Virowend vun Nationalfeierdag
Traditionelle Rendez-vous um Donneschden, 22. Juni 2023 um KUSS zu Zolwer fir d’Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag. Et war net nëmmen e ganz fuerwegt Fest, mee stoung och am Zeeche vum ekologeschen Engagement. Ënnert dem Label Green Event gouf den Accent op Nohaltegkeet geluecht, an zwar vum Transport iwwer d’Wuer bis bei d’Presentatioun.
Wéi de Cortège géingt 19.45 Auer vun der rue du Knapp aus Richtung KUSS gaangen ass, war de Startschoss fir e flotten Owend gefall. No der offizieller Usprooch vun der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz war et un de Musekgruppen IRINA an Under Pressure, déi de Stëmmungsbarometer wéi gewinnt an d’Luucht katapultéiert hunn. E weideren Highlight vum Owend war d’Drone-Show mat LED-beliichte Maschinnen, déi géingt 23.00 Auer Grouss a Kleng faszinéiert huet. Et gouf bis spéit an d’Nuecht era gefeiert mat CDT Events.
D’Wiederprevisiounen haten am Virfeld net ganz gutt ausgesinn, mee e puer Stonne virum Fest gouf et definitiv Entwarnung, an de Virowend konnt domat festlech a bal ganz drëchen iwwer d’Bün goen.