Éischt inklusiv Spillplaz an der Gemeng
Pénktlech fir d‘Vakanz ass déi éischt inklusiv Spillbuerg an der Gemeng fäerdeggestallt ginn.
Am Kader vum Projet Sport a Fräizäit fir Jiddwereen ass am Park Um Belval eng Spillbuerg mat villen taktillen Elementer installéiert ginn, déi net nëmme rollstullgerecht ass, mee déi ënnert anerem sou kontrasträich gestalt ass, dass och Kanner déi net gutt gesinn, kënne vun der Buerg profitéieren.
Dës Spillplaz, déi idealerweis direkt niewent dem Kannercampus an dem CDI (Centre pour le développement intellectuel, fréier EDIFF) läit, erlaabt et alle Kanner, onofhängeg vun hire kierperleche Kapazitéiten, sech ze begéinen an zesummen ze spillen.