Visitt vum Matgesfeld a goufe vun eisen Hinger an eisen dräi Minischwéngecher Pinky, Minky an Dinky an Empfang geholl. Eis emseg Beie konnten d’Ministesch och vun hirer gudder Aarbecht iwwerzeegen. No enger klenger Verschnaufpaus op der Reeboubänk gouf et nach e Patt bei musikalescher Begleedung vun IRINA.
Fotoen: Max Staus