Dësen Zerwiss bitt iwwerschëlten Awunner·innen aus der Gemeng Suessem an all anere Persounen, déi en direkte Bezuch zu der Gemeng hunn, Hëllef un.
De Gestionnaire mécht – wa gewënscht – eng genau Analyse vum Client senger finanzieller Situatioun an zesumme gëtt no Léisunge gesicht.
Dëse Service soll deene Persounen offréiert ginn, déi wéinst mëttel oder laangfristege Remboursementer (Prêt, Saisie/Cessioun op Pai, Scholde beim Geriichtsvollzéier) finanziell Schwieregkeeten hunn.
Kontakt:
16, rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Tel.: 593075 – 899
E-Mail: office.social@suessem.lu
Ëffnungszäiten:
Méindes bis freides:
08.00 – 12.00 Auer
13.30 – 16.00 Auer
just op Rendez-vous