Opruff: Chargé·e fir Lëtzebuergesch Coursen
Mir sichen no engem·r agreéierte·r Chargé·e fir am Kader vum aktiv! Lëtzebuergesch-Coursen ze ginn. D’Course gi vun September 2024 bis Juni 2025. Insgesamt sinn et 24 Unitéiten, déi ausserhalb vu Schoulvakanzen a Feierdag gehale ginn.
Lass geet et Enn September 2024. D’Course sinn:
- all Méinde vun 18.00 bis 19.30 (Débutant A1.1) a vun 19.30 bis 21.00 Auer (Intermédiaire A2.1),
- all Mëttwoch vun 18.00 bis 19.30 (Débutant A1.1) a vun 19.30 bis 21.00 Auer (Intermédiaire B1.1).
Auerzäiten an Deeg vun de Course kënnen nach ugepasst respektiv beschwat ginn. D’Course ginn am Kulturschapp zu Éilereng (rue Kulturschapp, L-4380 Éilereng) gehalen.
Wann dir déi passend Persoun fir dee Poste sidd, da schéckt är Lettre de motivation mat ärem Diplom op biergerzenter@suessem.lu. Dir kënnt iech fir weider Detailer och um Telefon 593075-1 mellen.