Jean-Claude Juncker: Éierebierger
Feierlechen Ulass leschte Freideg am Artikuss, wou keen aneren ewéi de Jean-Claude Juncker zum Éirebierger vun der Gemeng Suessem genannt ginn ass. Am Kader vun enger perséinlecher Zeremonie sinn d’Riedner op déi sëllege Meritte vum fréiere Premier a President vun der Europäescher Kommissioun agaangen, deen och als Staatsmann seng Bielesser Wuerzelen ni vergiess huet.