Säit dem Joer 2011, ass d’Gemeng Suessem eng zertifiéiert « Fairtrade Gemeng ».
Eng « Fairtrade Gemeng » ënnerstëtzt de fairen Handel an di kleng Produzenten aus de Länner vun der südlecher Hallefkugel.
“Global denken, Lokal handelen”
No dëser Devise dréit eng Fairtrade Gemeng, mat hire Mëttelen, zu enger méi sozialer an ekonomesch méi gerechter Welt bei. Kleng a benodeelegt Produzenten an Afrika, Asien a Latäin Amerika profitéiere vun den Avantage vum fairen Handel a féieren doduerch méi en éierbart Liewen.
Weider Informatioune fann dir um Site vu Fairtrade Lëtzebuerg.
Fairtrade Lëtzebuerg
Fannt hei all d'Informatiounen iwwert Fairtrade Lëtzebuerg