Mérite culturel
Donneschdes, den 9. Dezember 2021, haten de Schäfferot an d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem op de mëttlerweil schonn 13. Mérite culturel an den Artikuss invitéiert.
Geéiert goufen op deem Owend zwee Kënschtler, déi op ganz ënnerschiddlech Manéier d’Gemeng Suessem iwwert hir Grenzen eraus vertrieden.
Virum Haaptplat vum Owend, gouf de Flavio Pierotti mam Prix d’encouragement culturel ausgezeechent. Den 21 Joer ale Suessemer ass säit 2007 an der lokaler Harmonie, huet 2019 den 1. Präis an der Perkussioun am Escher Conservatoire gemaach an ass zanter kuerzem ee festen Deel vun der Militärmusek. D’Laudatio gouf vu sengem fréiere Museksproff Serge Kettenmeyer gehalen.
De Mérite culturel goung dono un de Schauspiller, Dramaturg, Historiker an Editeur Marc Limpach. De 46 Joer ale Jurist huet seng ganz Jugend zu Zolwer verbruecht, éier et hien dono fir Studium, Schauspill a Beruff an déi ganz Welt verschloen huet. A senger impressionnanter Laudatio ass de Claude D. Conter net op de Marc Limpach als Privatpersoun agaangen, an huet och just kuerz seng schauspilleresch Meritten thematiséiert.
Vill éischter huet hien iwwert dem Marc Limpach seng sëllegen Texter, Bicher an Aufsätz geschwat an dobäi d’Bild vun engem “kënschtlereschen Intellektuellen” gezeechent, “deen a sengem Denken an Handelen d’Fräiheet am Esprit vun der Fraternité an am Sënn vun engem sozialisteschen Humanismus reflektéiert a lieft”.
Fir dee musikaleschen Encadrement huet mam Georges Urwald een aner laangjärege Weebegleeder vum Marc Limpach gesuergt.