SAN’UP um KUSS
Matmaache steet am Mëttelpunkt vum SAN’UP, fir alleguer zesummen d’Weiche fir d’Zukunft vun der Gemeng Suessem ze stellen. Den Dënschden, 9. Mee 2023 gouf et an deem Kader um KUSS zu Zolwer vun 10.00 bis 18.00 Auer Atelieren, Spiller an Animatioun – vu Graffiti bis Zumba, vun Zirkus bis Spikeball. De BMX-Fuerer Bijan Kesseler, de Kugelstéisser Bob Bertemes, de Museker Turnup Tun a vill anerer hu fir Stëmmung gesuergt, an et gouf och e Maufel z’iessen.
Iwwert den Dag verdeelt waren och Diskussiounsronnen op der Plaz, bei deenen de Schäfferot, lokal Acteur·rice·n a Perséinlechkeeten zu den dräi groussen Themeberäicher Stellung bezunn hunn an hire Bléck op d’Erausfuerderunge gedeelt hunn.
All Awunner·in ka sech awer och nach online mat abréngen a seng Gewunnechten, Erfarungen a Proposen deelen an de Beräicher Kultur, Sport a Jugend. Dës Questionnairen hëllefen, eis Gemeng vu muer ze gestalten. Deelt se roueg mat äre Bekannten aus der Gemeng.
Dir fannt se op www.sanup.lu/lu .