D’Gemeng Suessem an EcoTransFaire invitéieren Iech op eng Serie vu 5 Atelieren, vun Enn Oktober bis Mëtt Mäerz, iwwert d’Theemen Naturschutz, Kreeslafwirtschaft a Konsum. Maacht mat a verwandelt äre Grupp oder Famill an eng Gemeinschaft fir e positive Wandel.
D’Workshops wäerten Iech hëllefen:
– Ären Energieverbrauch ze hannerfroen an ze kontrolléieren
– Nei Gesten a Gewunnechten auszeprobéieren
– Den eegenen Impakt ze moossen an ze verstoen
– Kontakt mat anere Familljen ze kréien
1) Samschden 28.10. » Energie (a fir d’Kanner: Atelier fir en Halloween-Kostüm ze maachen) » Matgesfeld
2) Samschden 25.11. » Offall (a fir d’Kanner: Kleeschen-Atelier) » Matgesfeld
3) Samschden 16.12. » Kreeslafwirtschaft (a fir d’Kanner: Atelier fir X-Mas Deko) » Matgesfeld
4) Samschden 27.01. » Waasser (a fir d’Kanner: Lampion bastelen) » Les Serres de Soleuvre
5) Samschden 16.03. » Biodiversitéit an Ernärung (a fir d’Kanner: Kachcours oder Plantatioun) » Les Serres de Soleuvre
D’Aschreiwung ass obligatoresch fir déi ganz Serie vu 5 Atelieren, déi ëmmer moies vun 10.00 bis 12.30 Auer sinn.
D’Participant·e vun den Ateliere kréien e Suivi-Pass a Rotschléi op Mooss, fir am Eegenheem ëmzesetzen. Méi Informatioune kritt dir beim Bernard Lahure a beim Vania Laranjeira vun EcoTransfaire.