Cérémonie de souvenir
De Sonnden, 16. Juli 2023 war eng Erënnerungszeremonie um Suessemer Kierfecht, fir den dräi franséischen Zaldoten ze gedenken, déi den 10. Mee 1940 um Territoire vun der Gemeng ëmkomm sinn. Zesumme mat de politesche Vertrieder vun der Gemeng Rédange hunn déi Responsabel vun der Gemeng Suessem eng Gerbe néiergeluecht, fir d’Bedeitung vun dëser Journée française ze ënnersträichen.