Mérite culturel
De 5. Dezember 2018 goufen e puer Leit aus der Gemeng Suessem am Artikuss speziell geéiert. Déi jonk Molerin a fräischaffend Artistin Sandra Lieners krut de “Prix d’Encouragement culturel”. Hir Konscht, bei där d’Realitéit an dat Abstrakt matenee verschmëlzen, ass vun hire ville Reesen inspiréiert.
De “Mérite Culturel” goung un den André Reichling, dee 25 Joer laang d’Militärmusek geleet an an där Funktioun méi wéi 1200 Concerten dirigéiert huet. Gréisser international Renommée ass dem André Reichling den 3. Januar 2018 zu Deel ginn, wéi seng Kompositioun aus dem Joer 1989 zur offizieller Nato-Hymn deklaréiert ginn ass.
Ee weidere Laureat war de Johny Lackner, dee mam éischte “Prix du Bénévolat” vun der Gemeng Suessem fir seng joerzéngtelaang Aarbecht an der Bieleser Musek ausgezeechent gouf.
Mat senger impressionnanter Foto vum Belval, déi vun elo un op de Gléckwonschkaarte vun der Gemeng ze gesinn ass, huet sech de Christophe Groben als Gewënner vum Foto-Concours “Gemeng Suessem by night” duerch gesat.