Dag vum Bam
De 25. November 2023 war Rendez-vous am Ëmwelt- a Bildungszentrum Matgesfeld, fir déi 32. Editioun vum nationalen Dag vum Bam ze zelebréieren. 30 Uebstbeem an eng Lann goufe queesch duerch de Gaart symbolesch fir déi 201 Bëbeeë geplanzt, déi am Zäitraum tëschent dem 1. September 2022 an dem 31. August 2023 gebuer goufen an an eiser Gemeng wunnen. D’Eltere kruten eng Kréischelplanz als Kaddo fir mat Heem ze huelen.
An Zäite vum Klimawandel ass et ënner anerem wichteg, Beem ze planzen, well d’Geméis am Schied ka wuessen an een esou och nach Waasser spuert. Wéinst dem verännerte Klima ginn hautdesdaags och aner Zorte Beem geplanzt wéi nach virun e puer Joer. Esou stinn ënner anerem e Figebam, an och Aprikosen- a Pijebeem op der Planzlëscht.
D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet an hirer Ried um verreente Samschde Moien op de symbolesche Charakter vum Planzen higewisen, dee fir d’Integratioun géing stoen. Si huet donieft un d’Spréchwuert erënnert, dat seet, dass jiddereen, deen e Bam geplanzt huet, ier en eis fir ëmmer verlooss huet, net ëmsoss gelieft huet.
Den Dag virun der Zeremonie goufe vun de Schoulkanner vum Cycle 3.2 vum Här Pascal Raach (Schoul Bieles Post) 210 Heckeplanzen am Matgesfeld geplanzt.