Commémoration nationale
D’Bedeitung vun der Journée nationale de la commémoration, engem alljärleche Rendez-vous, gouf um Freiden, 13. Oktober 2023 beim Monument aux morts zu Éilereng um Kierfecht ënnerstrach. Mat enger Ried vun der Schäffin Nathalie Morgenthaler an dem Néierleeë vun enger Gerbe, gouf sämtleche Krichsaffer wärend der Nazi-Occupatioun tëschent 1940 an 1945 geduecht, an un d’Lutte vum Lëtzebuerger Vollek erënnert, déi och vun de Generatiounen duerno net soll vergiess ginn.
A Präsenz vum Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Suessem, an och Vertrieder·inne vu Veräiner an de Pompjeeën, souwéi enger Parti Invitéen, huet d’Éilerenger Musek d’Sonnerie aux morts an d’Nationalhymn gespillt, als feierlechen Ofschloss vun der Gedenkzeremonie.