Table ronde ‘Success Stories’
Am Virfeld vum Internationalen Dag vun de Fraen am Sport hat d’Gemeng Suessem de Méinden, 22. Januar 2024 ëm 19.00 Auer an de Festsall op Bieles invitéiert.
Lëtzebuerger Athletinnen a Responsabeler hu bei dëser Table ronde ënnert dem Titel Success Stories vun hiren Erfarunge gezielt, den Erausfuerderungen, an och, wéi si d’Chancëgläichheet am Sport erliewen.
Et hu matdiskutéiert:
· Sarah De Nutte, Dëschtennisspillerin
· Christine Mailliet, Ex-Schwëmmerin a Championne
· Claudia Peffer, Gold-Gewënnerin bei de World Games am Basket
· Dan Santos, Trainer vun der Nationalekipp am Fraefussball
· Norma Zambon, Presidentin vun der Volleyballfederatioun
Dat ganzt Gespréich kënnt dir hei nolauschteren (klicken)