Skulptur Cyclo-Cross Bieles
Méindes, den 08. Oktober 2018, gouf am Park Belval eng Skulptur an Undenken un d’Cyclo-Cross Weltmeeschterschaft Bieles 2017 ageweit.
D’Konschtwierk vun der Sculptrice Yvette Gastauer-Claire ass un d’Gewënnerpose vum Weltmeeschter Wout van Aert ugeleent.
Um Sockel sinn net nëmmen déi verschidde Champione vu Bieles 2017 agravéiert, mee och all d’Plazen ugefouert, wou zu Lëtzebuerg schonns eemol Cyclo-Cross Weltmeeschterschafte statt fonnt hunn.
An deem selwechte Kader huet och d’Suzie Godart, 9x Lëtzebuerger Championne am Cyclo-Cross, hire Vëlo, mat deem si un der WM deel geholl huet, un de Lycée Bel-Val iwwerreescht.